No der 2-1 Victoire géint Litauen, déi nach een Nations League Feeling hatt, spillen ons Rout Léiwen haut um 20:45 am Stade Josy Barthel géint d‘Ukrain. E Match mat engem wéidere Schwieregkeetsgrad !
Ganz lang konnten d‘Spiller an d‘Supporter lo net déi dräi Punkten féiëren an ufänken iergendeng Hiergespenster ze spannen well mir elo nom éischte Spilldag op der éischter Tabelleplatz laien. D’Fussballfans wëssen dat haut den Owend e ganz anere Kaliber op eis waart. D’Ekipp déi vum fréiere Topstiermer Shevshenko trainéiert gëtt gehéiert zu den Kandidaten fir eng vun den zwou éischte Platzen am Grupp B.
Géint d’Ukrain huet Lëtzebuerg och schonn an der läschter EM Qualifikatioun gespillt an zwee Mol hu mir ons misse mat 3-0 geschloë ginn. A béiden Dueller konnten d’Rout Léiwe phaseweis ganz gutt mathalen mä de Géigener huet ganz humorlos d’Goaler geschoss a kloer gemeet dat se net bereet wieren iergendwelch Punkte géint ons laien ze loossen.
Nom 0-0 a Portugal, wou d’Gäscht vun der éischter bis zur läschter Minutt dominéiert goufen, däerfen se sech och dës Kéier keen Ausrutscher géint den Underdog leeschten a wäerten den Owend ganz konzentréiert a bestëmmend optrieden. Et gëllt grad dëst auszenotzen an d’Ukrainer zum zweifelen ze brengen. Duerch eng kompakt an solid Grondformatioun a bei Ballgewënn mat schnellem Ëmschalten no vir zu Chance ze kommen.
De Nationaltrainer wäert dofir och d’Ekipp op e puer Platzen äneren an och 4-4-1-1 ëmstellen.
Ons Ekippeprognose:
Moris/ Jans-Chanot-Gerson-Jänisch/Da Mota-O.Thill-Martins-Rodrigues /Sinani/Turpel