Pau neuve ?

Engem Bericht vun der République des Pyrénées no wier de Vincent Thill momentan, a bis en Donneschden, beim Pau FC (National) fir een Test.

Den Opstéiger géiw duerno entscheeden op se den talentéierte Nationalspiller fir dës Saison beim FC Metz ausléihnen.

Fir den Thill kéinnt dëse « Prêt » an déi drëtt franséisch Klass eng Chance fir Spillpraxis ze kréien bedéiten. Zu Metz huet den zweet jéngste vun den Thill Bridder de Sprong an de Seniorsberäich nach net gepackt och wann hien mat 16 Joer an 231 Deeg de jéngsten Débutant an der Ligue 1 ginn ass. Momentan schéint hien trotz dem ernéiten Trainerwiessel kéng gutt Kaarten ze hunn. Den Antonetti huet esouwuel an der Virbereedung wéi och am éischte Match net op d’Déngschter vum Lëtzebuerger zréckgegraff. Wann e bedenckt dat den FC Metz nach vru net esoulaang alles dru gesatt huet fir e Wiessel vum VT10 an de Jugendberäich vum FC Bayern München ze verhënneren…

 

Een Néistart bei engem néie Veräin, wäit eweg vu senge Gewunnegten, wou op seng fussballerësch Kënscht gesat gëtt wier sécher net déi schlechsten Entscheedung.

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.