Um Wee zeréck

Den Eric Veiga am Interview mat HuelSe.lu. De 6fache Nationalspiller huet sech Zäit fir en klengen Interview mat ons geholl.

Wann en lescht Woch, wéi esouvill fussballverréckte Supporter vun der Nationalekipp, am Summerlach um Internet ënnerwee war fir sech en Iwwerbléck iwwer potentiell Transferten, Rumeuren a Kontraktsituatioune vun onse Roude Léiwen ze schafe konnt en iwwerrascht si wann engem de Transfertmarkt-Profil vum Eric Veiga vrun Ae komm ass. De Lëtzebuerger Nationalspiller gouf do als ouni Veräin repertoriéiert. D’Iwwerraschung war awer nëmmen d’Resultat vun enger Wëssenslacune vum Schreiwer vun dësen Zeilen, deen jo anscheinend guer keng Anung huet wat am portugisesche Fussball aktuell ass. Shame on me ! 
Gutt dat den Eric Veiga e sympathesche Mënsch ass an och bereet war engem Banaus ze äntweren. 

huelSe.lu: Eric, wéi gesäit et momentan bei dir aus ? Hues de e néie Veräin ? 

Eric Veiga (E.V.): Ech hu mäi Kräizband kuerz virum Enn vun der leschter Saison verletzt an hu missen operéiert ginn. Ech konnt mäi Kontrakt awer fir e weidert Joer bei mengem Veräin verlängeren. Mäi Club heescht net méi UD Vilafranquense an ass och nach op Aves geplënnert. Et ass elo den Avs Futebol SAD

huelSe: Wéi geet et dir da mat der Verletzung, wéi laang brauchs de nach bis de nees um Terrain stoe kanns ? 

E.V.: Et si réischt 7 Wochen hier dat ech operéiert gouf a befanne mech elo an der Reha. D’Operatioun u sech ass gutt verlaf an ech schaffen drun am Januar nees oplafen ze kënnen.

huelSe.lu: Ass et net komesch dat zwee Veräiner déi méi wéi 300 km ausernee leien sech zesummen dinn ? Dat bréngt fir dech jo awer och eng Ëmstellung mat ?

E.V. : A Portugal ass et net onüblech dat zwee Veräiner fusionéieren och wann et eng gréisser Distanz tëschent deenen zwee gëtt. Fir mech wäert et keng grouss Ännerung mat sech bréngen. Déi meeschte Spiller sinn déi selwecht wéi lescht Saison, also ass dëst schonn e wichteg Facteur. Ech kënnen Aves jo ganz gutt well ech deemools vu Braunschweig dohinner gewiesselt war. Aves bedeit mir natierlech vill well et dee Veräin war dee mir erlaabt huet mäin Debut an der éischter Divisioun ze maachen. An dobäi kënnt och nach dat zu Aves d’Infrastrukturen an domadder d’Konditioune vill besser wäerten si wéi zu Vila Franca. Fir de Veräin an d’Spiller ass dat natierlech e grousse Plus. 

huelSe.lu: Wéi eng Ziler hues du da perséinlech a wéi eng hutt dir da mat der AFS ? 

E.V.: Mäin Zill ass et elo mol 100% fit ze ginn. Ech hoffen dat mäin Dokter mir am Januar gréng Luucht ka ginn an ech richteg urappe kann. D’Zill vun der Ekipp ass et an d’éischt Divisioun opzesteigen. 

huelSe.lu: Kann e soen dat et däin Zill ass an enger éischter Divisioun Fussball ze spillen  ? 

E.V.: Jo, dat kann e soen. Perséinlech wollt ech schonn dëst Joer an enger éischter Divisioun Fussball spillen. Dat hätt kéinten a Portugal oder am Ausland sinn. Ech hat Clibb déi Interesse gewisen hunn mä du koum d’Verletzung. 

huelSe.lu: An trotz der Verletzung huet d’AFS däi Kontrakt verlängert ? 

E.V.: Ech sinn hinnen dofir wierklech dankbar. Et ass net selbstverständlech engem verletze Spiller de Kontrakt ze verlängeren. Ech hoffen dofir dat mir onst Zill erreechen. Ech géif gären zu Aves bleiwen an nächst Saison mat hinnen an der héchster Divisioun spillen. 

huelSe.lu: Wéi eng perséinlech Ziler hues de dann an Zukunft mat der Nationalekipp ?

E.V.: Ech well onbedéngt am Juni 2024 nees derbäi sinn. Et wier schéin méi Spillzäit mat der Nationalekipp ze kréien a meng Qualitéiten ze beweisen. Ech wëll zu engem festen Deel vum Kader ginn. 

huelSe.lu: Merci Eric a weiderhin eng gutt Besserung 

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.