ROUT LÉIWEN: Den Opstig vun de Klengen

Virun net ze laanger Zäit an an enger net esou wäiter Galaxie…

ROUT LEIWEN

Episode III: Den Opstig vun de Klengen

D’Jedi vum Meister Paul Philipp stinn no jorelaanger Ausbildung bereet fir hier Flicht ze erfëllen. Nodeems se als Padawan vun enger grondleeënd Ausbildung profitéiert hunn an a sëllegen Abenteuer an diverse Galaxien hire Wäert ënner Beweis gestallt hunn ass et elo un der Zäit. D’Zäit an der aus Resistenzler Eroberer ginn.
Dëse Samschden trieden d’Rout Léiwen, gefouert vum Jedi-Ritter Luc Holtz, an eng Schluecht, déi sech als Richtungsweisend fir d’Fussballplanéit erausstelle kéint. E Sig géint d’Tierkei, déi ënnert dem Imperator Stefan Kuntz lues a lues zu aler Stäerkt fënnt, géif den Aussesäiter un d’Tabellespëtzt katapultéieren. Sinn d’Rout Léiwe Prêt fir e weidere Schratt ze maachen ? D’Erwaardungen an d’Hoffnungen si grouss…

Ok, loosse mir lo déi Sci-Fi Referenzen a martialesch Uspillungen op der Säit a kommen nees zeréck op ons Äerd. Wee brauch da schonn eng Geschicht wann d’Realitéit esou schéi ka sinn wéi momentan an onser klenger Fussballwelt ?

Dësjäreg Nations League Compagne huet fir ons Rout Léiwen nämlech ganz gutt ugefaangen. An der “Episode I an II” konnt ons Nationalequipe op ongewinnten Terrainen zwee mol gewannen. A Litauen an op de Färöer waren d’Spiller vum Luc Holtz am grousse Ganzen spilleresch déi beschten Equippe um Terrain an hunn domadder de maximum vu 6 Punkte geholl. Och wa mir net dréckend iwwerleeë waren an et, natierlech, Beräicher ginn wou mir ons verbessere mussen steet ons Equippe berechtegterweis op der zweeter Platz vun hirem Grupp. Zwee Matcher an der ons jonk Equipe bewissen huet dat se schwiereg Momenter am Match geréiere kann, sech net verréckt maache léisst a gedëlleg spille kann, bref, dat se räif ass.

Erausfuerder am Neiopbau

An der Tabell steet virum Groussherzogtum, mat 6 Punkten an enger Goldifferenz vu 10:0, d’Tierkei. Dëse Samschde kënnt et also zur Spëtzepartie vum éischten Tuer an onsem Grupp. Wee vun den zwou Equippen trëtt déi nächst dräi Partien als Tabellenéischten un a spillt sech e kléngen Avantage eraus ?

Viru 7 Joer konnt den Hakan Çalhanoğlu, am Frëndschaftsmatch am Josy Barthel, kuerz viru Schluss den 2-1 vir seng Faarwe schéissen.

D’Gäscht aus der Tierkei sinn den absolutte Favorit an der Liga C an et schéint iergendwéi onfaassbar dat esou e staarkt Fussballland sech an dëser Divisioun zeréckfënnt. Den aktuellen 43ten an der Weltranglëscht ass an der Nations League 2020-22 als Tabelleleschten ofgestigen an hate Serbien, Russland an, den Tabellenéischten, Ungarn virun sech.

An der WM-Qualifikatioun hunn d’Tierke missen als Tabellenzweeten an de Barrage a goufen do mat 3-1 an engem dramatesche Match vu Portugal geschloen. Ofstig an der Nations League, net fir d’WM am Katar qualifizéiert Zoustänn déi am fussballverréckte Land mat direkten Aktiounen probéiert ginn ze corrigéieren. D’Tierkei befënnt sech dofir momentan an engem Neiopbau. Mam däitsche Stefan Kuntz huet déi Tierkesch Federatioun en absolutte Fachmann agestallt de sécherlech an der nächster Zäit eng jonk Equippe ëm de Superstar Hakan Çalhanoğlu opbaue kann. U sech kënnt den Ofstig an d’Liga C fir ons Gäscht ganz geleeë well se fir den Neiopbau op Géigner treffen déi hinnen dëst vereinfache kann. Hei kënnen se ouni groussen Drock Spiller, Spillzich a Formatioune probéieren an testen. Se rennen einfach iwwert all Géigner a steige mam Maximum vu Punkten an déi nächst Divisioun. Esou ass wuel hir Wonschvirstellung.

Den Opstig vun de Klengen

Jubelszenen déi mir géint d’Tierkei erliewe wëllen

An hei treffen elo d’Erwaardunge vu de Lëtzebuerger an den Tierken openeen. Do wou d’Tierkei fussballeresch scho war an zeréck well, do wëllen d’Rout Léiwen hin. Ons Nationalequipe befënnt sech lo säit Joren an engem gudden Trend mä iergendwéi rënne mir ëmmer nees an de wichtege Momenter an d’Mauer. Schlësselmomenter, wéi 2018 um leschte Spilldag vun der éischter Nations League Saison doheem géint de Belarus, 2020 an Zypern wou mir ons grouss Chance op den Opstig vermasselt hunn an och 2021 an der WM-Qualifikatioun wou mir mat 3-0 géint Irland verluer haten an domadder déi drëtt Platz am Grupp net geholl, konnten net gewonne ginn.

Mir sichen no engem, wéi d’Fransouse soen, “Match Référence” wou dësen Trend gebrach gëtt. Firwat net an dëser Nations League Saison ? Firwat net haut géint d’Tierkei ? D’Equipe huet an den zwee Matcher géint Litauen a Färöer gewisen dat se “erwuesse” ginn ass. Beweist et elo géint d’Tierkei mam ganze Léiwepark am Réck !

Loosst ons Opsteigen !

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.