Browsing Category

M-Block

Fanmatch Lëtzebuerg-Ukraine

Huelsenetzeeescht, M-Block By 11. November 2014 Tags: , 2 Comments

De Samsdeg 15ten November 2014 spillt ons Lëtzebuerger Fannationalekipp e Match géint eng Auswiel vun ukrainesche Supporter.

Wéi scho géint Nordirland ass och dës Kéier de Ludovic Dubois den Trainer.

Huelse hatt d’Éier hien fir e kuerzen Interview um Telefon ze erreechen.

Herr Dubois, schéin nees eng Kéier eppes vun iech ze héieren. Wou sidd dir da lo drun ?

Moie Kléngen. Wéi et onschwéier um Kaméidi ze erkennen ass, setzen ech grad zu Pataya an enger Bar a waarden drop datt dëst Gespréich zu Enn ass fir mol richtëg lass ze leeën.

Dir sidd an Thäiland ? Waat macht dir dann do ?
Ma wat mengs du dann? Datt wëlls du net wësse sos muss de direkt beichte goen ( haart Gelaachs a Gegrunz ). Ech hu mech hei niddergelooss well ech war es midd ëmmer nees vun der ADEM gesot ze kréien ech wier iwwerqualifizéiert a se kéinte mir keng Aabescht fannen. Sou ass datt wann’s de 20 Joer an d’Schoul gaange bass.

Mä wann ech mech richteg erënneren hued dir dach just eng 9ième Modulaire ?
An dann ? 20 Joer sinn 20 Joer just héi an Thailand net ( schonn nees laacht en sech en Eck ewëg)

Watt hutt dir da lo dohanne gemeet ?
Ma ech war Rettungsschwëmmer an hunn eng gewëssen Zäit do um Strand geschafft. Ech soen dir eppes, Männchen, esou en Ubléck haas du nach ni. Datt ass e Genoss deene Meedëcher hei nozekucken. Schued datt se mech no 3 Wochen eraus gehäit hunn. Mä datt ass e Skandal, wéi konnt ech wëssen datt een dofir Schwamme kënne misst !

Ok, da komme mir zu engem aneren Thema. En Trainer, wéi dir e sidd huet, jo bestëmmt net vum Terrain loosse kennen.
Datt sees de gutt Jéng’chen. Ech hunn hei eng Ekipp trainéiert, zweet Liga, onméiglechen Numm. Datt war e bësse kurios. Krut mol heinsdo eng Enveloppchen an hunn dei dem Arbitter weiderginn. An zack, 3 Goaler an der 90ster, 97ster an 105 Minutt. Trotzdem krut ech Problemer well et net gutt ukomm ass wéi ech menger Ekipp gesot hunn mir sollen e Match verléieren. Wa mir gewonnen hätten hätte mir de Week-End drop och spille missen an ech hätt keng 200€ kritt. Wéi domm muss en da sinn ?

Lo, mol zréck bei ons Fannationalekipp. Dir sidd erstaunlëcherwéis nach e Mol als Trainer designéiert ginn. Wéi koum et dozou ?
Männi, et gi Léit déi hëllefen de Blanner iwwert d’Strooss an anerer rette Pinguinen. Ech probéiere Fussballdyslexiker bäizebréngen e Ball ze stoussen. Du misst mol gesi wéi se sech freeë wann se de Ball richteg treffen. Herrlech.

Wéi mengt dir dann datt de Match ausgeet ?
Hues de déi Léit gesinn déi nominéiert sinn ? Mengs de mir hätten eng Chance ? Nee, a grad déi wëlle mir notzen. A se hu besser se katzen nom Match hier Mammemëllech nees eraus !

Zeréck zu iech. Et gëtt gemunkelt dir hätt eng Alkoholskrankhéet. Ech ? Waat soll datt heeschen. Ech si säit 7 Méint drëchen. Ech drénken nëmmen nach DRY Gin ! ( scho grunzt en wéi e Schwäin wat leefeg ass)

Merci fir d’Gespréich a bonne chance fir e Samsdeg

De Kader :

Fabien Olsem, Paul Krier , Dan Frederes , Raym François, Kevin Dechmann, Mich Delleré , Max Wies , Christophe Rehlinger, Sven, Basti Schroeder, Eric Offermann, Gilles Moos,Andy Kil, Marc Goeders, Joe Feller

De Match gett um 11 Auer gespillt. Et ass awer nach net gewosst wou. Wéider Informatiounen komme no.

Share:

Siwe Liewen wéi eng Kaatz ?

Allgemeng, M-Block By 9. September 2014 Tags: , 4 Comments

De Volléksmond schwetzt jo gäeren vun der Kaatz mat de siwe Liewen a muncher ënnersträichen dëst och mat Geschichten déi dëse Mythos beféieren. Ëch erënnere mëch oft un eng Geschicht déi ech erzielt krutt, ët soll mol eng Patrouille Polizisten wéinst enger tollwütëger Kaatz geruff gi sinn. Wou se Déier an engem Schapp fonnt hunn hätten se probéiert de Kueder ze fänken. Dëse war awer anschéinend esou agressiv datt d’Polizisten décidéiert hunn d’Déier ze erschéissen. Dir kennt iech bestëmmt firstellen wéivill Kugelen se gebraucht hunn bis de Kueder erleedegt war, genee siwen.

D‘ M-Block Fanatics krutten scho puer Kugelen of, wéivill kann een net soën, de „Fanklub“ loung och schonn oft am Koma mä huet sëch bis lo emmer nees opgerappt.

Klénge Bléck zeréck

20140909-101538.jpg

Am Joer 1995 hu sech e puer Léit zesummegeschloss fir den M-Block Fan-Club Luxembourg a.s.b.l op d’Been ze stellen. Aus deenen wéinëge Léit sinn der ënnerhalb e puer Méint schnell ëm déi 500 ginn. Beféiert vun der historëscher 96’er Europameeschterschaftqualifikatioun koumen d’Fans Masseweis an d’Kéier hannert dem Goal. Zur sëlweschter Zäit huet sëch nieft dem „M-Block“ mat den „Ultras 95 Lëtzebuerg“ e wéideren Grupp, awer kuerzliewegen, am Block gebildt.
An de folgende Méint konnt och schonn eng Choreographie an e Fanzine presentéiert ginn. Lëschteren huet sëch „Huel Se!“ genannt.
Et huet dunn nach e puer Joer gedauert bis Auswaertsmätcher organiséiert gi sinn. Den M-Block ass dann och a sëlleche Länner onse Jongen nogefuer an huet hinnen den néidegen Support am Ausland ginn.

20140909-101701.jpg

Den Éisléckerboom

20140909-101810.jpg

Ëm d’Joerdausendwenn war et dunn awer mat der Herrlechkeet eriwwer, entäuschend Leeschtungen um Feld, Meenungsverschiddenheeten mat FLF a Sécherheetsfirmen, M-Blocker déi manner Zäit wéinst Famill an Arbëscht hatten, keen Zouwues a generellem Désinteressi un der Nationalekkip hunn dozou gefuert datt den M-Block kuerz vru séngem Enn stoung.
Den haarde Käer deen deemols nach am Block stung a gesongen huet, konnt e mat zwou Hänn zesummenzielen. Dës Léit hunn während laanger Zäit den M-Block artifiziell um Liewen erhallen an och bei ganz grausamen Prestatiounen um Terrain huet de „Spirit“ vun engem Supportertum am Josy geweht. Lues a lues huet de „Fanclub“ sëch erkritt an duerch en Zouwues vun ongevéier 50 Éislécker konnten d’M-Block Fanatics 95, wéi en sëch entretemps genannt huet, 2005 beim Match géint d’Slowakei 10 Joer féieren. Ët gouwen nees Tifo’en organiséiert, Versammlungen gehaalen, Auswaertsmatcher geplangt, den Austausch mat der FLF verbessert, sëch fir en néien Stadion ausgeschwat an den M-Block Forum krutt nees néien Opwand.

20140909-101925.jpg

E puer Gäng zeréck

20140909-102033.jpg

Mä och héi huet et e puer Joër gedauert an den M-Block huet lues a lues nees u Memberen verluer. Meenungsverschiddenheeten par rapport vun engem Tribunewiessel op d’Tribune de Face, M-Blocker déi manner Zäit hunn, Jonker déi an d’Ausland studéieren gangen sinn, eng manner gutt intern Organisatioun, etc hunn dozou gefuert datt nach lescht Weltmeeschterschaftkompagne ëmmer manner Léit de Wee an d’Kéier fonnt hunn. Den Internetsite an de Forum lungen ( a laien nach ëmmer) brach, den Banner war verschwonnen, wéinëg Nowues, wéinëg Stëmmung. Aus dem harde Käer vu Fréier blouwen der nëmmen nach e puer iwwrëg. D’Situatioun war net esou einfach an d’Zukunft vum M-Block war ongewëss.

Lëftchen oder Obwand ?

20140909-102624.jpg

Duerch eng attraktiv Spillweis a positive Resultater vun der Ekipp, d’Obruffen vun Aktiounen (z.B. „ALLez ROUD“ beim Nordirland Heemmatch), Gestaltung vun Fanmatcher, koum nees e bësse Bewegung an datt Ganzt. Och onse Blog, huelse.lu, schéinnt bei de Léit nët schlecht unzekommen an indirekt och dozou bäizedroën datt den M-Block interessant ass oder gëtt. Den Nordirland Heematch war sécher e vun de schéinsten Erliewnisser vun de leschte Joër.
Beim éischten Heemmatch vun der EM-Quali 2016 géint Belarus war den M-Block nees gutt besicht, et gouf gesongen, Faarw bekannt, e March op de Stadion organiséiert. Datt den M-Block vun der FLF zum Gratisblock fir deen Match ernannt gouf huet de Fanatics sécher an d’Kaart gespillt an ët bléift spannend op den Trend och an Zukunft an déi selwescht Richtung geet. Elementar dobäi sinn d’Organisatioun, d’Vergréisserung vum haarde Käer, d’Relatiounen mat der FLF opriicht erhalen an datt de Verantwortléch andauernd fir Nowues suergen.

Wéi et schéinnt ass nët nëmmen um mä och nieft dem Terrain en Ëmbroch méiglëch, schonn beim Auswaertsmatch zu Genk huet en néi Gesichter gesinn an d’Léit erbléckst déi Verantwortung fir d’M-Block Fanatics 95 huelen kennen, mussen. An engem Joer bléisst den M-Block 20 Käerzen, do kennen sëch déi „néi“ beweissen.

D’Fanatics kennen jo vun den fréieren Feeler a Problemer profitéieren fir de Fanclub ze stabiliséieren. Well wann datt mat de siewe Liewen stëmmt sinn och déi nët éiwëg.

Share:

ROAD TO FRANCE – firwat net?

Allgemeng, Fussball international, Fussball national, M-Block, Nationalekipp By 11. Juli 2014 Tags: 2 Comments

D’WM steet kuerz virun hirem Ofschloss, d’Lëtzebuerger Veräiner hunn an Europa leider ze fréi missen Äddi soen – trotz deels gudde Leeschtungen – déi verbleiwend Veräiner si schonn erëm an der Preparatioun fir d’nei Saison an de Programm vun eise Roude Léiwen fir déi nächst 2 Joer steet och scho méi oder wéineger.

Alles wéi gehabt bis elo – oder dann awer vläicht net? Well en Vue vun der Euro 2016 an eisem Nopeschland Frankräich ginn a gewësse Supporterkreesser Gedanke gesponnen, déi vläicht net total abwegeg sinn: nämlech mat Gléck a Chance kënne bei deem Turnéier derbäi ze sinn! Verréckt? Sécher! Novollzéibar? Op alle Fall! Réaliséierbar? Net onméiglech!

Lëtzebuerg spillt an enger Grupp zesumme mat dem demontéierte Weltmeeschter vun 2010, Spuenien, mat der politesch onsécherer Ukraine esou wéi mat Wäissrussland, Mazedonien an der Slowakei.

Eng kleng Iwwersiicht iwwer dës Géigner soll eis elo e puer Argumenter liwweren, firwat een un esou eng Sensatioun kéint gleewen, och wa mer ganz virsiichteg bleiwen.

a) Spuenien: normalerweis gëtt et hei näischt ze radetten, weder doheem, nach auswäerts an eis Jonge wäerten och dem 1. an der Weltranglëscht a séngem Renouveau kaum wäerte Paroli bidde kënnen. Mä am Testmatch an Italien gouf gewisen, datt ee géint e fréiere Weltmeeschter (Plaz 9 an der Weltranglëscht) op engem gudden Dag kann eppes rappen. Pronostic: 0 bis 1 Punkt(en) an 2 Matcher géint Spuenien.

b) Ukraine: d’Ukraine ass 16. an der Weltranglëscht an u Frankräich an de Play-Offs fir Brasilien gescheitert. Normalerweis géif hei dat selwecht gëllen wéi fir d’Matcher géint Spuenien. Mä wéi wierke sech déi politesch Onrouen dohannen op d’Equipe aus? A besteet net esouguer de Risiko, datt d’Equipe, wéi deemools beim Biergerkrich a Jugoslawien, zerfällt a vill gutt Spiller net méi fir déi selwecht Natioun oplafen (kënnen)? Mä wa mer realistesch bleiwen gëtt et och hei de Pronostic: 0 bis 1 Punkt(en) an 2 Matcher géint d’Ukraine.

c) Slowakei: Virun 3 Joer hu mer géint d’Slowakei am Niwwel 2-1 gewonn, duerch 2 Goaler vum Dan Da Mota. Do virdrun an 2 Qualimatcher (2004/2005) 0-4 an 1-3 verluer. Mä dat waren aner Equipen! Mat Chance ass géint d’Slowakei erëm eppes dran, zemools eis Equipe sech weider entwéckelt huet. Pronostic: 1-3 Punkten an 2 Matcher géint d’Slowaken.

d) Mazedonien: 80. op der Weltranglëscht (37. an Europa). Virun 2 Joer hu mer 2-1 géint déi an engem internationale Frëndschaftsmatch gewonn. Interessant ze wëssen ass hei, datt Mazedonien 2 Plazen an Europa an 3 Plazen an der Weltranglëscht virun Aserbaidschan läit, géint déi mer an der leschter Campagne 2 Punkte kruten, der awer mindestens 4 hätte misse kréien. Gi mer dovunner aus, datt Mazedonien an Aserbaidschan op engem Niveau leien, komme mer op folgende Pronostic: 2-4 Punkten.

e) Wäissrussland: copy-paste fir Wäissrussland, 82. op der Welt, 38. an Europa, d.h. eng Plaz hanner Mazedonien, eng virun Aserbaidschan. Well mer traditionell awer géint Wäissrussland nach ëmmer gutt ausgesinn hunn, e liicht verbesserte Pronostic: 3-6 Punkten!

Lëtzebuerg kraucht op der Plaz 119 op der Welt ronderëm (46 an Europa vu 54). Natierlech muss alles klappen, d’Profien musse fit a gutt drop sinn, d’Equipe muss funktionéieren, soss sti mer séier och erëm mat 0 Punkten do. Mä bei där aktueller Equipe an der Entwécklung, wier dat Schwaarzmolerei. An et bleift ofzewaarden, ob de Luc Holtz senger Devis vun der leschter Campagne wäert trei bleiwen: nämlech méi Punkten ze kréie wéi an der Campagne virdrun. Dat wieren der dës Kéier mindestens 7. Wat awer net géif duergoen, fir 3. an der Grupp ze ginn, wat awer méi wier, wéi fir d’WM. Op der anerer Säit wäerten och eis “kleng” Géigner genau esou rechne wéi mir, nämlech datt et ni esou einfach wäert sinn, op eng Euro ze fueren wéi 2016.

Dofir ass et un eis all, un alle Futtballfrënn zu Lëtzebuerg, sech mat Abo’en an Tickéen anzedecken, de Stadion ze fëllen, Stëmmung ze maachen an eiser Equipe de Réck ze stäipen!

Maacht all matt bei eiser “Road to France!” – näischt ass onméiglech, wann een zesummenhält!

Roude Léiw – Huel se!

An hei sinn all d’Infos fir en Abo ze bestellen: https://www.facebook.com/events/1557198084507630/?ref=3&ref_newsfeed_story_type=regular20140530-211858.jpg

Share: