Um 20:45 trëfft Lëtzebuerg am Stade Josy Barthel op Wäissrussland.
No der Ausléisung vun der Nations League an dem Duerchliesen vum Kalenner hunn déi meeschte Supporter dorobber gehofft dat de läschten Heemmatch géint Wäissrussland den entscheedene ka sinn. Véier Matcher méi spéit ass et wierklech dozou komm a Lëtzebuerg, als Tabelleleader, trëfft op de wäissrussëchen Zweeten a ka mat enger Victoire den Owend net méi vun der Tabellespëtz erofgehäit ginn. Mat dëser éischter Platz géiwe mir net nëmmen an d’Liga C opstéigen mä mir huelen och nach un der Finaler Ronn deel, déi aus Halleffinal a Final besteet, bei der de Gewënner eng Platz bei der Europameeschterschaft 2020 kritt. Historesch !
Eng Chance fir eist Land déi sech esou villäicht net méi schnell bidd. Ob bei der nächster Nations League wierklech och fir dat stärkst kléngt Land eng Deelnahm fir een Endturnéier erausspréngt ass net kloer an, och wa mir an der Läscht e riesege sportléche Sprong gemeet hunn, schéinnt et nach ëmmer relativ onrealistësch dat mir ons via den normale Wee fir eng EM oder WM qualifizéieren. D‘Chance, déi lo zum Greiwen no ass, ass dofir wahrscheinléch och eemoleg !
Den Hype ronnderëm dëse Match ass dofir och esou grouss wéi nach ni. Waren et an der Vergaangenheet éischter déi bekannte Fussballlänner, wéi Frankräich, Holland oder Spuenien, déi dofir gesuergt hunn dat d’Zuschauer iwwert näischt aneschtes schwätzen, dann ass et haut ons Nationalequipe, déi duerch hier Resultater a Leeschtung z’iwwerzeege wousst. An dobäi loossen se bei de Supporter Ambitiounen an Hoffnung wuesse wéi deemools 1963. An de fréie 60’er konnt ons Rout Léiwen an zwee Matcher Holland erausgeheien a waren domadder an der 1/8 Final vum “Europapokal vun de Natiounen”, de Virreider vun der Europameeschterschaft. Estimatioune vun der FLF no kéinten eng Ronn 5.000 Zuschauer den Owend de Wee op d’Areler Strooss fannen an déi meescht komme FIR ons Léiwen z’ënnerstëtzen. Am beschte ganz aktiv, wéi mir déi läscht Deeg gefuerdert hunn #deJosymussbrennen ! Et si bestëmmt nach Platzen iwwereg, kommt all an de Stadion.
Dat dëst awer net duer geet fir d’Wäissrussen ze beandrocken ass gewosst an den Igor Kriushenko huet bestëmmt net wéinst dësem Gronn iwwerraschend de 37 jäeregen Aljaksandr Hleb nominéiert. De fréiere Spiller vum Vfb Stuttgart, Arsenal a Barcelona ass de gréisste Fussballspiller an der wäissrussescher Geschicht. 2 Joer no sengem leschte Match am Dress vun der Nationalequipe huet en de Challenge acceptéiert a wëll senge Landsleit hëllefen den Dram vun enger Deelnahm un der EM ze erreechen. Jo, och op der ëstlecher Säit vun Europa dreemen se vum deselwechtem Zill wéi mir.
Op jiddefalls beweist d’Nominéierung vum Starspiller dat d’Wäissrussen e grousse Respekt virun der Lëtzebuerger Nationalequipe hunn. Och ons manner gutt Performance am Oktober zu Minsk an ons eenzeg Néierlag an der Nations League huet net dozou bäigedroen dat de Respekt verschwonne wier. Ons furios Optrëtter géint Moldawien (4-0) a géint San Marino ( zwee Mol 3-0) hu bewisen dat ons Léiwenan net z’ënnerschätze sinn. Grad de Match géint Moldawien wäert Impressiounen hannerlooss hunn wann ee bedenkt dat Wäissrussland zwee Mol net iwwert en 0-0 géint de selwechte Géigner ewech komm sinn.
Op Lëtzebuerger Säit probéiert de Luc Holtz seng Spiller deene beschte Viraussetzungen ze bidden dat de Match haut gewonne gëtt. Een éischt Zeechen huet hie scho mat der Kadernominéierung gesat. Dem Gerson Rodrigues seng Leeschtungen hunn dem Nationaltrainer an der Läscht net gefall an huet hien dofir doheem gelooss.
Eng aner Mesure war d’Equipe zu Lëppscht z’isoléieren an der Press den Zoutrëtt am Hotel Leweck verbueden. Natierlech ass dëst bei onse Pressefrënn net gutt ukomm well am Virfeld kéng gutt Kommunikatiounsarbëscht vun onser Federatioun gemaach ginn ass. An trotzdeem kann een dem Nationaltrainer seng Moossnam begréissen dat hien seng Spiller fir dëse wichtege Match an déi beschte Konditioune setze wëll.
Leider kënne weder de Vincent Thill nach de Mario Mutsch um Match deelhuelen. Déi zwee Spiller verpassen de Match wéinst Verletzung.
A wéi enger Formatioun ons Equipe haut optrëtt ass net esou wichteg. Dat wat zielt ass dat déi Spiller déi um 20:45 um Terrain sti mental dorobber agestallt sinn an dem ongewinnten Drock gewuess sinn. Mir, d’Supporter, sinn op allefalls Prêt a freeën ons op e gudde Match !
Allez Léiwen !
Dir wëllt virum Match eng flott Zäit mat Supporter vun der Nationalequipe verbréngen ? Héi zwou Iddi’en:
Am Virfeld vum Match trëffen sech den M-Block an hier Sypathisanten ab 16:00 am Rocas an der Stadt ( //rocas.lu ). Ab 19:00 geet et dann mat engem Fanmarche Richtung Josy Barthel.
Den M-Block huet fir dëse Match eng Tifo op d’Been gestallt. Sidd also mat Zäiten an der Kéier.
D’Compadres TriDeFa gi sech ab 17:30 Rendez-Vous an der Brasserie du Parc ( //brasserie-du-parc.lu ). Um traditionnellen Apéro virum Match ass natierlech jidderee wëllkomm.
Vu dat de Fanmarche laanscht d’Diere vun der Brasserie féiert kann een ab do och op den Zuch sprangen.