Fir d’drëtte Kéier hannerteneen huet de CK, hei op huelse virun allem als Auslandkorrespondent fir „exotesch“ Auswäertsmätcher aktiv, allen 10 Qualifikatiounsmätcher vun de Roude Léiwen gesinn.
Esou haart haat wuel keen sech d’Land erwaard no dem goldene September : a Schweden haat eis Selektioun haut de Mëtten naischt ze gutt a verléiert héich mat 8:0 . Een zweifelhaften Eelefmeter huet de Léiwen fréizäiteg d’Genéck gebrauch.
Lëtzebuerg – Fortuna Köln 1:0 (0:0)!
Gëschter gewannen eis „Amateur“-Roud Léiwen an engem Testmatch géint den däitschen Drëttligist Fortuna Köln. Bis op de Gerson Rodrigues, dee jo scho mat Telstar aus Nordholland trainéiert a wahrscheinlech dohinner wiesselt, huet de Luc Holtz just mat Spiller aus dem lëtzebuerger Championnat gespillt. Ze notéieren ass dat den Dino Toppmöller, Trainer vum F91 Diddeleng, seng Spiller fir dese Match net fräi ginn huet.
Dass et zu Rotterdam schwéier fir d’Rout Léiwe sollt ginn war gewosst. Dass um Enn awer sollt mat engem 5-0 déi héchsten Néierlag fir d’Lëtzebuerger an engem Qualifikatiounsmätch säit dem Oktober 2012 (engem 0-6 doheem géint Israel) zu Buch sollt stoen war natierlech eng Enttäuschung.
Herno ass ee bekanntlech ëmmer méi schlau.
No der 0-2 Défaite géint de Cap Vert freet een sech natierlech, ob et iwwerhaapt sënnvoll war, just e puer Deeg nom Qualifikatiounsmätch géint Frankräich en Testmätch ze maachen.




