Um Donneschden Owend mosst sech ons Nationalequipe géint Ungarn. De Frënndschaftsmatch gëtt um 20:00 am Stade Josy Barthel ugepaff an ass de läschte Match an dësem Kalennerjoer.
Fir de Luc Holtz ass dëse Match nët nëmmen een Ofschloss vun enger zefriddestellender Kompagne mä sécher och en Test fir d‘Nations League 2018.
Wann e weess ween ons potentiel Géigener an der néier Kompetitioun sinn, da waerte mir muer eng offensiv agerichten Formatioun gesinn an domadder den Ufank vun engem néien Zoustand. An der Nations League si mir op eng Kéier nët méi den Underdog mä mir gehéieren an der Liga D zu den Titelfavoriten. Paf ! Wann dat keng Ëmstellung ass !
Den éischten Test an deem Kontext ass awer mat der „Nemzeti Tizenegy“ leider géint e Géigener deen dëse Konditiounen net entgéint kënnt. Dem Georges Leekens seng Equipe ass an der WM-Quali drëtten (mat 13 Punkten) hannert Portugal an der Schwäiz ginn, war 2016 a Frankräich op der EM an huet et knapps net gepackt de Sprong an d‘Liga B vun der Nations League ze maachen. An trotzdem ass lo de Moment d‘Missioun Nations League ze starten.
Et ass och ze hoffen dat ons Nationalequipe vru September 2018 verschidde Frënndschaftsmatcher géint Equipe mécht déi mat ons op Aanhéischt leien oder och e besse méi schlecht an der Weltranglëscht stinn. Onser Federatioun wier unzerodden mol Länner aus aner Kontinentale Federatiounen anzelueden an dem Luc Holtz ze erméiglechen Testmatcher an der Haut vum Favorit ze bestreiden. Op jiddefall wier et flott géint Länner wéi Botswana, St. Vincent and The Grenadines, Indien oder Néi Kaledonien ze spillen well 8 Goaler an 10 Quali-Matcher héieren sech net schlecht un mä dovunner huet den Joachim aleng der 4 geschoss an 3 sinn duerch Standartsituatiounen (Fräistouss an Elefmeter) gefall. Et muss un onsem Ugrëff gefeilt ginn an ons Offensivakteuren musse Selbstvertrauen tanken.
Kommt mir fänke muer domadder un !