Léiwen, déi ginn nimools op

No dem enttäuschendem Resultat vum Samschden Owend gëtt et Zäit aus der Lethargie z’erwächen.

Jo, déi 1-2 Néierlag an Zypern huet ons all enttäuscht an déi lescht dräi Deeg hate mir all Zäit um Ausgang vun der Partie ze knabberen an ons mat der batterer Realitéit auserneenzesetzen. Mir hunn d‘Heft net méi an der Hand a mussen dorobber hoffen dat d‘Zypern dem Montenegro e Fouss setzt. 

So what ? Den Zenario dat Montenegro net géint Zypern gewënnt ass keng Sciencefiction an d’Fussballfrënn hunn an hirem Liewen scho ganz aner abenteuerlech an iwwerraschend lescht Spilldeeg erlieft. 

Firwat solle mir mol net déi glécklech Gewënner sinn ? Firwat solle mir mol net Deel vun engem vun deene Fussballwonner sinn vun deenen nach an 100 Joer geschwat ginn ? Firwat soll déi talentéiertst Nationalequipe déi mir je  net an d‘Geschicht agoen ?

Et däerf en net vergiessen dat no der Auslousung déi wéinegst vun ons domadder gerechent haten dat ons Equipe esou flott Performance weise géif an mir bis zum Schluss fir den Opstig matspille géifen. Déi meescht vun ons hätten mat zwou Hänn ënnerschriwwen dat mir haut do stinn wou mir stinn. 

Ons Nationalequipe huet, trotz de ville personelle Problemer, genuch Potential fir den Aserbaidschan ze klappen an domadder d‘Gronnviraussetzung ze setzen nach Hoffen ze dierfen. Nieft de verletzten, net fitten oder verhënnert Turpel, Malget, Hall, Oli Thill, Kiki Martins,Chanot, feelen ons déi gespaarte Selimovic an Carlson. Wéi wann dëst net genuch wier ploe sech Barreiro, Jans, Mica Pinto a Skenderovic mat diverse Verletzungen. 

Mir wieren awer iwwerrascht wann onsen Nationaltrainer dowéinst eng méi ofwaardend Taktik an defensiv Formatioun auswiele wäert. Mir tippen esouguer drop dat ons haut eng ganz offensiv Opstellung erwaart an ons Rout Léiwen Frënn a Géigner iwwerraschen wäerten. Eventuell mat engem 3-4-3 oder en 3-5-2 ?

Wou mir ons sécher sinn: de Luc Holtz wäert seng Equipe esou astellen dat mir no deene leschten 90 Minutte vun dëser Saison, jo wahrscheinlech esouguer déi lescht Minutten op der Arler Strooss, egal wéi als Gewënner vum Feld ginn. 

Léiwen, déi ginn nimools op !

Ouni Fans ? Net ganz !
Léider dierfen wéinst den aktuellen CoViD-Mesure keng Zuschauer eran. Ausser 100 ausgewielten an ageluede Gäscht vun der FLF. Op dëser Platz musse mir der Futtballsfederatioun e grousse Merci ausschwätzen well se an deenen schwéieren Zäiten hier Supporter net vergiess hunn. Vun deenen 100 Entréesbilljeen ginn der nämlech 35 un déi Tréisten vun den Tréisten, den M-Block an d‘Compadres Tridefa. Et gëtt kee Verband op der Welt deen an deen Moment un d‘Fans geduet hätt.
Villmools Merci

D’Huelse Opstellung:

3-5-2

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.