A l‘abordage!

Kënnen ons Rout Léiwen den Owend eng drëtt Victoire a veier Matcher feieren ?

No der, wann och schmerzlech mä, logëscher Neierlag vun onser Nationalequipe géint Tierkei gëllt et haut den Owend sech net iwwerraschen ze loossen. Um 20:45 spillen d‘Rout Léiwen am Léiwepark géint d‘Färöer. Mat engem Sig keinnten ons Léiwen dei zweeten Tabelleplatz bal sécher hunn. Kloer zum Entern!

Eng Woch nodeems dem Gerson Rodrigues säin Eelefmeter zu Torshavn duergaangen ass fir 1-0 ze gewannen, sti sech béid Equippen haut nees géigeniwwer. Am leschte Match vu enger Serie vu véier Matcher an 10 Deeg wäert d‘Fitness, esouwuel dei physech wei mental, eng grouss Roll spillen. Op e Match „à honnert à l‘heure“ kann e sech wuel net astellen wann e bedenkt wei eng Leeschtungen a Reesestrapaze béid Equipen hannert sech hunn.

Fir d‘Gäscht vun den Inseln ass dest natierlech e ganz wichtege Faktor. Wéi ee leschten Dënschden konnt gesinn, bauen d‘Wikingernofollgen op e rengt physescht Spill. Vu lange Bäll iwwer intensiv Dueller bidden d‘Färöer alles wat e fréier “Kick and Rush“ genannt huet.

Frescht Blut

Lars Gerson huet gutt Chancen haut unzefänken

Fir de Nationaltrainer gëllt et dofir frësch Spiller ze brengen ouni d‘Gläichgewicht vun der Equipe ze gefährden. Och wann ons Equipe an den éischten dräi Matcher vun deser Nations League kee Fussball zelebréiert huet, stoung d‘Equipe relativ zolid do an huet de Geigner weineg Chance gelooss. Dest och keint Tierkei.
Vu dat Spiller wei Olesen, Martins a Sinani ugeschloe sinn kennt et héichwahrscheinlech zu gewëssen Changementer an der Startformatioun. Gesat schéinen Moris, Chanot, Pinto, Carlson, Gerson Rodrigues a wa se net verletzt sinn Sinani a Martins. Gudd Chancen vun Ufank un ze spillen hu Seba a Vincent Thill, Bohnert a Lars Gerson.

An nieft dem Terrain ?

Nieft dem Terrain ass haut interessant ze kucken wei d‘Verantwortlech op d‘Kritiken par rapport vun der Organisatioun an der Sécherheet um Terrain reagéiere wäerten. Net oninterressant waert och d‘Reaktioun vun de Supporter sinn. Wei waert ënner anerem den M-Block op dei divers Reaktiounen vu säitens der FLF nom Match géint Tierkei reagéieren ? Scharf Kritiken vu Fanklibb a Medien sinn dem Uschäin no net seriö geholl ginn. Wann FLF Matarbechter dovunner schwätzen dat „näischt Schlëmmes“ geschitt ass muss e sech d‘Fro stellen op en da wierklech waarde muss dat d‘Kand an de Pëtz gefaal ass fir ze reagéieren ?

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.