Mäin éischte Besuch vun engem Lännermatch am Josy Barthel koum relativ spontan zoustan. Duerno gouf de Wee op d’Areler Strooss awer eppes wéi eng Selbstverständlechkeet.
Un dee vum Luiz erwähnte Match géint Spuenien erënneren ech mech nach gutt: dee Match hunn ech mat mengem Bop doheem um Fernseh gekuckt a war deemols nawell iwwerrascht iwwert déi elektronesch Werbebanden – dat war zu där Zäit alles anescht wéi Standard.
Laang Zäit war ech der Iwwerzeegung, den Testmatch géint Malta op der Escher Grenz, am August 2003 (1:1, Gol fir Lëtzebuerg: Strasser op Eelefmeter) wier mäin éischte Lännermatch gewiecht, deen ech am Stadion gesinn hunn. Duerno hunn ech mech awer un ee Match erënnert, dee 4 Méint méi fréi gespillt gouf – eng 0:2-Néierlag géint Norwegen.
Solskajer, dat seet mir eppes
Ech war déi Zäit um INS an de Coursen fir Fussballsarbiter ageschriwwen. De Luis, ee portugiesesche Schiriaspirant, deen ech am Cours kenne geléiert hat, huet mech gefrot ob ech net wéilt mat de Lännermatch géint Norwege kucke goen. Ech war dobäi, an déi Stonn Fahrt aus dem Norden mat dem Luis sengem Polo goung séier ëm. Un all zevill erënneren ech mech net méi – ausser, dass mir op der Tribune de Face souzen a mir eis gewonnert hunn, wéi séier den deemols schonn 30-jäeregen Ole Gunnar Solskjaer dach wier. Dat war déi Zäit deen eenzege Spiller, dee mir beim Géigner ee Begrëff war – a prompt huet hien och eng Véirelstonn viru Schluss de Gol zum 0:2-Endstand geschoss.
De Patrick Lassine wäert sech bestëmmt och nach un dëse Match erënneren: den deemolege Jeunesse Spiller gouf mat sengen 20 Joer an der Nospillzäit fir de Fons Leweck agewiesselt a koum sou zu sengem éischte Lännermatch.
Infizéiert
Aus der Arbiterskarriär gouf näischt: 3 Joer méi spéit hunn ech no eppes iwwer 50 Matcher d’Päif bei d’Tromm geheit, genau wéi de Luis e puer Joer méi spéit. Dofir war ech awer elo mam Nationalekippsvirus infizéiert – mäin nächste Rendez-vous mam Roude Léiw war deen erwähnte Match op der Escher Grenz, spéider goung et mat Zuch, Bus oder Auto op quasi all Heemmatch, an op vill interessant Plazen am Ausland. Mäin éischte Lännermatch am Josy Barthel war villäicht net dee prägendsten – mee et war mäin éischte Besuch op enger Plaz, op där ech bis haut vill Leit kenne geléiert a Frënn fir d’Liewe fonnt hun.
Alija Besic – Eric Hoffmann, Greg Molitor, Manou Schauls, Jeff Strasser –
D’Lëtzebuerger Opstellung deemols vum Trainer Allan Simonsen
Ben Federspiel, Alphonse Leweck (90.’+2 Patrick Lassine), René Peters, Sébastien Rémy
– Gordon Braun (75.’ Sascha Schneider), Marcel Christophe (83.’ Dan Huss)
Titelbild: mwhopping.wordpress.com