The times are (not) a changin

Allgemeng, Fussball national, M-Block By 17. Oktober 2012 No Comments

Vrun zig Joëren hu verschidden Blogger vun huelse! mat Hëllef vun anner Supporter ee Lieserbréif erstallt deen nawell e bessen Raisonanz krutt. Ëch selwer si vu villen Kollegen, Bekannten a Familjenmemberen dorobber ugeschwaat ginn an krutt vill Félicitatiounen.

De Bréif resultéiert awer aus engem speziellen Kontext. Wéi der doranner liesen kennt krutten d’Lëtzebuerger Supporter a besonnëg d’M-Block Fanatics eng kléng op den Deckel. Eng Lëtzebuerger Zäitung huet sëch deemols beschwéiert daat am Frënndschaftsmatch géint de Cabo Verde nëmmen d’Zuschauer vum afrikanëschem Inselstaat ze héieren waren. Et stëmmt daat dem Match mol ausnahmsweis immens vill Léit verhënnert waren an dem Spektakel nët beiwunnen konnten. Dës Kritik wollten mir awer nët op ons setzen lossen. Ët kann nët sinn daat just eng Partie Léit d’Schold fir een nationalen Problem kréien. Zudeems wann ët sëch ëm déi Léit dréiht déi normalerweis bei all Match dobäi sinn an fir d’Stëmmung suergen.

Mir hatten dunn e puer richtëg flott Gedankenwiessel an waren ons eenz daat ët mol héisch Zäit wier daat ët eng national compagne fir de Lëtzebuerger Fussball gestart soll ginn. Mir hun do Proposen ausgeschafft an ons Zäit geholl fir Iddi’en auszebauen. Verschidden Persounen vun der FLF krutten d’Frucht vun onsen Gedanken dunn per mail gescheckt. Op eng Entwert waarde mir nach haut… .

Dir frott ierch elo bestëmmt firwaat ëch nees drobber ze schreiwen kommen. Liesst mol de Bréif :

„Nodeems d’Saison 2007-2008 eriwwer ass an eng spannend an interessant Saison elo op ons waart, huet den M-Block sëch Gedanke gemeet u wat dee chronëschen Absentéism vun den Lëtzebuerger op Fussballsmätcher zréckzeféieren ass a wat mir zesumme kënne maachen fir datt d’Lëtzebuerger sëch nees fir hiren Nationalsport Nummer eent intresséieren. 

Nom Match géint de Kabo Verde stung an enger lëtzebuerger Zeitung eng Art „Kritik“ vis à vis vum M-Block well dësen nët mat den Kap-verdianeschen Zuschauer stëmmungsméisseg rivaliséiere konnt. Natierlech ware mir net esou zefridden mat denen Aussoën. Dest huet 
an onseren Reien zu verschiddenen Diskussiounen gefouert an deene mir festgestallt hunn dass den Desinteressi vum Lëtzebuerger den Haaptgrond fir déi eidel Gradinen ass. Et ass jo meeschtens de Fall datt bei ons d’Heemmätcher „Auswäertsmätcher“ sinn. De Lëtzebuerger ass meeschtens a sengem Stadion an Ënnerzuel. An dat och géint Länner wéi Lettland oder Rumänien. Wou bleiwen ons Supporter? An do läit d’Kromm an der Heck. 
Wee vun ons kennt déi Leit net déi léiwer doheem bleiwen an sech d’Mätcher vun der däitscher Nationalekipp um Fernseh ukucken aplaz an de Stadion ze kommen fir d’Léiwen ze ënnerstëtzen? Oder déi déi léiwer op Metz, Lautern, Köln oder München fueren wéi datt se mol den Wee op d’Deichwissen, op den Nosbaum oder op den Thillebierg fannen. 
D’Zuschauerzuelen sinn an onseren An erschreckend schwaach an d’Tendenz weist jo zimlëch no ënnen. 
Firwat? Natierlech kann eise Fussball nët mat den auslänneschen Profiligen mathalen mee dat konnt e souwisou nach ni. Datt ons héchst Divisioun nët spannend verlaf ass déi lëscht Jore kann och e Fakteur sinn. Mee d’Zuelen huelen bestëmmt net nëmmen duerfir of. An ëmmer dem alen Stadion d’Schold zouzeweisen ass zimlëch einfach. Den 
Problem läit fir ons an der Identifikatioun. 
Et schéint wéi wann de Motto „Mier wölle bleiwen wat mir sinn“ zwar nach ëmmer présent ass mee wësse mir dann nach wee mer sinn?et handelt sech fir ons em e Gesellschaftsproblem, d’Leeschtungsgesellschaft an där mir ons befannen erlaabt et anscheinend net zu enger Ekipp ze halen déi méi oft verléiert wéi datt se gewënnt.Petitiounen fier en Fändel zeihen Dausenden vun Leit un, mat Eifer gin Päschbiller verdeelt an den Auto damat decoreiert, zuer Nout och nach dem Nooper sein mat, ma soubaal et dann dremms geet seng Landsmänner am Fussball ze Ennerstetzen, dann ass et mat dem nationalen Ego awer och rem seier eriwwer. 
Et schengt wuel net mateneen vereinbar ze sinn dat een op der enger Seit zu den reichen Lëtzebuerger geheiert, an op der aanerer Seit seng Nationalequipe ennerstetzen geet dei mei oft verleiert wei se gewennt. 
Sprëch wei „Oh mei du geest dei kucken?“, oder „dei brengen jo naischt“, oder och nach „se verleieren jo souwisou“, sinn wuel deenen meeschten vun eis zu Oueren komm. Nët mol d’Victoire gengt Weissrussland gouf eeschtgeholl „Oh hei se hu mol rem eng Keier gewonnen.“. 
D’Lëtzebuerger „Mentalitéit“ huet sech anscheinend geännert. Fréier stunge mir mat beide Féis um Buedem. Mir wossten vu wou mir kommen. Elo nodeems e puer Generatiounen agetrichtert kruten datt just eng Plaz op der Bank, een Haus mat Schwemm an 3 mol Vakanz am Joër am Liewen zielen, huet sech esou eng Aart Angscht vrun der Défaite entwéckelt. An esou kann e jo keng Ekipp ënnerstëtzen déi eben méi schwaach ass wéi déi aner. 
An do ass eben de Punkt wou mir agéiere missten Mir missten nees houfreg op eist Ländchen, op ons Veräiner. 
A wéi flott ass et sonndes mat der Famill seng Ekipp ze ënnerstëtzen, déi Ekipp wou den Grousspapp scho kucke gaangen ass? 
De Fussball mist nees als Traditioun zielen, als e Stéck Familljegeschicht. 
D’Mentalitéit misst sech änneren an et misst een dozou stoën wat een ass. Jo mir sinn e klengt Land, a jo mir verléieren des öfteren mee wa mir gewannen fillt sech dat 100 mol besser wéi bei denen aneren un. Schumm dëch net an ënnerstetz däi Land! Séif houfreg op déi Veräin! Verbreng mol leiwer méi Zäit mat denger Kanner um Terrain. Huelt déi aal Kassetten eraus a sangt „Wa mir Fussball spillen“. 
De Fussball as ee Stëck Lëtzebuerg. Mir därfen et net verleieren! 

am Numm vum M-Block an dem LËTZBUERGER Fussball „

 

An ? Huet sëch ëppes geännert ? Den Text as och haut nach aktuell an ëch gleewen kaum daat ët sëch an den näechste Joëren änneren wäert.

De Ball léit um Fouss vun der Federatioun an och vum Sportministère. De Problem as awer nach ëmmer daat sie sëch de Ball mol nët hinnen an hier spillen mee en ganz weit an d’Feld vun de Supporter spillen.

Share:

Camille’s dog

Allgemeng By 17. Oktober 2012 Tags: No Comments

Ët as nees esouweit. Auswäertsmatch Israël-Lëtzebuerg. 4 Deeg no engem 6-0 Debackel géint de sëlweschten Géigener. Vu daat Israël bal um anneren Enn vun der Welt läit sinn verständlëcherweis nët vill Supporter matgeflunn. An Hurra, den RTL iwwerdréit op hierem zweeten Programm. Ët gläicht engem Wonner ! Iergendwéi as ët ëmmer nees eng riesen Iwwerraschung wann „onsen“ Sender aus friemen Länner Live Sportbiller iwwerdréit. D’Zuschauer freeen sëch well een sëch elo nët vrun den Komputer setzen muss an no iergendengem Livestream mat hebräischem Kommentar um weltwäiten Netz siichen muss. Dofir all op de Canapé a vrun d‘ Flimmerkëscht. Waat ee Luxus fir d’Nerven an den Hënneschten.

Mee dann iwwerkennt mëch ee komëscht Gefill, rätselhaft daat d’Gemitlëchkéet esou lues a lues verflitt. Ët setzt een dach esou gudd op den gefierderten Këssen, d’Béier as erfreschend an d’Chips’en läien grëffbereet an der Schossel. Waat soll dann sinn ?
Do as ët ! D’Origine vum Onwuelsinn. D’Stëmm drengt an d’Oueren a wéi d’Suddelen vum Pawlow séngem Mupp beim Klang vun der Schëll iwwerkennt mëch beim Klang vu senger Stëmm eng ënnerlëch Nervositéit.
D’Stëmm gëtt sëch ze erkennen : Camille Ney, heescht de gudden Herr. Komësch daat de Reflex vum Medium iwwert den de Reiz kennt ofhängëg as. Ginn ëch der Stëmm iwwert de Radio ausgesaat an de Kontext as een anneren wéi d’Iwwerdrohung vun engem Fussballsmatch dann spieren ëch d’Nervositéit nët. Mee elo leeft de Fernseh. Mäin zentralt Nervensystem as gehacked. Ëch gi Nervös a si gereizt.

D’Spill geet las. Ëch sinn am Bann vun den onqualifizéierten Bemierkungen vum Kommentator. Ëch mierken daat mäi Gehier sëch schwéier deet de Fokus méi op d’Spill ze setzen wéi op daat Gebraddels daat aus den Bochsen kléngt. Ëch wëll dach just ee Fussballsmatch kucken. Ëch wëll mëch iwwert d’Spillgeschéien freen oder opreegen. Merde, Fussball as dach de Grond firwaat ëch héi setzen.
D’Nervositéit gett awer heinsdo ennerbrach wann de Co-Kommentator mengem „Meeschter“ erklärt daat daat waat hien vu sëch gett nëmmen Quatsch as an him eng Lektioun iwwert Taktësch Finessen gett. Gëff him ët Jeff ! Wéi fréier grätscht den Strasser zweschen de Sätz a weist ween de Patron um Feld as. Ët wierkt wéi wann de Strasser d’Mëttel zur Heelung vu menger „Camill Ney Neurose“ kéinnt sinn. Hien as de Gronn firwaat ëch den Toun nët ausmaachen. Oh du schéin Hoffnung !
Mee waat soll daat ? De Ney’schen Camille gett nët op. Hien ridikuliséiert dem Spezialist seng Aussoën. Laacht, mëcht wéider. Ët as wéi wann hien nët verstoën geng waat säi Geigeniwwer him seet. D’Wuerzel vu mengem Onwuelsinn wiest a wiest, ët hällt nie op. Hien as wéi de Zlatan I. ! Léist sëch vu kengem beandrocken a geet säi Wee.

Ëch ginn ët op. De Béier gett zu den Chip’s an d’Schossel geschott an ech friesen dorausser. Vläit hiewen ëch elo gläich nach d’Been. Wouf ! Ëch si konditionéiert…

Share:

Paradoxon Luc Holtz

Allgemeng, Fussball international, Fussball national, Nationalekipp By 16. Oktober 2012 Tags: 2 Comments

De Laurent Schüssler analyséiert gëschter an haut am Wort relativ gutt, wéi de Luc Holtz sech alt selwer an d’Bredouille bréngt matt Aussoen vis-à-vis vun der Press an och dee Moment a Punkto Equipenopstellung. Ouni elo op den Detail anzegoen, hunn ech effektiv heiansdo den Androck, datt munch Opstellung vun engem Spiller (wéi e Freideg Bukvic & Philipps an der Zentralverdeedegung) einfach aus Aktionsismus gemat get oder vläicht fir esouguer der Press, déi vläicht gutt analyséiert, ze weisen wie Chef ass. Dat ass natirlech schwéier ze beweisen, fest steht awer, datt vill Leit vu bausse fannen, datt net ëmmer déi stärksten 11 um Terrain steht.

Dat Thema gouf et no Malta, no Georgien an och elo nom 1.Match géint Israel, op mannst wat d’Verdeedegung betrëfft. Donieft verblüfft, datt den Trainer sech opreecht, datt den Dan Da Mota eréischt als 3. 11m-Schütze virgesi war an him dann ëffentlech virwerft, et géifen Hierarchien net respektéiert ginn. D’Äntwert gët den Dan Da Mota dann och erëm iwwer d’Press. Et bleift ze hoffen, datt déi Saachen intern beschwat ginn, well soss get et awer e sérieux’e Problem.

Natirlech huet de Luc Holtz Recht, datt hie seet, de ganze Block hätt ze héich am 1.Match géint Israel agéiert. Mä wien ass dann dofir verantwortlech, wien huet de Spiller dat gesot? A wann den Trainer et net gesot huet, huet hien de Problem, datt hien d’Equipe entweder net erreecht oder si hien net versteht. Esou oder esou e schwéiere Problem.

An dann war hie jo net onschëlleg drun, wann d’Equipe net méi mat de Féiss um Buedem stoung. An Nordirland hätt et och kënnen eng bei d’Läffele ginn, mä eise Défence huet dunn op mannst eng anstänneg Abseitsfal praktizéiert. Trotzdem gouf genuch Verbesserungspunkten an der 1.Halschent zu Belfast. Mä dann gët iwwer d’Press gelästert amplaz niichter ze analyséieren. Kloer, Nordirland huet stoësch ëmmer dat selwecht gespillt an iergendwann sinn d’Roud Léiwen do derhannert komm.

Sécher ass awer och richteg, datt net alles därf schlecht geriet ginn. Mä et gehéiert och net alles an d’Ëffentlechkeet (wéi uewen beschriwwen d’Geschicht mam 11m géint Israel). Mä eng gewësse Verbruetheet huet näischt do ze sichen an déi hat z.B. de Guy Hellers wat d’Equipe an d’Press ubelaangt nie (vläicht op aaneren Niveauen an der FLF, mä dat ass elo hei Off-Topic). Dogéint huet de Luc Holtz méi Courage, fir méi offensiv opzestellen. Dat ass jo och schéin a gutt, mä da muss een am Fall, wou een an d’oppe Messer leeft, och dozou stoen an d’Schold op sech selwer huelen.

Dowéinst weess een nie, wou ee mam Luc Holtz drun ass. An dat däerf net um Réck vun der Equipe, der FLF an em Lëtzebuerger Fussball geschéien. Allez Lëtzebuerg!

Share:

Huel se elo online

Allgemeng By 10. Oktober 2012 1 Comment

Ab elo si „mir“ mat engem Blog iwwert d’lëtzebuerger Nationalekipp an de Fussball zu Lëtzebuerg online. „Mir“, dat sin momentan 5 Leit, déi sëch an deem läschte Joerzéngt duerch d’lëtzebuerger Nationalekipp an den M-Block kenne geléiert hun an kaum ee Match vun der Nationalekipp verpasst hun.

Iwwert wat geet et hei?

An éischter Linn geet et em d’lëtzebuerger Fussballnationalekipp an hir Fans. Sou wierte mir souwuel iwwert d’Mätcher selwer, wéi awer och iwwer d’Reesen op Auswäertsmatcher schreiwen. Doniewt kënnen awer och aaner Themen ugeschwat gin, déi ee Lien mam lëtzebuerger Fussball hun, sief et d’Championnat, d’Coupe de Luxembourg, oder di gudd aal Diskussioun iwwert Sënn an Onsënn vun engem neien Nationalstadion.

Méi an deenen nächsten Deeg!

Share: