Haut ass am Wort een Interview mam Aurélien Joachim. Ich werde noch stärker spielen ass d’Haaptausso. No dräi Méint an dräi Goaler an der Eredivisie huet de lëtzebuerger Stiermer esou lues seng Marquë fonnt an trotz de Schwieregkeeten am physësche Beräich huet hie sëch als Stuermspëtz duerchgesaat. Mat den dräi geschoss Goaler ass hien och momentan beschte Buteur vu Willem II an dat trotz enger Verletzungspaus an de éischte Schrëtt am Profifussball.
Hien äussert sech och zu senger Kontraktsituatioun a kann sech net virstellen dem Profifussball de Réck ze dréinen.
Et kann een sech fir onse sympathesche Buteur freeën an dat net nëmme fir hie perséinlech mä och op Hisiicht op ons Nationalequipe. Wat e Profistiermer der Nationalequip brénge kann huet ee vrun zich Joer jo schonn mam Roby Langers gesinn.
A. Joachim am Wort Interview nom Ajax Match

Cool Foto, do kucke genau 2 Leit einegermoossen “normal” dran 😀
Dat ass e Benem Meeschterwierk !