Profi Nummer 4!

Wéi verschidde Medien haut mellen, wäert de Chris Philipps haut um Donneschden sain éischte Profiskontrakt beim FC Metz ennerschreiwen.

Domat as hien no Mario Mutsch (FC St. Gallen), Lars Gerson (IFK Norköpping) an Aurélien Joachim (Willem II Tilburg) deen 4. Profi am Kader vun der Nationalekipp. De Chris huet mat 6 Joër seng éischt Lizenz beim FC Green Boys Harel-Iischpelt gemach, vu wou hien am Alter vun 13 Joër op Ettelbréck an vun do weider an d’Fussballsschoul vum FC Metz gewiesselt as. Domat trëtt hien an d’Foussstapfe vu Leit wéi Nico Braun a Jeff Strasser, déi deene meeschten Metzer Supporter nach a gudder Erënnerung sin. Nom Jeff Strasser as hien no 20 Joër och deen éischte Lëtzebuerger, deen de Sprong aus enger Fussballsschoul an d’Profilager gepackt huet.

Eng gudd Noricht also och fir d’Lëtzebuerger Nationalekipp. An deenen nächste Méint kéint mam David Caiado ee weidere Profi dozou stoussen, deen a Bulgarie spillt an deen och déi lëtzebuergesch Nationalitéit kéint unhuelen, wann dat neit Gesetz iwwert d’Naturaliséierung gestëmmt gëtt. Ausserdem steet jo och de Maurice Deville um Sprong an de Profisberaich.

Huel se! wënscht dem Chris bonne Chance a vill Erfolleg fir seng weider Carrière!

benem

huet säit 2003 just 6 Heem-Lännermatcher verpasst.

Learn More →

3 thoughts on “Profi Nummer 4!

  1. luxpjamer 28. März 2013 at 17:05

    Wei soën se doiwwer : Bonne merde Chris !
    Wahnsinn wann e bedenkt datt mir an e puer Méint vläit 6(!!!) Profien an der Equipe hunn.

    Antworten
  2. luxpjamer 28. März 2013 at 17:27

    //www.lequotidien.lu/les-sports/43460.html

    Antworten
  3. luxpjamer 29. März 2013 at 21:30

    //www.lequotidien.lu/les-sports/43482.html

    Antworten

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.