
Een Dag no der Auslousung vun der WM-Qualifikatiounsgruppen, déi onser Nationalequipe Matcher geint den Europameeschter Portugal, Serbien, Irland an den Aserbaidschan geschenkt huet, koum d’Fifa mat enger weiderer Iwwerraschung. Wéi jidderee gespant op de Kalenner gewaart huet, huet de Fussball Weltverband de Gaaschtgeber vun der WM 2022 als „Special Guest“ agelueden. De Katar ass als 6ten Equipe an d’Programmatioun vun de Matcher vum Grupp A eragerutscht. Dat heescht all Natioun aus onser Grupp spillt nieft de Qualifikatiounsmatcher och zwee Matcher géint de Petrol Staat vum persesche Golf. D'”Heemmatcher” vum Katar ginn, weinst der grousser Distanz déi d’Equipe missten op sech huelen, iergendwou an Europa ausgedroën.
Wat um éischte Bléck wéi eng flott exotësch Iwwerraschung kéinnt ausgesinn muss awer ganz kritësch hannerfroot ginn an och als dat ernimmt ginn wat et ass: Propaganda !
Säit der Vergab vun Weltmeeschterschaft un de Katar am Januar 2010 ass dëst ëmmer rëm duerch an duerch kritiséiert ginn. Ënner anerem d’Korruptiounsvirwerf mam Kaf vu Wahlstëmmen, der fehlender Fussballstraditioun, der schwieregen klimatësche Konditiounen oder d’Menscherechtslag am Katar.
Dat d’Korruptiounsvirwerf stëmmen hu verschidden Enquêteuren a Medien scho laang entdeckt. Am Ufank vum Joer konnt bewisse ginn dat, op maanst, drei Fifa-Fonktionnären Schmiergelder kasséiert hunn. Ouni déi Stëmmen wier d’Wiel net op de Katar gefall. Eng Iwweraschung war et net an trotzdem sinn d’Stëmmen méi haard ginn déi gefuerdert hunn dat dem Katar d’Weltmeeschterschaft eweggeholl sollt ginn.
Fir d’klimatëschen Konditiounen auszedribbelen gouf den Ustouss vun der WM op de November verréckelt. Well an der Zäit awer ëmmerhinn nach 29 Grad herrschen krutt all Stadion eng Klimaanlag, déi Tribunen an Terrain schéi ofkille kënnen. Mä net nët an de Stadie kommen d’Katari an hier Käscht an de Genoss vu klimatiséierter Loft. Dat räicht Land setzt och am Fräien op d‘Erfrëschung aus Maschinen. Et brauch ee kee Emweltschützer ze sinn fir ze verstoen dat dei enorm Energie dei do verbraucht gëtt e negativen Afloss op d’Emwelt huet. Et ass scho paradox dat d’Klimatiséieren weidere Wand op d’Millen vun der Klimakrise bléisst.
Déi feelend Fussballstraditioun per se muss e net kritiséieren, déi hatten 1994 d’Vereenegt Staaten vun Amerika och net. Dat de Katar nach ni op enger Weltmeschterschaft gespillt huet, do kann een och eventuell zwee Aan zoudrécken awer dei feelend Infrastuturen an dofir de Bau vun 8 moderne Stadien fir 5,8 Milliarden déi no der WM wahrscheinlech lues a lues verschwanne wäerten ass e Punkt deen e nawel ferm kritiséiere kann.
De Bau vun deenen Stadion bréngt ons dannoch zum gréissten Kritikpunkt: d’Menscherechtslag am Katar. Fir de Bau vun dësen Infrastrukturen setzt de Katar op Gaaschtarbechter, gréisstendeels aus Indien an dem Nepal, déi ënner grausamen Arbechts- a Liewenskonditiounen ausgebeutet ginn. Mëtt 2019 gouf vun 1400 nepalesësche Bauarbechter bericht déi hiert Liewen verluer hätten. Donkelziffer ass sécherlech vill méi grouss.
Verschidden auslännesch Medienvertretter déi iwwert d’Konditiounen berichte wollten goufe am Katar verhaft an d’Material Konfisquéiert.
D’Lëscht vun de Kritikpunkten kéinnt een nach stonnelang wéiderfueren, ënner anerem d’Kriminaliséieren vun homosexuellem Verhalen, d’Bild vun der Fra an der katarëscher Gesellschaft, d’Virwerf vum Finanzéieren vun Terrororganisatiounen an nach vill méi…
Dat Ganzt geheit natierlech kee schéint Liicht op dat Land dat dei nächst beléifsten Fussballveranstaltung vun der Welt organiséiert an domadder op d‘Mëllechkouh vun der FIFA.
Fir dat d’Weltmeeschterschaft kee grousse Fiasko gëtt (an och uerdentlech Suen an d’Keese fléissen) an de Katar och sportléch mathaale kann huet d’FIFA, zesummen mat der UEFA, also dee Plang aus dem Tirang gezunn an. Dei uewegenannte Fussballverbänn leeën dem Katar e Rouden Tëppech iwwer ganz Europa, dem Kontinent mat de gréissten Fussballmuechten a -Verbänn, a instrumentaliséiert déi fënnef Länner aus dem Grupp A fir hier economësch a politësch Zwecker.
Dat et elo ze spéit ass dem Katar d‘Weltmeeschterschaft ewegzehuelen kann e mat economëschen Argumenter erklären an iergendwéi och verstoën. Dat de Welt- an onse Kontinentalverband sech awer lo zu dem Kouhhandel mam Katar aloossen ass beim beschte Wëllen net ze verstoën.
2021 kritt de Katar also d’Méiglechkeet queesch duerch Europa ze zéihen a säin ramponéierten Image ze poléieren. 2019 konnt de Katar schonn un der Südamerikameeschterschaft deelhuelen an och dëst Joer dierfen se zesummen mat Argentinien um CONMEBOL als Gaaschtequipe optrieden.
Duerch eng positiv Aussendarstellung d’Welt esou manipuléieren dat déi “kléng Problemer”, op déi mir virdrunner kuerz agaange sinn, aus dem Kollektivgedanke verschwannen ze loossen an d’kritësch Stëmmen domadder ëmmer manner ze héiere sinn. Um sportléche Plang schéinnt et mol ze fruchten. D’Nationalequipe vum Katar ass vun enger Schéissbud zu enger Equipe avancéiert dei schwéier ze schloën ass. An der Weltranglëscht beleeën se déi 59te Platz. 2019 konnt de Golf Staat esouguer d‘Asiemeeschterschaft gewannen.
Eng Win-Win Situatioun fir de Katar an d‘FIFA.
Et wier wënscheswäert wann esouwuel d’Fussballdelegéierte wéi d’Politiker beim Treffen mam katarësche Fussballzirkus d’Bühn notze géiwen fir hier Bedenken a Kritiken ze äusseren an net einfach hinhuel een Deel vun enger riesegrousser Propaganda Aktioun ze sinn.
Wann d’FIFA an d’UEFA d’Séil vum Fussball elo komplett verkaf hunn a bewissen hunn dat hinnen Mënscheliewen, -Rechter, d’Fussballkultur an d’Ëmwelt hinne manner wichteg ass wei e Batze Geld mussen elo Paul Philipp a Co als Moralinstanzen optrieden. Eng schwéier Lascht. Eventuell hëlleft hinnen dës Citatioun vum Albert Camus „Tout ce que je sais de plus sûr à propos de la moralité et des obligations des hommes, c‘est au football que je le dois“.
Ech geiw do eigentlech nëmmen en geschlossene Boykott recommandeieten fir dee Match.(Falls iwerhasot Lait dierfe kommen natierlech)