Gutt gebrëllt Leiwen !

D’Lëtzebuerger Nationalequip hëllt zum Ofschloss vun der Weltmeeschterschafts-Qualifikatiounskompagne e wéidere Punkt beim 1-1 doheem géint Bulgarien.

fokuséiert vun Ufank un

Fir den 10 a läschte Qualimatch huet de Luc Holtz en klassëschen 4-4-2 aus sengem Tirang geholl. Vrum Joubert stounge Jans, Philipps, Malget a Jänisch, am Mëttelfeld de Gerson Rodrigues op riets, de Skenderovic an den Kiki Martins am Zentrum an den Oli Thill op lénks. Am Stuerm krutt den Aurélien Joachim Ënnerstetzung vum Dave Turpel.
An et huet net laang gedauert fir ze gesinn datt de Luc Holtz mat senger Opstellung richteg laie géiw well d’Lëtzebuerger direkt präsent waren an d’Spillgeschéihen diktéiert hunn. Ënnert dem Impuls vum Gerson Rodrigues, deen duerch seng kraftvoll Präsenz an säin Enthusiasmus ëmmer nees fir Duercherneen an der bulgarescher Ofwier gesuergt huet, huet et fréi gerabbelt.

Nämlëch schon an der drëtter Minutt huet den Oli Thill ons Fuerwen mat 1-0 a Féierung bruecht.

den Oli Thill freet sech mat sengem Brudder de Vincent. Lo hunn déi dräi Briddee fir Lëtzebuerg getraf.

Esou furiéis wéi ons Léiwen déi éischt Minutten ugefangen hunn ass et dunn och bis zur 45′ wéidergaangen. Et huet een dem Luc Holtz sénge Männer ugesinn dat se hiert desolat Optrieden beim 8-0 géint Schweden nees gutt maache wollten. Léider konnte mir wéider gutt Chancen (Turpel, O.Thill,Joachim) net era maachen an d’Bulgare konnte frou sinn mat nëmmen engem 1-0 Réckstand an d’Paus ze goen…

Laurent Jans vs Ivelin Popov. De Retour vum Éislecker huet der Equip immens gutt gedoen.

An den zweeten 45 Minutten hunn d’Bulgaren op ee Mol de Fouss op de Ball gesatt an hunn d’Geschéihen dominéiert. Lëtzebuerg huet sech zréck gezunn an op Konterchance gelauert. An der 67′ konnten d’Gäscht ausgläichen, den Chochev stoung bei enger Flank vu riets ganz aleng um zweete Poteau an konnt ouni Problem erakäppen. D’Gäscht hu nach wéider gedréckt mä konnten nëmme ganz seele geféierlech Chance eraus spillen.

Insgesamt kann ee mam 1-1 zefridde sinn well et e gerecht Gläichspill war. De Lëtzebuerger Nationalspiller kann e vir déi éischt Halschent nëmmen gratuléieren. Gutt gebrëllt Léiwen !

M-Block on fire ! Wiesselgesäng mat de Compadres Tridefa, wonnerbar Stëmmung am Josy !

Och op den Tribunen war d’Stëmmung gëschter ausgezeechnet. Et huet e bal net gleewe kënnen dat knapps 3000 Léit am Stadion waren et huet sech oft unhéieren wéi 5 mol méi !

Ons Jongen schléissen dës Kompagne mat gudde 6 Punkten of a iwwerloosen de Wäissrussen déi läschte Platz am Grupp A. Frankräich ass direkt fir d’WM a Russland qualifizéiert, Schweden am Play-off an d’Holläner

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.