D’Hoffnung lieft !

90 Minutten um Terrain, 2 Goaler, iwwerzeegend Leeschtung vum Edvin Muratovic !

Beim 7-0 vum F91 Diddeleng bei der Victoria Rouspert hunn d‘Spiller vum Fusiounsveräin eng iwwerzeegend Leeschtung gewisen. Beim Champion vun der läschter Saison schéint um 7te Spilldag endlech de Knuet geplatz ze sinn. Den Diddelenger Trainer, de Bertrand Crasson, huet bei deem Match bal déi ganz Equipe vum historësche Match an Nicosia op d’Stéck vun der Party Rent Arena geschéckt. E bëssen iwwerraschend stoung an der Stuermspëtz awer den Edvin Muratovic. Den 22 järegen Zenterstiermer war beim Emilio Ferrera nämlech bal ganz vum Radar verschwonnen. Keen Asatz an Europa, keen am Championnat, nëmmen eng gutt Stonn an der Final vum lëtzebuerger Ligapokal.

Läschte Weekend konnt de fréiere U21 Spiller schonn zu Iechternach e puer Spillminutten an der Coupe ergatteren an haut stoung hien an der wichteger BGL Partie iwwert déi ganz Spillzäit um Terrain.

Dat manst wat e soë kann ass dat hien eng ganz iwwerezeegend Leeschtung bruet huet. Hien huet nët nëmmen zwee Goaler geschoss mä konnt och duerch intelligent Appel’en a Päss iwwerzeegen. Physësch ganz stark, den Innenvertéideger vun der Victoria iwwerleeën, war hien omnipresent, ëmmer a Bewegung an huet doduerch vill Räim fir seng Matspiller gerappt. Et konnt en net gleewen dat hien bis elo wéineg mat senge Matspiller vun Haut zesumme gespillt huet.

Als Beispill kann e den 1-0 vum Stolz huelen bei deem de Muratovic de Ball, no enger scharfer Flank vu lénks, clever op de besser positionnéierten Däitsch duerchlafe gelooss huet.

Eng Leeschtung déi Hoffnung op méi mëcht an him misst eng Platz am Kader vun der Europa League dësen Donneschde garantéieren an och bei de Fans vun de Roude Léiwen nees d’Hoffnung opliewe léisst dat den Edvin Muratovic eng wichteg Roll an der Zukunft spille kann.

 

 

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.