Zréck zu de Wuerzelen !

Den Aurélien Joachim wiesselt bei den ambitionnéierte Royal Excelsior Virton.
De Lëtzebuerger Nationalspiller wiesselt domadder nët nëmmen an d’D1 Amateur (drëtt Divisioun) mä och zréck bei de Veräin wou hien seng éischt Schrëtt am Seniorsberäich gemeet huet (2004/05) an och nach an déi Stadt wou e gebuer ass.

Och wann de Wiessel op éischtem Bléck no engem Réckschratt kann ausgesinn, beim Royal Exelsior huet ee grouss Erwaardungen fir d’Zukunft.

No finanzielle Problemer huet de Veräin aus der Province du Luxembourg mam Flavio Becca ( F91) een néien Investor fonnt, deen dofir gesuergt huet dat « Les Gaumais » hir Lizens behale a lo kräfteg a néi Spiller investéiere kënnen.

Nieft dem Aurélien Joachim spille mam Dwayn Holter, Loris Tinelli a mam Lucas Prudhomme also véier Lëtzebuerger beim Veräin deen den Thomas Meunier ervirbruet huet.

Nieft de Lëtzebuerger Spiller si mam Vertéideger Laurentié, dem Stiermer Mohamed Soumaré, dem Trainer Marc Grosjean an dem Sportdirektor  Sébastien Grandjean wéider bekannten ex-F91 Akteuren zu Virton.

Fir den Aurélien Joachim ass et déi 13t Destinatioun ( RE Virton, VFL Bochum II, Alemannia Aachen II, Jamoigne, Déifferdéng03, F91 Diddeleng, Willem II, RKC Waalwijk, CSKA Sofia, Burton Albion, RWS Bruxelles, Lierse SK) a mat (bal) 32 Joer schéinnt sech de Krees fir onse Goalgetter ze schléissen. Mat engem Kontrakt vun 2 Joer plus Optioun kéinnt et déi läscht Etapp an der Carrière vum Auré ze sinn.

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.