Viru just ronn 150 Zuschauer huet d’Lëtzebuerger Nationalekipp sech gëschter Owend géint den 1.FC Saarbrécken mat 3-2 duerchgesat. No der laanger Wanterpaus hätt ee vläicht kënnen dervun ausgoen, dass den Appetit vun de Lëtzebuerger Supporter fir rem Fussball kucken ze goen méi grouss wier wi esou, mee dat kuerzfristegt Verleën vum Mätch vu Konsdrëf op Péiténg wiert eng Rei Leit ofgehal hunn, sech de Mätch ukucken ze kommen.
An der Ufangsphas war Lëtzebuerg optësch di iwwerlëen Ekipp, Golchancen goufen et awer op béide Säiten nëmme wéineg. No 24 Minutten ass Saarbrécken dun, zu deem Zäitpunkt sëcherlech glécklech, mat 0-1 a Féierung gaang. Kuerz drop konnt de Joubert e Ball net festhalen, an de Soltanpour vum FCS muss de Fouss just dohin halen fir op 0-2 ze erhéigen. Emmerhin ass Lëtzebuerg kuerz virun der Paus, no enger schéiner Kombinatioun iwwert di riets Säit nach den 1-2 Uschlossgol duerch den David Turpel gelong.
An der Paus gouf, wéi bei sou Testmätcher üblech, vill ausgewiesselt: nët manner wéi 7 nei Spiller huet den Trainer Luc Holtz an der 46.Minutt erabruecht. Di aner 4 Spiller sollten am Laf vun der zweeter Halschent och nach ausgetosch ginn, soudass Lëtzebuerg dëse Mätch am ganzen 11 mol gewiesselt huet.
Natierlech huet et dun an der 2.Halschent e wéineg gedauert bis d’Rout Léiwen sech fonnt hunn, mee de Saarbrécker goung et ähnlech, soudass de Mätch an dëser Phas vill „Mëttelfeldgeplänkel“ hat. Réicht an der leschter Véirelsstonn ass rem méi um Terrain geschitt: ugefaang huet alles mat der Awiesslung vum Luisi, deen direkt mat sengem éischte Ballkontakt méi oder wéineger fräiwëlleg en Ofstouss vum Saarbrécker Golkipp ofgefaang huet, respektiv ugeschoss gouf, an de Ball ass irgendwéi am Saarbrécker Gol geland. Dëss kurios Szen war also den 2-2. An der Nospillzäit gouf et dun nach e Fräistouss fir Lëtzebuerg: Fräistouss, e Verteideger kënnt mam Kapp un de Ball an déviéiert en an den eegene Gol: eng Situatioun, di duerchaus un de Selbstgol vum Wollscheid leschte Samsdeg beim Bundesligamätch Leverkusen géint Bayern München erënnert huet suergt fir de verdéngten 3-2 fir Lëtzebuerg!
Anscheinend wier den Chris Martins en zimlëch talentéierten Borscht.
Jo, hien huet fussballerësch a kämpferesch gutt ausgesinn, just heiansdo e bësse falsch, mä esou, datt den Arbitter et awer all Kéier matkrut huet. Wann en dat nach verbessert kritt sécher eng Beräicherung. Wou spillt deen iwwerhaapt? Metz?
Als Beggener misst du dat awer wessen 😉 am selweschten Veräin wei Luisi, Trapp an Dragovic.
De Jong huet reischt 16 Joer ! An am Quotidien steet dat hien seng Formatioun nächst Joer ” du côté de Lyon” maache geif. Dann hoffe mir mol dat hien nëmmen eng Nationalitéit huet 😉
De Martins keinnt och nach fir de Cano Verde spillen. Hien gouf fir de Match vun e Freiden nominéiert a wann hien agesaat gett, bléift hien fir ëmmer e Roude Léiw.