Mat der Naturalisatioun vum gebiertgen Franzous Maxime Chanot gewënnt déi lëtzebuerger Nationalequipe iere 5ten Profi. Niewt dem aktuellen Spiller vu Beerschot, spillen jo schonn den Mario Mutsch, den Aurélien Joachim, den Chris Philipps an de Lars Gerson fir e professionnelen Futtballsveräin.
Dat de Chanot demnächst fir ons Roud Léiwen oplafen wäert, schéinnt nëmmen eng Fro vun der Zäit ze sinn. Kann Lëtzebuerg op e Spiller verzichten deen den Duerchbroch an der éischter belscher Liga gepackt huet ? Och wann säi Veräin et sportlech net gepackt huet an wéinst finanziellen Schwieregkeeten souwisou retrogradéiert gett schéinnt dem Chanot säi Wee an der Jupiler League weider ze goën. Nieft dem bekannten Interessi vum Sporting Charleroi soll nach en aneren Éischtliguist sech bei ihm gemellt hunn. De Spiller léisst sech awer nach e wéinëg Zäit eh hien eng Entscheedung trefft an wart nach wéider Offer of. Och wann seng spilleresch Fäegkeeten, éierlech gesott, ons e Rätsel sinn schéinnt säin CV dach genug impressionnant fir dovunner iwwerzeecht ze sinn dat hien ons Verteidegung verstärken wäert.
Wéi esou oft wann en Spiller sech ëmbiergeren léisst, kommen natierlech och kritësch Stëmmen op. Da gi Spiller an Federatioun fir ier Entscheedungen kritiséiert, den Enn vun der Lëtzebuerger Kultur propagéiert an de Glaawen un ons Futtballtalenter a Fro gestallt. Dozou kann een u sech nemmen ëppes schreiwen : an onsem Land ginn et Gesetzer déi kloër stellen wéieng Konditiounen een erfëllen muss fir de lëtzebuerger Pass ze kreien. De Chanot huet a sengem Stammbamm en lëtzebuerger Ur-Grousspap an eng lëtzebuerger Bom. Datt sinn Konditiounen déi et engem erlaben lëtzebuerger Biirger ze ginn. Et ass säi Recht de Schrëtt zur lëtzebuerger Nationalitéit ze maachen. Ons Nationalequipe ass de Reflet vun onser Gesellschaft an dozou gehéieren och agebiergert Lëtzebuerger. Als agebiergerten Spiller gehéiert den Chanot da geschwënn an eng Réih vu erfollegreich Spiller wéi Rémy, Zaritski, Krings, Joubert, Mutsch an ënner anerem den Da Mota.
Wann ons Chamber elo hoffentlëch esou schnell wéi méiglëch iert néit Naturalisatiounsgesetz stëmmt dann ass och endlëch de Wee fir, deen zu Lëtzebuerg gebuerenen, David Caiado fräi. An domadder hätte mir eng hallef Dosen Profien an onsen Réihen. Dat wier eng Situatioun vun där mir nach virun e puer Joer net ze dreemen gewot hätten.
Wann een dann nach wees dat en Deville kuerz vrun enger Carierre als Profi steet an mat Clemmensen an Holter der nach zwee am Ausland iert Gléck sichen da kann een sech op déi näachste Joer freeën.
//www.lequotidien.lu/les-sports/45035.html