
Um leschte Spilldag kënnen ons Rout Léiwen, virun ausverkaaftem Haus, déi drëtte Platz an hirem Grupp huelen.
De Géigner ass den direkte Kontrahent vir déi leschten Trapp vum Podium. Fir Irland, déi sech am Virfeld vun dëser Qualifikatioun warscheinlech éischter erhofft hu mat Portugal a Serbien ëm déi zwou éischt Platzen ze streiden, geet et haut réng ëm d‘Éier. Mat 6 Punkte leien se momentan dräi Punkten hannert de Roude Léiwe mä duerch hier besser Goldifferenz géif eng Victoire haut duergoen. Haut net ze gewannen an doduerch hannert ons ze lande wier tatsächlech eng méi grouss Humiliatioun wei de verlueren Heemmatch am Mäerz. Ons Gäscht vun der grénger Insel wäerten haut mam Messer tëschent den Zänn op den Terrain kommen an et kann en sech erwaarden dat se schnell Zeeche setze wäerten an d‘Muskele spille loossen.
Och wann e Gläichspill haut duergoe géif wäert de Luc Holtz sécher net ons Spillphilosophie iwwert Bord geheien. Alles hannen zou maachen, de Bus virum Goal parken, an op Konter setzen ? Dofir feelen ons déi Spiller mat der néideger Perkussioun a Vitesse fir dem Géigner weih ze doen an déi berüümten Nadelstiche, wei se do iwwert der Sauer soen, ze setzen. Wat mir hunn si Spiller déi wësse wei se mam Ball eens ginn a mir wäerten dofir op e gefleegte Ballbesëtz setzen. Wann ons Offensiv dann haut genee esou inspiréiert ass wei bei de Goaler am Aserbaidschan da gëtt et kee Gronn firwat mir haut net treffe kéinten.
Fir déi historesch drëtte Platz haut z‘erreechen kann ons Nationalequipe haut fir d‘éischt och op e ganzen 12te Mann zielen. De Léiwepark däerf, duerch dat neiste Covidgesetz, haut de Maximum un Zuschauer wëllkomm heeschen. An d‘Zuschauer hu sech net zweemol biede gelooss, esou dat haut méi wei 9000 Léit do sinn. Wann d’Zuschauer sech e Beispill un déi 2000 huelen déi an de Matcher virdrunner präsent waren a sech vun der Stëmmung ustieche loossen da versteet och de Leschten firwat de Stadion Léiwepark heesche misst.