
1-0 vum GR7
Eng ganz staark Leeschtung vun de Lëtzebuerger gëtt net belount.
D’Rout Léiwen hunn et Portugal immens schwéier gemaach an de Mätch ze fannen. Sëcher loosse sech géint e Matfavorit op den EM-Titel dësst Joer net all Golchance fir de Géigner vermeiden, mee nennenswäert Offensivaktioune vun de Portugiesen an der éischter halwer Stonn kann een eigentlech op enger Hand ofzielen… an déi puer Chancen, déi et goufen huet en Anthony Moris a Galaform paréiert.

No enger halwer Stonn huet dun Lëtzebuerg mat sénger éischter Golchance den 1-0 markéiert: de Maxime Chanot ass mat opgeréckelt a gëtt de Ball riets eraus op de Sinani, dee flankt de Ball Richtung Gerson Rodrigues… an den Offensivspiller vun Dynamo Kiew ass e Schratt méi séier wéi säi Géigespiller Ruben Neves… a käppt de Ball an de laangen Eck ! 1-0 fir d’Rout Léiwen !

Portugal panikéiert nom Réckstand awer net, spillt gedëlleg weider a ka virun der Paus ausgläichen. No engem Corner an der Nospillzäit vun der éischter Halschent kréien d’Rout Léiwen de Ball net richteg degagéiert… eng Flank vun der lénker Säit fënnt den Diogo Jota vu Liverpool… an dee käppt den 1-1.
Fir et mam Christoph Daum sénge Wieder ze soen ass de Géigegol fir d’Rout Léiwen zu engem psychologesch ongënschtegen Zäitpunkt gefall. Mee et muss een sech och d’Fro stellen ob et psychologesch gënschtegen Zäitpunkt fir e Géigegol gëtt…
An der 50.Minutt léist de Cristiano Ronaldo séng fussballeresch Weltklass opblëtzen : no engem Ofstouss vu Portugal behaapt en sech an engem Duell, gëtt de Ball op riets eraus, leeft sech am Lëtzebuerger Strofraum fräi, kritt de Ball erëm a léisst dem Moris aus kuerzer Distanz keng Chance. 1-2.

Decidéiert war de Mätch awer nach laang net. De Mätch bleiwt an dëser Phas ganz interessant, mat gudden Aktiounen op béide Säiten. Besonnesch erfirhiewen kann een héi de Käpper vum Diogo Jota no engem Corner, deen un d’Lat geet (59’), grad ewéi op där anerer Säit e fantastesche Fräistouss vum agewiesselte Sébastien Thill (70’), deen de Lopes am Gol vun de Portugiesen awer kann a Corner deviéieren.
D’Lëtzebuerger hunn sech enorm wéineg individuell Feler erlaabt, an doduerch de Mätch laang op gehal. Eng vun de wéinegen Ausname gouf et an der 78.Minutt… no enger mëssgléckter Réckpass taucht de Cristiano Ronaldo komplett fräi virum Moris op… mee am Eent géint Eent behält de Lëtzebuerger Golkipp d’Iwwerhand a verhënnert eng Virentscheedung. Beim Noschoss steet den CR7 däitlech abseits.
An der 80.Minutt sollt dun awer en drëtte Gol fir Portugal falen : Corner op den éischte Potto, Käpper vum agewiesselte Palhinha an de laangen Eck, 1-3. Fir de Mëttelfeldspiller vu Sporting war dësst den éischte Gol fir d’portugiesesch Nationalekipp.

Mat deem Resultat sollt de Mätch och op en Enn goen. Gratulatioun u Portugal fir dëss, ënnert dem Strech verdéngte, Victoire. Felicitatioun awer och un eis Rout Léiwen, déi suwuel spilleresch wéi och kämpferesch an dësem Mätch eng phantastesch Leeschtung bruecht hunn.