
Haut den Owend fält de Startschoss vun der wuel absurdster Weltmeeschterschaft an der Geschicht. 2022 moossen sech déi beschte Fussballlänner wéi gewosst am Katar an dëse Choix gëtt wéinst onwierdegen Aarbechtskonditioune fir d’Bauaarbeschter op de Chantier’en vun de Stadien, dem ökologeschen Ofdrock deen dës WM hannerléisst, der homophober Gesetzeslag an dem ancestrale Bild a Platz vun der Fra am Gaaschtgeberland, säit Joren ze Recht kritiséiert.
Fir Lëtzebuerg fänkt d’Qualifikatiounsronn mat engem Frëndschaftsmatch géint de Katar un. De WM Organisateur gouf der Grupp nämlech als Sparingspartner zougeloust a kann sech also géint Portugal, Irland, Serbien, Aserbaidschan an ebe Lëtzebuerg fir hiren Tournoi aspillen an d’Werbetrommel kräfteg duerch Europa schloen.
De Match deen um 18:00 zu Debrecen (Ungarn) ugepaff gëtt ( wéi ass et mat onnéideg Reesen a Covidzäiten vermeiden ?) huet fir ons Lëtzebuerger Nationalequipe awer natierlech och e sportleche Wäert an an de nächsten Zeilen fokusséiere mir ons dorobber.
Fir dem Luc Holtz seng Männer gëtt et drëms sech esou gutt wéi méiglech op déi nächst Matcher virzebereeden an déi schwiereg WM Quali mat esou vill Punkte wéi méiglech ofzeschléissen. Wann en e Bléck op d’Géigner gehäit da kann e gewëss soen dat d’Lousgléck net op onser Säit war an et extrem schwiereg wäert ginn an dëser Qualifikatioun den Dram vun enger Endronn ze verwierklechen.
Fir dat Onméiglecht méiglech ze maache muss wierklech alles stëmmen. Dofir kënnt en internationale Frëndschaftsmatch elo ganz gutt. Am Kader befannen sech nämlech e puer Pilier’en déi et am Moment richteg schwéier hunn. De Kapitän, Laurent Jans, an de Mann fir déi entscheedend Goaler, Danel Sinani, erliewen allebéid ganz schwiereg Phasen an hire belsche Veräiner a kënne vu all Spillpraxis profitéiere fir op hire gewinnten Niveau ze kommen. Dozou ziele kann en och de Christopher Martins deen no lasnger Verletzung endlech nees spille kann.
Feelen deet, mam Vincent Thill, dee vu sengem portugisesche Veräin net erlaabt kritt op d’Lännermatcher ze reesen, eng Stëtz vum Lëtzebuerger Spill. Dëst op mannst fir de Match géint de Katar a warscheinlech och fir déi zwee Qualifikatiounsmatcher géint Irland a Portugal.
Verletzungsbedéngt feelt och den Dirk Carlson. De lénksen Ausservertéideger, mä och Häerz a Séil vun der Equipe, waert der Equipe net nëmmen weinst dem sportléchen Aspekt feelen.
Duerch e positive Corona-Test huet den Nationaltrainer och missen op de Chris Philipps verzichten. Den Ex-Profi deen elo zu Wooltz nees zu gewinnte Leeschtunge fënnt huet misse vum Stefano Bensi vun der Fola ersat ginn.
E wéidert gewinnte Gesicht feelt och mam Daniel Da Mota. Säit Jore gehéiert den Offensivacteur zum Stammpersonal vum Luc Holtz mä säit sengem Wiessel an Italien ass hie vum Radar verschwonnen. Et ass schwiereg anzeschätzewei de Niveau an der véierter italienescher Liga ass mä no 15 Matcher erwaart en méi wéi 1 Goal an 1 Virlag vum Da Mota. Ob den Daniel Da Mota duerch säin Urteel zu 2 Joer Prisong op Bewärung wéinst Abus de Faiblesse iwwerhaapt nach a Fro kënnt säi Land ze representéieren ass eng aner Fro…
Freeë kann e sech op de Comeback vum Maxime Chanot. Den Innenvertéideger aus New York kann endlech nees zur Nationalequipe zoustoussen an dat grad wou ee vun de néie Patron’en, mam Selimovic, net derbäi ass. Och wann de Chanot bei senge leschten Asätz net geglänzt huet zielt hie eleng duerch seng Erfarung zu de ganz wichtege Persounen am Kader.
Och déi aktuell Form vum Leandro Barreiro ass ervirzehiewen. De Leo ass momentan net aus der Stammequipe vum Bundesligaveräin Mainz 05 ze denken. No engem katastrophalen Ufank huet de Veräin et leschte WE gepackt aus der Ofstiegsplazen eraus ze klammen.
Och wann en natierlech léiwer hätt wann ons Nationalequipe all Match gewanne géif a grad géint de nächste WM Organisateur waert den Nationaltrainer dëse Frënndschaftsmatch als rénge Virbereedungsmatch gesinn an déi eng oder aner Saach ausprobéieren. Ob en den Owend e positiv Resultat mécht ass niewesächlech.
Et ass de Samschde wou et zielt. Da spillen ons rout Léiwen den éischte Qualifikatiounsmatch zu Dublin géint Irland.
En Auswäertsmatch dee bei ville Supporter säit laangem op der Wonschlëscht stoung an elo op der Télé nogekuckt muss ginn.