Browsing Category

Allgemeng

Besser wéi 1996 !

Allgemeng By 16. Oktober 2017 No Comments

De Rekord vun 1996 ass gebrach ! Ons Roud Léiwen sprangen vun der 101 op déi 93 Platz an der FIFA Weltranglëscht. Domadder ereechen dem Luc Holtz seng Männer de beschte Klassement an der Geschicht.

Ganz interessant ass dat d’FLF Selektioun nët manner wéi 13(!) europäesch Verbänn hannert séch léisst.

 

Share:

Eng Course géint d’Zäit

Allgemeng, Auswäertsreesen By 8. September 2017 No Comments

„Nach 10 Minutten…“ d’Nervositéit ass bal net aus ze halen, d’Hänn si schweeseg, d’Häerz schléit esou fest dat et am Kapp trommelt.
„Nach 5 Minutten, Jongen ech halen et net méi aus ! Dat Waarde mécht mëch verréckt…“
„Beroueg dech, mir packen et schonn“
„Ee Moment, ech hunn eng Iddi“
„Hey Monsieur, vous nous ramener au Stade pour 10€ ?“

Share:

Bravo

Allgemeng By 1. September 2017 No Comments

Losse mir ons éierlech sinn, am Virfeld vum Match hunn déi maanst onser Nationalequipe zougetraut e positivt Resultat géint Wäissrussland ze maachen. Dat loung net um Géigener mä un der laanger Lëscht vun Ausfäll fir d’Duebelkonfrontatioun géint Wäissrussland a lo e Sonnden a Frankräich. Moris, Schon, Mahmutovic, Lars Gerson, Mutsch, Chanot, Laterza a Bensi verletzt a Kiki Martins a Malget gespaart. Soit ons quasi ganz Ofwierréih an hiere direkten Ersatz.

An awer hu mir et fäerdeg bruecht eng kompetetif Equipe op d’Stéck ze schecken. De Mangel un Automatismen a Repèren huet sech phaseweis bemierkbar gemeet mä d’Jongen un dëst mat enger genialer Astellung a groussem Wellen ausgeglach. D’Wäissrussen konnte frou sinn dat déi Equipe gëschter nach net agespillt war well soss hätt en eng hefteg Néierlag kënne ginn.

Gestützt vun de Routinier Joubert, Jähnisch, Philipps, Jans, Da Mota an Joachim hunn ons Spunten aus der BGL Ligue, de fantastëschen Olivier Thill, de monströsen Skenderovic an den enorme Marvin Martins de Scouts op der Platz an all Granzsak gewissen dat mir groussarteg Talenter am Land hunn. „Eng Victoire fir d’ganzt Land“ sott de Nationaltrainer nom Match. An hie loung domadder absolut richteg.

De Lëtzebuerger Fussball lieft !

Share: