Hien ass nees do !

Kuerz nodeem de Kader vun der Lëtzebuerger Fannationalequipe bekannt gouf krutte mir e komëschen Uruf….

huelse: Hallo, huelse Redaktioun !

anonymen Uruf: Redaktioun, dat ech net laachen ! Fir wat haalt dir iech dann elo ? Haut ka jo wuel all Idiot sech als Reporter vernennen.

huelse: … Wéi kann ech hëllefen ?

anonymen Uruf: Gëff engem den Telefon, deen net am gaangen ass un enger Fläsch Mammemëllech ze suckelen. A verbrenn dech net, se ass bestëmmt wootlech

huelse:… ech… also…

anonymen Uruf: Dajee, ech hu kéng Éiwegkeet ! Brauchs de e Klapps op de Réck ! Dajee !

huelse: Ee Moment. ( am Hannergrond: “Raym, ech hunn hei e komesche Kärel dee mat engem eelere vun ons schwätze wëll”)

Jo, huelse.lu de Raymond.

anonymen Uruf: Ah, endlech ! Wat fält iech dann an ärem Idioteblog an ? Wéi konnt dir mir dat undoen ? Dat ass eng riese Sauerei a wann ech e vun iech elo vru mir hätt da géifen seng Zänn am Aarsch Piano spillen ! Dir Platzpatrounen do !

huelse: (onsécher) Ludovic ? Si dir et ?

Ludovic Dubois : Natierlech sinn ech et ! LUDOVIC DUBOIS, Erfolgscoach, Schwéngsziichter, Globetrotter, GENIE ! Firwat sinn ech da lo net méi Coach vun ärer Geesenekipp ?

huelse: Dir lieft nach ? Mir hu jo jorelaang Näischt méi vun iech héieren, wou si dir lo drun ?

Ludovic Dubois : Männi, dat geet dech näischt un. Du weess dat et bei mir net ëmmer ganz einfach ass an äntwer mir op meng Fro:  firwat sinn ech ERAUS ?

huelse: Éierlech gesot, mir hu geduet dir wäert dout. Bei ärem Liewensstil wier et keng Iwwerraschung gewiescht.

Ludovic Dubois : Wat wëlls de domadder soen ? Du bass wuel nach ëmmer de nämlechte séisse Massendénger oder wat ? Däin Héischpunkt vum Joer ass bestëmmt Liichtmessdag mat engem selwergebasteltem Pikachu-Lampion duerch d’Duerf ze zéihen.

huelse: Alkoholmëssbrauch, Kontakter mat der krimineller Welt, schwéiere Fëmmert, gesondheetlech ugeschloen, …

Ludovic Dubois : Jo, wéini kommen dann elo déi Saache wou ech mir Suerge maache soll ? HAHAHAHA ! Ech hatt vergiess wéi sensibel’s du bass, Nemo ! Mir geet et groussaarteg ! Zu Gelsenkirchenflitt e Möchtegerntrainer an zu Wattenscheid hunn se grad mäi gudde Frënn de Peter agestallt. Et ginn also nach Platze wou se wësse wat e Fussballkënner ass.

Laptop, 3er Ketten, Géigepressing HA ! Eng op de Bak, e Six-Pack an Intimidatioun, esou leeft den Hues ! Mir goung et esou gutt an da liesen ech äre Wouscht ! Mech ersetzen ? Wat eng kraaaaaaank Iddi ! Do kanns de nëmmen nach Houer Sau blären !

huelse: Et stëmmt dat mir e néie Wee aschloe wëllen an enger néier Trainer-Generatioun déi Geleeënheet wollte ginn. Ouni et béis ze menge mä Erfolleg hatt dir lo och kee mat der Ekipp.

Ludovic Dubois : Dat ech net laachen ! Keen Erfolleg,.. Ukrainer an Nordiren ënnert den Dësch drénken ouni dat e vun ons an d’Spidol muss. Dat muss de mol virweise kënnen. Am Saufe ware mir net ze schloen do hätt all Trupp et richteg schwéier krut. Ech erënnere mech gäeren un déi Dueller um Komptoir. Deemols konnten ons d’Nordiren mol net mat hierem matbruetem Chiliwodka schloën.

huelse: Mä Fussballeresch war et …

Ludovic Dubois : Lauschter elo mol gutt no ! Et kann een aus dir Möchtegernjournalist och kee Nobelpräisdréier maachen. An aus onser Trupp vu Koordinatiounsdyslexiker kanns de och keng Fussballspiller maachen. Et ass eben esou. Erwësch mol aus dengen Dreem. Deng Mamm seet och dass du de schéinste wiers mä stëmme mécht dofir et nach laang net.

huelse: Här Dubois, dir hutt 5 Joer laang keng Noriicht vun iech ginn, kee Mënsch wousst wou dir dru waart a sidd. Mir hu missen handelen.

Ludovic Dubois : Du weess dach genee wéi et mat mir ass, ech si wéi Herpes, du mengs du wäers mir lass an, Zack!, sinn ech nees do. Ob’s de wëlls oder net ! Mir gi dir net lass.

huelse: Fir de nächste Match hu mir lo dem Batty d’Chance ginn sech ze beweisen. E bësse jonkt Blutt kéint der Equipe jo gutt doen. 

Ludovic Dubois : De Bentz’en hiren ass u sech e gudde Jong. Säin Interview huet mir gutt gefall, de Kärel ass aus der nämmlechter Mirabelle destilléiert ewéi ech. Dir hutt u sech just eng méi jonk Dubois Versioun geholl.

huelse: Oh, Gott! Elo wou dir et sot… .

Ludovic Dubois : Ech hunn dir et jo gesot Simba ! Ech si wéi Herpes oder den Tripper. Vill Spaass HAHAHAHA. Ech waarden op déi nächst Geleeënheet, ech hunn d’Gefill dat den Edel Jogi sech de Sack Bäll net méi laang op der däitscher Bänk heemelt. Meng Zäit ass nach laang net eriwwer. ADIOS !

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.