Während de Fussball hei am Land nach am déiwe Wanterschlof läit ass ee Spiller aus eiser Nationaldivisioun e puer Dausende Kilometer méi südlech scho rem am Asaz: wéi der vläicht scho matkritt hudd, steet de Ronny Souto vun der Fola Esch am Kader vun der kapverdianescher Nationalekipp beim Africa Cup of Nations an ass an deenen 3 Gruppemätcher vum Cap Verde zweemol agewiesselt gin.
Haut huet de Cap Verde säin drëtte Gruppemätch gespillt – a mat 2-1 géint Angola gewonn. Domatt steet den Inselstaat relativ iwweraschend an der Véirelsfinall.
Dem Ronny Souto a senger Ekipp vun dëser Plaz aus bonne Chance fir de weidere Verlaf vum Turnéier gewënscht.
//www.lequotidien.lu/les-sports/41690.html
De Géigner vun de Kapverdianer an der Véirelsfinall steet elo och fest: e Samsdeg um 16h spillen se zu Port Elizabeth géint Ghana.