Grandjean trëtt zëréck

Fussball national By 19. Oktober 2012 No Comments

Den Sébastien Grandjean verléisst d’Jeunesse Esch fir Trainer zu La Louvière ze ginn. De Veräin aus dem Hainaut steet aktuel op der 3ter Platz an der 3ter Divisioun an der Belsch.

Um RTL Site steet hien géif déi Schwuarz-Wäiss verlossen fir „Profi-Trainer“ ze ginn. Op ët besser as an der 3ter Belscher Divisioun Trainer ze sinn wéi den aktuellen zweeten aus Lëtzebuerg ze trainéiren… À vous de juger !

http://sport.rtl.lu/news/aktualiteit/331759.html

 

 

Share:

Holtz zitt Oueren lang

Allgemeng By 18. Oktober 2012 Tags: 1 Comment

source: www.tageblatt.lu
Den Nationaltrainer zitt onsen 3 Profi’en d’Oueren lang. Hien bemängelt hier Asätz wäehrend den zwee Mätcher géint Israël. Besonnëg kritiséiert hien den Aurélien Joachim, deen zwee Mol an der Paus ausgewiesselt gouf. De Lars Gerson schéint och nët déi bescht Kaarten méi ze hun. Am beschten kennt den Mario Mutsch nach eweg obwuel hien un dem engen oder anneren Géigegoal implizéiert war.

Ëch mengen : als éischt géif ech kucken waat ech falsch maachen. Den Joachim huet vrun der Duebelkonfrontatioun behaapt daat hien sëch zimlëch midd spiert. Ët wier bestëmmt besser gewiercht him eng Paus ze gönnen. No den Starpazen an der Cl an EC mam F91 an seng Ufäng am Profismilieu war et mei wei normal daat hien mol um Enn vum Rouleau war.
De Lars Gerson gett wuel nie en Holtz Liebling. No engem éischten Match geint Israel wou hien de beschten Lëtzebuerger war gouf hien „raséiert“. Mol nët als Awiesselspiller gouf hien gebrauch.
Schued daat den Trainer séng Schwächten hannert dem pseudo-versoën vun de Spiller verstopt.

Share:

Back to Basics?

Allgemeng By 17. Oktober 2012 1 Comment

Et ass mer am Kader vun den 2 Israel-Matcher opgefall, datt vun etleche Säiten iwwer d’Taktik vun eise Roud Léiwe geschwat ginn ass. Sief et vum Trainer selwer (4-2-3-1 als moderne System, deen offensiv ka sinn wann de Block kompakt steht), sief et vun den Experten vun ausserhalb (5-4-1, Jeff Strasser um RTL) an och an der Press goung driwwer riets, wéi eis Jonge sollte spillen. Defensiv stounge mer jo schlecht, d’Mëttelfeld huet d’Bäll net gehal esou datt den eenzege Stiermer kaum verwäertbar Bäll krut.

A grad beim Stuerm wëll ech dann elo „méng“ Taktik ufänken virzeschloen an ze erklären: mir hunn aktuell fir e 4-5-1, 4-2-3-1 oder 5-4-1 mindestens ee gudde Stiermer ze vill, deen op d’Bänk muss. Deville a Joachim si Semi-Profi a Profi. Firwat déi zwee also net zesumme spille loossen?

An dann de Rescht vum System: et ass kloer, datt een net ka matt engem 3er-Mëttelfeld ka spillt, wat géif also bleiwen? E ganz traditionnelle klassësche britësche 4-4-2. A wann ech da kucken, wéi en Da Mota mëttlerweil no hanneschafft a wéi e Gerson kann e Match opmaachen, da kommen ech zu enger banaler, net vläicht ze banaler, folgender Opstellung (gelies vu riets no lénks):

Goal:      Joubert

Déf.: Jans, Philipps oder Bukvic, Blaise, Schnell

Mëtt.: Mutsch, Gerson, Payal, Da Mota

Stuerm: Deville, Joachim

Esou leet et mer fir Leit wéi Peters, Bettmer asw. deet, mä dat do ass méng éischt 11 an engem 4-4-2. Mat 3 Semi-Profien (Philipps, Blaise,Deville) an 3 Vollprofien (Gerson, Mutsch, Joachim) a 5 Spiller, déi zu Lëtzebuerg awer schon quasi ënner semi-professionnelle Konditiounen an hiere Veräiner trainéieren (Joubert, Jans, Schnell, Payal, Da Mota / all Fola & F91) an em Bukvic, wou ech dervun ausginn, datt den FCD och um Wee Richtung System Fola & F91 ass.

An dann eng staark Bänk matt Laterza, Peters, Hoffmann, Bettmer, Hahm oder Oberweis a wien a méngen Aen och eng Kéier dohinner gehéiert ass z.B. en Tom Siebenaler, e Béischt fir säin Alter an dee Cleemenson vu Leverkusen an ähnlecher dierfen net vergiess ginn!

Wann esou e 4-4-2 kompakt (d.h. déi 2 Véirerketten säitlech versat no beieneen) steht an d’Mëttelfeld defensiv an offensiv Aufgabe kritt, wier dat guer net esou schlecht. Well konditionnell fannen ech, sinn eis Jonge gutt drop, sie hunn elo ëmmer locker physesch mattgehalen an haten esouguer an all deene leschte Matcher hier gutt Goalchancen géint der Enn vum Match oder op mannst an der 2.Halschent (egal ob elo géint Portugal, och wa mer do fréi 1-0 vir waren, wéi och zu Belfast, géint Georgien an 2x géint Israel).

Share:

The times are (not) a changin

Allgemeng, Fussball national, M-Block By 17. Oktober 2012 No Comments

Vrun zig Joëren hu verschidden Blogger vun huelse! mat Hëllef vun anner Supporter ee Lieserbréif erstallt deen nawell e bessen Raisonanz krutt. Ëch selwer si vu villen Kollegen, Bekannten a Familjenmemberen dorobber ugeschwaat ginn an krutt vill Félicitatiounen.

De Bréif resultéiert awer aus engem speziellen Kontext. Wéi der doranner liesen kennt krutten d’Lëtzebuerger Supporter a besonnëg d’M-Block Fanatics eng kléng op den Deckel. Eng Lëtzebuerger Zäitung huet sëch deemols beschwéiert daat am Frënndschaftsmatch géint de Cabo Verde nëmmen d’Zuschauer vum afrikanëschem Inselstaat ze héieren waren. Et stëmmt daat dem Match mol ausnahmsweis immens vill Léit verhënnert waren an dem Spektakel nët beiwunnen konnten. Dës Kritik wollten mir awer nët op ons setzen lossen. Ët kann nët sinn daat just eng Partie Léit d’Schold fir een nationalen Problem kréien. Zudeems wann ët sëch ëm déi Léit dréiht déi normalerweis bei all Match dobäi sinn an fir d’Stëmmung suergen.

Mir hatten dunn e puer richtëg flott Gedankenwiessel an waren ons eenz daat ët mol héisch Zäit wier daat ët eng national compagne fir de Lëtzebuerger Fussball gestart soll ginn. Mir hun do Proposen ausgeschafft an ons Zäit geholl fir Iddi’en auszebauen. Verschidden Persounen vun der FLF krutten d’Frucht vun onsen Gedanken dunn per mail gescheckt. Op eng Entwert waarde mir nach haut… .

Dir frott ierch elo bestëmmt firwaat ëch nees drobber ze schreiwen kommen. Liesst mol de Bréif :

„Nodeems d’Saison 2007-2008 eriwwer ass an eng spannend an interessant Saison elo op ons waart, huet den M-Block sëch Gedanke gemeet u wat dee chronëschen Absentéism vun den Lëtzebuerger op Fussballsmätcher zréckzeféieren ass a wat mir zesumme kënne maachen fir datt d’Lëtzebuerger sëch nees fir hiren Nationalsport Nummer eent intresséieren. 

Nom Match géint de Kabo Verde stung an enger lëtzebuerger Zeitung eng Art „Kritik“ vis à vis vum M-Block well dësen nët mat den Kap-verdianeschen Zuschauer stëmmungsméisseg rivaliséiere konnt. Natierlech ware mir net esou zefridden mat denen Aussoën. Dest huet 
an onseren Reien zu verschiddenen Diskussiounen gefouert an deene mir festgestallt hunn dass den Desinteressi vum Lëtzebuerger den Haaptgrond fir déi eidel Gradinen ass. Et ass jo meeschtens de Fall datt bei ons d’Heemmätcher „Auswäertsmätcher“ sinn. De Lëtzebuerger ass meeschtens a sengem Stadion an Ënnerzuel. An dat och géint Länner wéi Lettland oder Rumänien. Wou bleiwen ons Supporter? An do läit d’Kromm an der Heck. 
Wee vun ons kennt déi Leit net déi léiwer doheem bleiwen an sech d’Mätcher vun der däitscher Nationalekipp um Fernseh ukucken aplaz an de Stadion ze kommen fir d’Léiwen ze ënnerstëtzen? Oder déi déi léiwer op Metz, Lautern, Köln oder München fueren wéi datt se mol den Wee op d’Deichwissen, op den Nosbaum oder op den Thillebierg fannen. 
D’Zuschauerzuelen sinn an onseren An erschreckend schwaach an d’Tendenz weist jo zimlëch no ënnen. 
Firwat? Natierlech kann eise Fussball nët mat den auslänneschen Profiligen mathalen mee dat konnt e souwisou nach ni. Datt ons héchst Divisioun nët spannend verlaf ass déi lëscht Jore kann och e Fakteur sinn. Mee d’Zuelen huelen bestëmmt net nëmmen duerfir of. An ëmmer dem alen Stadion d’Schold zouzeweisen ass zimlëch einfach. Den 
Problem läit fir ons an der Identifikatioun. 
Et schéint wéi wann de Motto „Mier wölle bleiwen wat mir sinn“ zwar nach ëmmer présent ass mee wësse mir dann nach wee mer sinn?et handelt sech fir ons em e Gesellschaftsproblem, d’Leeschtungsgesellschaft an där mir ons befannen erlaabt et anscheinend net zu enger Ekipp ze halen déi méi oft verléiert wéi datt se gewënnt.Petitiounen fier en Fändel zeihen Dausenden vun Leit un, mat Eifer gin Päschbiller verdeelt an den Auto damat decoreiert, zuer Nout och nach dem Nooper sein mat, ma soubaal et dann dremms geet seng Landsmänner am Fussball ze Ennerstetzen, dann ass et mat dem nationalen Ego awer och rem seier eriwwer. 
Et schengt wuel net mateneen vereinbar ze sinn dat een op der enger Seit zu den reichen Lëtzebuerger geheiert, an op der aanerer Seit seng Nationalequipe ennerstetzen geet dei mei oft verleiert wei se gewennt. 
Sprëch wei „Oh mei du geest dei kucken?“, oder „dei brengen jo naischt“, oder och nach „se verleieren jo souwisou“, sinn wuel deenen meeschten vun eis zu Oueren komm. Nët mol d’Victoire gengt Weissrussland gouf eeschtgeholl „Oh hei se hu mol rem eng Keier gewonnen.“. 
D’Lëtzebuerger „Mentalitéit“ huet sech anscheinend geännert. Fréier stunge mir mat beide Féis um Buedem. Mir wossten vu wou mir kommen. Elo nodeems e puer Generatiounen agetrichtert kruten datt just eng Plaz op der Bank, een Haus mat Schwemm an 3 mol Vakanz am Joër am Liewen zielen, huet sech esou eng Aart Angscht vrun der Défaite entwéckelt. An esou kann e jo keng Ekipp ënnerstëtzen déi eben méi schwaach ass wéi déi aner. 
An do ass eben de Punkt wou mir agéiere missten Mir missten nees houfreg op eist Ländchen, op ons Veräiner. 
A wéi flott ass et sonndes mat der Famill seng Ekipp ze ënnerstëtzen, déi Ekipp wou den Grousspapp scho kucke gaangen ass? 
De Fussball mist nees als Traditioun zielen, als e Stéck Familljegeschicht. 
D’Mentalitéit misst sech änneren an et misst een dozou stoën wat een ass. Jo mir sinn e klengt Land, a jo mir verléieren des öfteren mee wa mir gewannen fillt sech dat 100 mol besser wéi bei denen aneren un. Schumm dëch net an ënnerstetz däi Land! Séif houfreg op déi Veräin! Verbreng mol leiwer méi Zäit mat denger Kanner um Terrain. Huelt déi aal Kassetten eraus a sangt „Wa mir Fussball spillen“. 
De Fussball as ee Stëck Lëtzebuerg. Mir därfen et net verleieren! 

am Numm vum M-Block an dem LËTZBUERGER Fussball „

 

An ? Huet sëch ëppes geännert ? Den Text as och haut nach aktuell an ëch gleewen kaum daat ët sëch an den näechste Joëren änneren wäert.

De Ball léit um Fouss vun der Federatioun an och vum Sportministère. De Problem as awer nach ëmmer daat sie sëch de Ball mol nët hinnen an hier spillen mee en ganz weit an d’Feld vun de Supporter spillen.

Share: