Eigentlech ass et bësse komesch fir wärend enger lafender Campagne, déi am Fréijoer jo scho ganz erfollegräich ugefaangen huet, mat historesche Begrëffer wéi Ära oder Zäitalter ronderëm sech ze schmäissen.
Mee, wéi der wësst, ass och dës fussballeresch Rentrée 2021 eng aussergewéinlech. No jorelaange Streidereien, Polemiken a weideren „Schildbürgerstreiche“ iwwer Standuerter, explodéierend Baukäschten, Retarden, Internetleitungen a Gaardenhaisercher, rullt de Mëttwoch 1. September 2021 géint den Aserbaidschan endlech de Ball an onsem Léiwepark.
De neie Fussballtempel op der Cloche d’Or bedeit fir déi national Fussballfamill mat hire Spiller, Fans an Offiziellen, den Ufank vun engem neie Kapitel an der lëtzebuerger Sportgeschicht a léisst niewebäi déi grouss Sehnsucht no enger WM- oder EM-Qualifikatioun nach e gutt Stéck weider wuessen.
Bei aller Virfreed, bleift allerdéngs och de fade Bäigeschmaach, dass den alleréischten offizielle Match aus de bekannten, mee net onbedéngt verständlechen, Grënn virun enger „Minuskulisse“ stattfanne muss. Et bleift deemno ze hoffen, dass den éischte Match am Léiwepark och gläichzäiteg als dee mat de mannsten Zuschauer an d’Geschichtsbicher agoë wäert..
Eng historesch staark Equipe
Lo wär et awer falsch déi traditionell Fouermatchzäit just mat enger schmalzeger Stadion-Schwäermerei anzelauden, well och op sportlechem Plang stoussen eis Léiwen ëmmer erëm a nei Sphäre vir. Et freet een sech am Fong reegelméisseg op e neits „wouhinner dat nach alles féiere soll“?
Mam Kiki Martins, dem „Cba“ Thill an dem Gerson Rodrigues (bei dem awer och e Wiessel bei Salernitana an d’Serie A am Raum steet) däerfen sech déi nei Saison net manner wéi 3 Nationalspiller mat der europäescher Elite an der Champions League moossen, de Leandro Barreiro ass mëttlerweil ondiskutabele Stammspiller an der Bundesliga, den Dirk Carlson zielt reegelméisseg zu de beschte Spiller bei Erzgebirge Aue, den Anthony Moris suergt als Opsteiger mat der Union St. Gilloise an der Belsch fir Furore, den Danel Sinani faast lues a lues Fouss am Championship an den Oli Thill entwéckelt sech zum Goalgetter an der Ukraine.
Dës si nëmmen e puer sportlecher Héichpunkter aus de leschte Wochen a mir entschëllegen eis direkt bei all den anere Spiller, deenen hir gutt Leeschtunge mer lo hei net explizitt erwäänt hunn. En plus, mëscht dem Vincent Thill säi rezente Wiessel „bei säi Brudder“ op Poltava och Hoffnung, dass hee seng Carrière „endlech“ sou richteg lancéiere kann.
Kuerz gesot, et ass einfach du « jamais vu » wat mer momentan vun eise roude Léiwe gebuede kréien!
Dem Erwaardungsdrock standhaalen
Wat kann oder däerf ee sech deemno bei all der Euphorie vun deenen 2 Qualimatcher géint Aserbaischan a Serbien erwaarden?
Beim Heemmatch géint d’Spiller aus dem Kaukasus, fält et schwéier fir net vun enger fulminanter Victoire fir d’Aweiung vum Léiwepark ze dreemen, d’autant plus dass mer d’lescht Joer am Kader vun der Nations League schonn 2 mol déi kloer besser Equipe waren. Anerersäits bleift ofzewaarde wéi déi zuelräich Ausfäll am Defensiv-Beräich (an dem mer ironescherweis a normalen Zäite scho bal en „Iwwerangebot“ u Profispiller hunn) an den Drock vum neie Stadion sech auswierke wäerten. En plus, warnt eisen Nationaltrainer Luc Holtz, dass och d‘Aseris sech weiderentwéckelt hunn, wann een z.B. hir lescht Performance géint Serbien analyséiert. Et wär sécher net fir d’éischte Kéier an eiser Fussballgeschicht, dass eng grouss Euphorie mat enger kaler Dusch endege kéint (wa mer z.B. un déi schmerzhaft Néierlag géint Wäissrussland zréckdenken).
Anerersäits wëlle mer lo hei net ze pessimistesch eriwwer kommen, well et ass jo scho quasi wëssenschaftlech bewisen: Fouerzäit ass Léiwenzäit! Deemno erwaart eis Mettwoch e Fussballfest!
Mat Serbien kënnt dono e ganz schwéieren Auswäertsmatch zu Belgrad op d’Léiwen duer, bei dem zu allem Iwwerfloss, duerch e weidere komplett onverständlechen UEFA-Beschloss, och nach keng lëtzebuerger Supporter dobäi sinn däerfen.
Ween eisen Nationaltrainer e bësse kennt, weess awer, dass hee sech fir dee Match trotz de schwierege Bedéngunge sécherlech seng Chancen ausrechent a schonn un enger Strategie gefeilt huet. Sou géif et eis guer net wonneren, wann hie mat engem kompakte 5-3-2 a schnellem Ëmschaltspill, dat am Juni géint Norwegen a Schottland getest gouf, en “Husarenstreich” um Balkan géif plangen.
Déi ganz huelse.lu Redaktioun wënscht är vill Spaass bei deenen 2 Matcher.
Kommt loosst eis vu legendäre 6 Punkten dreemen!
Huelt se!
Vierfreed as grouss.Jo
Mais…..
D’Entreespraisser sin leider och massiv erop gaangen,zemols fir e Frendschaftsmatch.(Katar)Dat sollt zum richtege Moment och
emol oppen ugeschwaat gin.
Toto, du hues ganz Recht.