The Journey, GR Geschicht

Amateure vum Videospill FIFA vun EA kënnen säit 2 Joer an e Story-Modus erantauchen an sech als « Alex Hunter » zu engem Spiller vun der Extraklass entwéckelen. Den Hunter ass e jonke Shootingstar deen a sengem Premierleague Veräin (dir daerft e wielen) an a sengem Privatliewen verschidde Missiounen ze erfëllen huet bei deenen seng spilleresch a perséinlech Attributen beaflosst ginn.

Kaméidi mam Coach, Stréidereien mam Agent, Familljendramen, Veräinswiessel a Verletzung inklusiv.
Interessant ass och déi charakterléch Entwéckelung déi een dem Hunter verpasse kann. Och wann et ganz basech ass, well e Mënsch hoffentlech e besse méi Facetten huet, kann ee zu engem „Hëtzkapp“, e „coolen“ oder en „ausgeglachenen“ Spiller ginn

A 7 Kapitelen gëllt et sech duerchzesetzen a well et e Videospill ass, kann ee natierlech bei Mësserfolleg bei sengem aktuelle Kapitel frësch ufänken an et kritt e soumat eng néi Chance.

Wier et am Liewen esou einfach, da kéinnt et sinn dat de Gerson Rodrigues sëch scho munchmol gewënscht hätt e Kapitel a sengem Liewen frësch ze starten. An och d’Fans vum frënndléche Nationalspiller géiwe sécher gäeren mol wichtëg „Entscheedungen“ fir hien treffen an him hëllefen säin enormt Potential ze notzen.

Et gouf scho vill iwwert dem Gerson Rodrigues säi Liewe geschriwwen an de meeschte Léit ass bekannt dat hien a senger Jugend, no dräi Joer, aus der Jugendabteilung vum FC Metz geflunn ass. Geflunn ass wahrscheinlech en ze grousst Wuert well de Spiller, deen deemols zesummen mam Maxwell Cornet (haut Olympique Lyonnais) fir Fureur gesuergt huet, gett wéinst schlechten schoulerëschen Resultaten gebieden zréck op Lëtzebuerg ze goën.
Zréck zu Lëtzebuerg ass et och net einfach an de gebiertege Portugies landt no gewësser Zäit zu Dräibuer. Am „Centre Socio-Educatif“, mécht hien e besse Schräinerei, wéi hien dem franséische Magazine Sofoot (//www.sofoot.com/gerson-rodrigues-produit-de-lux-447410.html) gesott huet „Ech misst mol e puer Still gebaut hunn mä datt war net esou mäint..“, fënnt Gefallen um Capoeira mä Fussball bléift seng gréisste Léift a säi gréissten Don.

Vun Dräibuer aus daerf de Gerson Rodrigues beim Swift Hesper trainéieren an no zwee Joer wiesselt hien bei d‘Union Käl-Téiteng an da gett et Schlag op Schlag, RFCUL, Fola an no engem Joer wiesselt hien, dee lo och zum Nationalspiller ginn ass, an dei zweet hollänesch Divisioun bei den Telstar. De Wiessel eweg vun der Fola Esch, huet e fade Bäigeschmach hannerloss. Nodeems de Spiller net mat Zäiten vu senger « Summerpaus » zréck komm ass, gouf hien vun der Doyenne suspendéiert mä fir de Gerson Rodrigues war dat de Startpunkt fir an d‘Ausland ze wiesselen an seng Passioun zur Arbecht ze maachen.
Grad wéi säi Spill um Terrain huet hien och am Liewe keng „Rouh an der Panz“. D‘Supporter apprecieren säi Spill um Terrain wou hien wierklech ëmmer alles gëtt a vu senger Impulsivitéit lieft. Seng „Coups de reins“, säin emotionnalt Optrieden sinn zu sengem Markenzeeche ginn. E Spiller deen géint franséisch Superstaren esou optrëtt wéi wann en an der BGL Ligue oder um Strand geint Kollegen de néisten Trick opféiere wëll gefällt enger grousser Partie vun de Léit.

Léider schéinnen seng spilleresch Qualitéiten awer och am Liewen d’Iwwerhand ze huelen. De Gerson Rodrigues ass onberechenbar. No enger fulminanter Hironn beim Telstar ass hien bei sengem Trainer rezent aus der Faveur gefall. Duerch seng Wiesselwënsch an eng besser Liga, no nëmmen enger halwer Saison, 12 Matcher, 3 Goaler an 1 Virlag huet den Trainer Mike Snoei lo d’Nues voll vum GR. Vru puer Deeg huet hien der Presse gesott datt de Lëtzebuerger doheem bleiwwe a sech e néie Veräin sichen kann.

Wann e Parallelen zu engem aktuelle Weltklassespiller zéihen däerf dann erënnert den 22-jäeregen iergendwei un de Ribéry vu Bayern München. Enormt Talent, spillerësch déi selwescht Qualitéiten (zwar op engem anere Niveau), huet réischt beim däitsche Rekordmeeschter säi « Hafe » fonnt. Duerch eng staark emotionnal Verbannung mam Uli Hoeness huet hien zu senger Spuer fonnt. Dem lëtzebuerger Nationalspiller geif esou eng Bezéihung och gutt doën mä léider hunn déi meescht Akteuren am Fussball net déi selwescht sozial Oder wéi de Bayern Präsident.


Lo komme mir dann op den Alex Hunter zréck.
Am Spill hätt e lo bestëmmt d’Wiel op eng emotional oder rational Reaktioun. Watt hätt dir da gewielt ? Nach Kontrakt beim aktuelle Veräin bis Ënn der Saison, Shootingstar a Liebling vun de Fans, sportléch eng vun de gréissten Iwwerraschungen (aktuell 4t an der Liga). Wat hätt dir gemacht wann et sech hei ëm e Spill gehandelt hätt ? Wat hätt dir als „Berodder“ bewierkt ? U sech wär et egal wëll bei enger falscher Entscheedegung hätt dir duerno de Kapitel frësch starte oder d’Spill nach e mol vun Ufank u spillen kënnen.

Am Liewen gëtt et léider kee Reset a kee Boni. Ons Rakéit huet anschéinend gewielt scho nees an eng aner Welt ze starten. Den Offensivartist wier inoffizielle an net bestätegte (huelse.lu huet de Spiller kontaktéiert) Rumeuren momentan a Spuenien op engem Test beim Real Murcia, drëtt spuenësch Divisioun.

„The Gerson Rodrigues Journey“ geet wéider a mir hoffen vu ganzem Häerzen datt säi Wee hien zu enger erfollegreicher Karriere verhëlleft. Mat der richteger Persoun un der Manette.

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.