Eng nei Chance fir de Pedro ?
Nodeems de Joel Pedro vu sengem Formatiounsveräin Sedan zeréck op Lëtzebuerg komm ass leeft et zimlech gutt fir de jonke Mëttelfeldspiller. Den 20 Järegen huet sech am Starensemble vum F91Diddeleng duerchgesat an ass ee vun den eenzege Liichtbléck vum amtéierende Champion deen dëst Joer ouni Titel do steet.
Säit 2009 ass de fréiere Spiller vum FC Kehlen och am erweiderte Kader vun der Nationalequipe. Bis Februar 2012 huet hien insgesamt 8 Matcher fir d’Roud Léiwe gemeet. Säit sengem Schratt zréck an d’Heemecht ass awer kee Match dabei komm. An datt trotz senge gudde Leeschtungen an der BGL-Ligue.
De Luc Holtz behaapt datt de Pedro net méi beruff gëtt well hien sech eng Kéier verweigert hätt fir d’U21 opzelafen a kritiséiert seng Astellung. De Spiller seet datt dëst net stëmmt a mengt de Problem ze kennen. Well en awer net nennen.
Als Zuschauer kann een nëmmen hoffen datt déi zwee sech mol op en Dësch setzen an duerno bei Null nees ufänken. Der Nationalequipe géif e Spiller wéi de Pedro sécher gutt bekommen an als Nationalspiller géif dem Spiller säin Dram vun enger Proficarrière net ausgedreemt sinn.