Mam TGV op Valence

En Densden Moien um 10 Auer hunn den Pol, de Fabs, d´Verena an ech eis op der Gare an der Stad getraff fir vun do aus mam TGV op Paräis ze fueren. Ech hunn mir direkt emol een Bréitchen an een Stéck Äppeltaart kaf, well ech hat nach näischt giess, fir Gedrénks hat den Pol schonns gesuergt, hien hat genuch Dikrecher fir eis all an senger Werdertut derbäi.

Esou goung d´Rees also lass. Am Zuch fir op Paräis gouf schonns vill zesummen gelaacht an vill interessant, och ganz serieux Gespréicher iwwert Aarbecht an d´Liewen am allgemengen gefouert. No 12 Auer sinn mir an der franséischer Haaptstad op der Gare de l´Est ukomm.

Mir hunn elo als éischt emol no engem Bus gesicht fir op d´Gare de Lyon ze kommen. Dat war net esou einfach, well virun der Gare stoungen eng ganz Rei Bussen, mir hunn ower schlussendlech deen richtegen Arrêt an déi richteg Linn fonnt. An ca. 20-25 Minutten huet eis deen Bus dunn och op déi aner Gare bruet, wou mir an engem Café emol een Panini verdréckt hunn.

Géint zwou Auer ass eisen TGV op Valence fortgefuer. Ënnerwee hunn mir emol dem Pol gehollef, seng Tut mat den Béierdousen eidel ze man, fir datt hien manner ze schleefen hätt.

Géint halwer fënnef koumen mir zu Valence op der TGV-Gare- liicht ausserhalb vun der eigentlecher Stad- un. Eisen Hotel, den Ibis Styles, loung direkt bei der Gare an mir hunn just missten iwwert een Parking dohinner lafen. Deen Hotel ass nach ganz nei, e goung eréischt am Hierscht lescht Joer op. Den Fabs an den Pol haten sech een Zëmmer zu zwee geholl, d´Verena an ech jeeweils een Eenzelzëmmer. All d´Zëmmeren waren deck propper, mat Fernseh, Dusch an WC ausgestatt an hunn nëmmen 60 Euro kascht. Beim éischten Eragoen hunn mir ower nawell gutt gelaacht. Virun der Fënster war ëmmer een rouden Rideau, d´ganz Zëmmer war also roud beliicht, esou datt een gemengt huet, et wier een am Roudlichtvéirel geland. Een (halleft) plakegt Meedchen loung hei ower néirens um Bett 😉

Nom Anchecken wollten mir mam Bus an d´Stad fueren an hunn et derbäi fäerdeg bruet als éischt emol an de falschen Bus op Grenoble ze klammen. Mir hunn deen Iertum ower séier bemierkt, sinn op der éischter Haltestell gläich erëm erausgeklomm an sinn an den Bus an déi entgéintgesaten Richtung ëmgeklomm.

Am Zentrum vun der Stad ukomm, hunn mir direkt emol e puer Fotoen geschoss- e.a. vun engem Sprangbuer- an sinn dunn zu Fouss an een Irish Pub gaangen, virun deem schonns den Batty mat véier Kollegen souz. Hei gouf et natierlech Guinness an Killkenny 🙂 Et gouf zesummen gegeckst an mir waren all a Form fir de Match.
P1020455
Iergendwann hunn mir eis zwee Taxen kommen gelooss an hunn eis bei de Stadion féieren gelooss, wou den Schiltze Jhang eis wéi ëmmer mat gratis Tickets fir d´Haapttribün versuergt huet. Haut den Owend sollten eis roud Léiwen hei zu Valence an engem internationalen Testmatch géint Armenien untrieden. Des Affiche war schonns länger ausgemaach, ursprénglech sollten d´Armenier esouguer hei am Trainingslager sinn. Dorausser gouf zwar näischt, de Match war ower schonns terminéiert. Zu Valence gëtt et eng net onbedeitend armenesch Communautéit an esou haten mir haut kloer een Auswärtsmatch, och wann héchstens 1 500 Spectateuren iwwerhaapt do waren. Anscheinend war de Lëtzebuerger Staff net esou frou mat der ganzer Organisatioun: de Stadion war hinnen ze al (den neisten war et elo wierklech net! En gouf an den 70er gebaut an saitdeem wuel och net entscheedend moderniséiert…) an den Catering och net besonnesch. Eis Fans hunn ower déi am Stadion verkaaften Merguez (Prais: 3 Euro) ganz gutt geschmaacht an mir waren zefridden. Manner schéin war d´Wieder. Et huet ee Moment gutt geschifft an et war ferm Wand, mä dat huet sech ower nach virum Upaff erëm berouegt.
P1020462
Eis roud Léiwen hunn nawell wierklech een gudden Match gemaach. Déi éischt hallef Stonn haten eleng si wierklech Goalchancen an sinn an där Phas och verdéngt duerch den Mario Mutsch a Féierung gaangen. De Spiller vun St.Gallen huet no engem wonnerschéinen laangen Pass vum da Mota de Ball souverän ugeholl an aus enger net grad kuerzer Distanz laanscht den armeneschen Goalkeeper an d´Netz eragesat. Leider huet hien sech derbäi onglécklech verletzt an huet missten ausgewiesselt gin. Fir hien koum den Peters eran.
An der Folleg ass Armenien besser an d´Spill komm an huet méi wéi eemol den Joubert op Herz a Niren gepréift. Den Diddelénger stoung alt erem wéi eng Eent, mee leider hun hien ower nach jhust virum Pausentéi missten een onhaltbaren Kappball eraloossen. 1-1 zur Paus!

Déi zweet Halschent huet den Armenier gehéiert déi ëmmer erëm geféierlech virum Lëtzebuerger Goal opgetaucht sin. Eemol huet den Joubert esouguer eng richteg Weltklassparad missten weisen. Lëtzebuerg stoung nëmmen nach hannendran an huet op Konter gelauert. Bei engem solchen wir dem da Mota bal den 2-1 gelongen, mä säin Schoss goung leider laanscht de Goal. Armenien huet selwer och net méi getraff. Och net hiren Star Henrikh Mkhitaryan, deen sech nom Match nach mat de Balljongen sollt ofliiten loossen.

Et ass an der Folleg bei engem net onverdéngten, duerchaus gerechten Remis bliwwen, deen där Equip- an där zudem jo och nach den Payal an den Gerson gefeelt hunn- secher Courage wäert man virum nächsten offiziellen Lännermätsch am März am Stade Josy Barthel géint den Aserbaidschan.
P1020473
Nom Match sinn den Batty a seng Frënn mat engem Taxi an den Irish Pub zeréckgefuer. Mir véier sinn ower brav an den Hotel gefuer wou mir virum Schlofengoen nach een leschten Béier an der Bar ënnen zesummen gedronk hunn. De Pol an ech kruten derbäi nach eemol Honger an hunn eis eng Baguette mat Ham bestallt. Déi war nawell net kleng 😉

Den Dag duerno hunn mir géint 9 Auer gefrühstückt a géint halwer zwiellef aus dem Hotel ausgecheckt. Mam TGV sinn mir dunn op Stroossbuerg gefuer, wou mir géint fënnef Auer ukomm sinn. Eng Stonn méi spéid goung et mat engem weideren Zuch erëm heem op Lëtzebuerg.

P1020461

9 thoughts on “Mam TGV op Valence

  1. luxpjamer 9. Februar 2013 at 08:15

    Ech sinn ëmmer nees begeeschtert wéi’s du ons iwwert de Gastronomëschen Déel vun denger Rees um Lafendem hälls. Freeën mëch schonn wanns du iwwert gegrilltem Schoofskapp mat séngen Ennereien aus dem Azerbaidjan berichs 😉
    Si just entäuscht dat keng Foto der “Schinkenbaguette” de Wee an de Bericht fonnt huet 😀

    Antworten
  2. CK 9. Februar 2013 at 11:32

    LOL. Majo Iessen an Drénken sin wichteg 😉

    Ma ech hun eng Rei Fotoen och hei erop gelueden, mee ech fannen irgendwéi net méi wou een déi ennert den Artikel setzt, derbai hun ech daat selwer ennert mengem Israelrapport nach gemaach…

    Antworten
  3. luxpjamer 11. Februar 2013 at 04:45

    @ck : u sëch ass et ganz einfach. Du brauchs nëmmen mat der Maus dohinner ze klicken wou’s de d’Foto wëlls an duerno einfach an de Menu “datei hinzufügen” eragoën an däi choix maachen.

    Antworten
  4. Fabs 12. Februar 2013 at 20:24

    Also, den ck huet aerch awer nach su munches verschwiigen vun sengen gastronomeschen Delikatessen vum 2. Daag tgv…

    Antworten
  5. Chrëschtel 12. Februar 2013 at 20:52

    Ech stellen mer eischter d’Fro wéi een zu Paräis kann mam BUS vun enger Gare op di aanner fueren? 😉

    Antworten
  6. KDM 12. Februar 2013 at 21:04

    Also mir huet de PUB gudd gefall!
    Suff Allez!

    Antworten
  7. luxpjamer 13. Februar 2013 at 05:09

    @Chrëschtël : déi Fro hunn ech mir och gestallt ! 😀

    Antworten
  8. Fabs 13. Februar 2013 at 15:05

    Et hätt een och kennen den Metro huelen, mee do soot den Här am Guichet, do misst een emsteigen an vu dat mier fir di 5 km awer e bessi zait haaten sin mier do Bus gefuer!

    Antworten
  9. luxpjamer 13. Februar 2013 at 15:14

    Mam Batty wieret e Bannermarsch duerch Paräis ginn !

    Antworten

Schreibe einen Kommentar zu Fabs Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.