“Tu quoque fili” sollen déi leschte Wierder vum Julius Caesar gewiescht si wou hien ënnert sengen 23 Mäerder de Brutus Marcus Iunius erkannt huet. Aus der Geschicht kann e natierlech vill erauszéien a léiere mä de Kär ass dat de Julius Caesar an de leschten Amenter vu sengem Liewen seng Verwonnerung iwwert d’Deelnam vu sengem Vertrauten um Komplott a Mord geäussert huet. De réimeschen Diktator hat eng besonnesch Bezéiung zum Republikaner, dem hien nom Biergerkrich, an dem hien op der Säit vum Pompeius an domadder géint de Caesar gekämpft huet, net nëmme Gnod gewäert huet mä duerno och zu sengen enkste Vertrauten a Statthalter vu Gallia Cisalpina gemaach huet.
Esou dramatesch war d’Revelatioun dëse Week-End net fir de Luc Holtz mä trotzdeem muss et fir den Nationaltrainer ganz enttäuschend si wéi sech de Vincent Thill an de Gerson Rodrigues mat him verhalen hunn. De Vincent Thill huet, heemlech an ouni eppes ze soen, d’Selektioun verlooss a kuerz drop huet de Luc Holtz de beschte Buteur an der Geschicht vum Lëtzebuerger Fussball misse suspendéiere well hien no enger, der Rumeuren no, duerchféierter Nuecht an der Stad e weideren Training an dëser Lännerspillperiode verpasst huet. Deen drëtten Training an e puer Deeg !

Wann den Himmel engem op de Kapp fällt
Schonn am Virfeld vum Match géint Liechtenstein soll de berühmte grénge Lambo an enger Nuecht vu Lëppscht verschwonne sinn, den Dag drop huet den GR10 den Training verpasst an als Bestrofung huet den Nationaltrainer hien dunn fir de Match op d’Bänk gesat. D’Onzefriddenheet war him am Gesicht ofzegesinn an duerch seng richteg gutt Performance, wou hien e Goal virbereet an e geschoss huet, huet hien sech, anscheinend, just bestätegt gespiert den Allergréissten ze sinn. Net fir näischt huet hien sech beim Jubel eng imaginär Kroun ugedoen an, nodeems d’Equippen am Vestiaire verschwonne war, sech aléng vun de Fans am Stadion zelebréiere gelooss.
Fir de Gerson Rodrigues also schonn nees eng weider Eskapade an e weidere Kapitel a senger Geschicht mat onsportlechem Verhalen an aner Spiichten. De Spiller, deen op der Gehaltslëscht vun Al-Wehda a Saudi Arabien steet, huet säit dräi Méint kee Veräinsfussball gespillt a gouf vu sengem gréissten Ënnerstëtzer awer nominéiert. Dankbarkeet schéint net de gréisste Wäert am Gerson Kingdom ze sinn.

“Bros before Holtz” ?
Ob et sech beim Vincent Thill ëm eng Reaktioun op seng Auswiesslung an der Paus vum Match géint Liechtenstein handelt oder ob hien net mat der Gestioun vum Luc Holtz averstanen ass wësse mir nach net. Op eng Äntwert vum, rouegen a verschlossenem, Spiller vum AIK Stockholm wäert ee bestëmmt nach laang waarden. Op der Hand läit awer och dat et bei der Thill-Fraterie bestëmmt brodelt a se onzefridden si wéi den “Oli-Gate” gehandhaabt ginn ass. Am November 2022 gouf hien no “respektlosem Verhale géigeniwwer dem Staff vun der A Equipe” definitiv aus dem Kader ausgeschloss. De 26-järege Mëttelfeldspiller huet viru kuerzem eng Plainte beim Conseil d’administration vun der FLF eragereecht, fir dat säi Fall opgeschafft soll ginn. Ob dat ouni Spueren ze haanerloossen laanscht de sensibele Vincent Thill geet ? Warscheinlech net, an et kann e sech virstellen dat d’Sonderbehandlung fir de Gerson Rodrigues do sauer opstéisst.
Ween am Glashaus sëtzt…
Vun esou enger Sonderbehandlung huet de Vincent Thill awer och jorelaang profitéiert. De Luc Holtz huet hie mat 16 Joer lancéiert, duerch hien ass hien och zum jéngste Buteur vun der Nationalequipe ginn. An hie gouf laang Zäit als Schlësselspiller vun der Zukunft geformt a gefuerdert. Och wéi d’Carrière stagnéiert huet an d’Leeschtunge mä wéi dürfteg waren, oder bei den diverse Problemer an de Veräiner, konnt de Vincent ëmmer nees op eppes zielen: d’Ënnerstëtzung vum Luc Holtz.
Et ginn natierlech Punkten déi ee beim Luc Holtz kritiséiere kann a soll, wéi zum Beispill déi konsequent Weigerung fir verschidde Spiller aus der BGL ze nominéieren (cf. Artur Abreu), d’Feele vun enger konsequenter Spillidentitéit, de Fall Tim Hall, etc.
Et schéngt dofir ë bësse surrealistesch dat eventuell zwee Spiller, déi quasi ëmmer de Réck vum Nationaltrainer gestäipt kruten, den Enn vun der Era Holtz ageleet sollen hunn. Op säi Kontrakt, deen Enn des Jores ofleeft, ënnert deen Konditioune verlängert gëtt, schéngt momentan nämlech net realistesch.
Ausser et gi nach weider vill Punkten an deser Kampagn !