D’Joer 2018 start fir d’Nationalekipp mat engem gewonnenen an engem verluerene Match. Zäit fir een éischte Fazit no dësen zwee dach verschiddenen Testmatcher.
The Good
Eng dreckeg Victoire als Favorit: A Malta ass Lëtzebuerg fir d’éischt säit Laangem als déi um Pabeier besser Ekipp an de Match gaang – an huet gewonn. D’Favoritteroll ass eiser Ekipp bei deene läschte Geleenheeten net esou gutt bekomm. Fir engkéier waren et och d’Roud Léiwen, déi mol een “dreckege Gol” an de Schlussminutte geschoss hun, amplaz en ze kasséieren.
Jugend forscht: A béide Matcher loung d’Altersmoyenne vun der Starteelef bei 23-24 Joer. Gerson a Schon waren mat 28 Joer schonn d’Oldies aus dem Team, doniewt waren direkt dräi “Teenieren” mat dobäi. Ee Leandro Barreiro huet bei sengem Debut mat 18 Joer gewissen, dass him d’Zukunft ka gehéieren an och ee Vincent Thill huet am Verglach zu de Matcher virdrun verbessert gewierkt. Dat alles stëmmt een optimistesch fir déi nächst Joeren.
Individuell Qualitéit: D’Zäit vun de Rumpelfussballer ass an der Nationalekipp eriwwer. Déi meescht Spiller aus dem aktuelle sinn technesch wahrscheinlech besser wéi de Groussdeel vun der Nationalekipp vu virun 10-15 Joer. Donieft kënnen Eenzelaktiounen, z.B. vum dribbelstaarken a schnellen Gerson Rodrigues, och mol dozou bäidroen fir ee Match ze debloquéieren oder souguer ze entscheeden.
Duracell-da Mota: Nom Out vu Joubert, Schnell a Co. war den Dan da Mota fir vill Leit den Nächsten um Luc Holtz senger Pensionéierungslëscht. Ma den Dan huet gewissen, dass hien emmer nach wichteg ka sinn fir d’Nationalekipp, och wann hien “nëmmen” an der BGL Ligue spillt. No sengen Awiesslungen heescht et ëmmer ‘Vollgas’, an mat sengem entscheedende Gol op Malta huet hien seng Knipserqualitéiten erem enner Beweis gestellt.
The Bad
Individuell Fehler a Passquote: D’Halschent vun de véirer Géigegoler gëscht géint Eistraich sinn op individuell Feeler hi gefall. Och géint d’Malteser waren zwou haarsträubend Feelpassen vum Géigner – gottseidank! – net ausgenotzt ginn. Esou Konzentratiounsschwächen mussen op den absolute Minimum reduzéiert ginn, well all “bessere” Géigner déi äiskaal ausnotze wäert.
Euphorie fort: Säit engem Joer doheem net verluer, Frankräich a Bulgarien de Bass gehal an Ungarn geklappt: et war schonn eng gewëssen Euphorie entstanen duerch déi gutt Leeschtungen a Resultater zum Enn vum Joer 2017. Leider gouf déi duerch déi zwee läscht Matcher gebremst a Lëtzebuerg ass erem um Buedem vun den Tatsaachen ukomm. Vläit ass dat awer och net esou schlecht fir déi kommend Rendez-Vousen?
3-4-3: ass et nach ze fréi? Den Nationaltrainer ass ee Fan vun der Dräierverteidegung a wëll dese System an Zukunft wuel méi oft asetzen. Fakt ass, dass dat bis elo manner gutt geklappt huet, wéi hien sech dat wuel selwer erhofft hat: géint Malta war Lëtzebuerg wuel déi Ekipp mat méi Ballbesëtz, allerdings waren d’Golgeleenheeten fir d’Roud Léiwen op enger Hand ofzezielen. Doniewt ass d’Feelerufällegkeet vun der Ofwier am Moment ee grousst Risiko. Ass den aktuelle Kader vläit nach net prett fir den neie Wonschsystem? Bedenke muss een allerdings och, dass mam Maxime Chanot fir déi nächst Matcher den Ofwierchef erem do ass. Vläit ass hien – zesumme mam Joachim – dat Stéck, wat dat Ganzt duerno an d’Wo bréngt?
The Ugly
Joachim-Dependency: Am Stuerm féiert momentan leider kee Wee laanscht den Aurélien Joachim. De Profi vum Lierse huet an der Läscht ëmmer erem wéinst klenge Blessure misse passen, an seng Vertrieder konnten hien leider ni gläichwäerteg ersetzen – och, well si aaner Spillertypen sinn wéi den Aurélien. Den Dave Turpel huet et op ganzer zwee Golschëss an annerhalwem Match bruecht, an och den Deville schéngt, trotz Virlag zum 0:1 am Ta’Qali-Stadion, momentan keng Alternativ ze sinn; de Gerson Rodrigues war zwar a béide Matcher een Aktivposten, muss awer och nach u senger Präzisioun am Ofschloss schaffen. Dobäi kënnt, dass de Joachim mat 31 Joer och esou lues un d’Enn vu senger Karriär kënnt, an et aktuell och keen Talent sëch wierklech opdrängt, fir mëttelfristeg säin Nofolger ze ginn. Ee gréissere Chantier fir déi nächst Joeren !
“Kaderläichen”: Eng ganz Rei jonk Spiller gehéiere scho länger zum Stamm vum Nationalkader, kréien awer kaum bis guer net ze spillen, beispillsweis Ostrowski, Hall, Veiga, Bohnert, Muratovic oder Czekanowicz. Den Trainer wäert sëcherlech seng gutt Grënn hunn – trotzdem wier et an de Frëndschaftsmatcher vläit déi eng oder aaner Geleenheet ginn, fir de Jongen eng Chance ze ginn. Et kann een sëch och d’Fro stellen, ob si net vläit souguer besser bei der U21 géife matspillen, amplaz bei der A-Ekipp d’Bänk ze drécken.
D’Favoritteroll: Eppes, wat “mir” natirlech nach léiere mussen, ass den Emgang mat der Roll als Favorit. Aktuell läit et eis besser, ze konteren, wéi selwer d’Spill mussen ze maachen. Dat huet een och op Malta gesinn, wou d’FLF-Selectioun zwar méi Ballbesëtz hat, dofir awer wéineg Golchancen erausgespillt huet. Um Trainerstaff ass et, fir d’Ekipp an Zukunft nach besser op esou Situatiounen anzestellen, fir dass d’Missioun Nations League den erhofften Erfolleg bréngt.
Ausbléck
Gutt zwee Méint bleiwen elo Zäit bis zum nächste Rendez-Vous: den 31. Mee kënnt de WM-Teilnehmer Senegal op Besuch, e puer Deeg méi spéit steet géint Georgien de läschten Test virun der Summerpaus un.