Browsing Category

Legenden

Gusty Kemp, den éischte Profi

Allgemeng, Eis Spiller am Ausland, Legenden By 24. Februar 2015 Tags: , 3 Comments
Gusty Kemp- image fc Metz

Gusty Kemp- image fc Metz

 

Haut vrun 98 Joer gouf e vun de wuel talentéiertste Stiermer vu Lëtzebuerg gebuer.
De Gusty Kemp koum den 24 Februar 1917 zu Déifferdeng op d’Welt an huet seng éischt Bäll och an der „Cité du Fer“ gestouss. Dem „Super Canonnier“ séng Fäegkeeten blouwen nët lang e lëtzebuerger Geheimnis an den FC Metz huet aus him den éischte Lëtzebuerger Foussballsprofi gemeet.
An 87 Matcher huet hien, sensationell, 63 Goler fir d’Grenats geschoss ! Trotz senge klénge Féiss ( et gëtt gesott hien hätt „35“ am Schung gehatt) war hien dofir bekannt e gewaltëge Schoss ze hunn an och aus gréisserer Entfernung de Gol ze treffen.

Seng Trefferquote an der Nationalekipp léisst sëch mat 15 Goler an 21 Matcher natierlëch och weissen. Domadder ass hien zweet beschte Buteur vun allen Zäiten an der Nationalekipp. Besser huet et nëmmen den Léon Mart gemeet ( 16 Goler an 24 Matcher).

1936 huet de Kemp mat der Lëtzebuerger Nationalekipp un den Olympëschen Spiller deelgeholl. An der Achtelsfinal, déi éischt Ronn, huet Lëtzebuerg sëch och direkt mam „däitsche Räich“ moosse mussen. Am „Poststadion“ war nom 9-0 och schnell Schluss fir onst Länd’chen an ons Männer hatten schnell d’Valisse gepackt.

image

Eng vun de Stärstonnen vum Kemp an den anere Roude Léiwen vu senger Epoche war, ouni Zweifel, d’Victoire am éischte Nokriegslännermatch heiheem géint d’Belsch.
Vru 12000 Zuschauer hunn ons Männer ons Nopperen mat 4-1 aus dem Stadter Stadion geschéckt. D’Belsch déi no engem 0-0 géint England, eng vun den eenzege Profisekippen deemols, waren als kloeren Favorit an de Match gangen. De Gusty Kemp hatt sëch an deem Match an der 71 Minute mam 4-0 an d‘ Scorerlëscht agedroën.
Den 13 Mai 1945 ass dofir en historëschen Datum fir Fussballlëtzebuerg.

Dem Gusty Kemp seng Carrière goung den 13 Abrëll 1948, dramatësch, zu Ënn. Bei engem Autosaccident bei Hayange bezillt den erfollegräiche Foussballspiller mat sengem Liewen a Lëtzebuerg verléiert, vill ze fréi, e ganz Groussen.

Share:

Vergiessen Helden : Gilbert Dussier

Eis Spiller am Ausland, Legenden By 23. Dezember 2014 Tags: No Comments

De Gilbert Dussier war e lëtzebuergëschen Footballspiller deen am Laf vu senger Carrière vir verschidde Profisveräiner opgelaf ass.

Gebuere gouf hien de 23 Dezember 1949 zu Oïcha-Beri am fréieren Belsche Kongo.

Den Zenterstiermer seng Fussballscarriere ass awer réischt richteg zu Lëtzebuerg lasgangen. Vun 1967 bis 1973 huet hien fir d’Red Boys vun Déifferdéng gespillt an huet 1972 mat hinnen d’Coupe gewonnen.

1973 huet dunn d’Jeunesse den Dussier verpflicht an an der Saison huet hien wuel e vun de legendärste Goaler am Lëtzebuerger Fussball geschoss.
Et war den 19.09.1973 an d’Escher Fans wëssen bestëmmt ëm wat fir e Match et sech handelt. An der 88 Minute schéisst den agewiesselten Dussier nämlech den 1-1 géint keen gerengeren wéi den Liverpooler FC !

No nëmmen enger Saison ass et dunn fir den Dussier an Däitschland wéidergangen.
An der Saison 1974-75 huet de Nationalspiller sensationnel 17 Goaler fir den SV Röchling-Völklingen geschoss. Géint den 1.FC Nürnberg packt hien souguer d’Konschtstéck an der 1 Minute den 1-0 ze schéissen.
Duerch seng wonnerbar Leeschtungen huet hien net nemmen dofir gesuergt datt säi Veräin an der zweeter Bundesliga bléift mä och datt den AS Nancy sëch hien gekroppt huet.

3 Joer méi spéit ass et dunn fir eng Saison bei den OSC Lille gangen fir déi Saison drop fir THOR Waterschei ( e vun den zwee Veräiner aus deenen spéider de KRC Genk ginn ass) ze spillen.

Säin éischte Lännermatch huet hien géint Holland, mat enger 0-6 Néierlag, um 24 Februar 1971 geféiert. De Mount drop schéisst hien bei der 4:2 Victoire géint d’Amateursnationalekipp aus Däitschland en Doppelpack.
An 39 Matcher fir d’Roud Leiwen schéisst de Gilbert Dussier 9 Goaler.

Den 3te Januar 1979, am Alter vun 29 Joer, stierft den Gilbert Dussier un de Folgen vun enger Leukämieerkrankung.

Share: