Browsing Tag

kap verden

Am Flow bleiwwen a gewannen !

Fussball international, Nationalekipp, Virschau By 28. März 2017 Tags: , No Comments

Aurelien Joachim mat voller Konzentratioun

Haut den Owend gëllt et d’Leeschtung vun e Samsde géint Frankräich ze bestätegen an endlech nees e Match ze gewannen.

Um 20:00 ass de Cap Vert zu Hesper op Besuch an och wann den afrikaneschen Inselstaat eng Ronn 60 Platzen besser an der Weltranglëscht wéi ons Léiwe positionnéiert ass, duerfe mir ons Erwaardungen héich schrauwen an op e gewonnene Match hoffen.

Share:

Um Wee zu engem 3-5-2 ?

Nationalekipp By 4. März 2014 Tags: , No Comments

Enger RTL-Info no spillen ons Roud Léiwen muer vläit an engem ganz ongewinnten 3-1-4-2. Déi taktësch Ausrichtung déi hei gemengt ass, ass wahrschéinlech den 3-5-2. Déi kann een nawell zimlëch schnell an en 5-3-2 ënwandelen wann en a Bedrägnis geréit. Beim 3-5-2 spillt en mat dräi fixe Vertéideger, deen an der Mëtt kann d’Roll vun engem „Libero“ iwwerhuelen an déi aner zwee sinn Innenvertéideger.
D’Fënnefermettelfeld besteet aus engem defensivem Mettelfeldspiller, zwee zentrale Mëttelfeldspiller an zwee offensiven Mëttelfeldspiller. Déi dräi „zentral“ mussen d’Mëttelfeld zou machen an d’Heft an d’Hand huelen. Déi zwee offensiv Aussen mussen e nawell zimlëch lafintensive Job machen wëll se de Wee no vir sichen mä, ganz wichtëg, och de „Couloir“ no hannen zoumachen.
D’Stiermer kennen sëch bei engem optimale Match op vill Flanken vun de Säite freeën. Bei engem méi starke Géigener muss en mol an der Mett mathellefen mä den aneren dierf sëch roueg méi héij halen.
Den Avantage vun esouenger Formatioun ass datt en de Géigener zimlëch héij hale kann an am Mëttelfeld schnell an Iwwerzuel ass an en esou kompakt stoë kann.
Den Désavantage ass datt en richtëg kompakt stoë muss an en vulnerabel iwert de Säiten ass. Spillt een, wéi muer, géint e ballsécheren Géigener deen schnell no vir spillen kann muss d’Ëmschalten vun der Offensive an d’Defensive zimlëch schnell ergoën well en soss schnell e Konter fänke kann.

Ët ass iergendwéi ganz ongewinnt eng Lëtzebuerger Opstellung mat nëmmen 3 Vertéideger ze gesinn. Spille mir muer mat folgender Opstellung ?

……………………………………………….JOUBERT………………………………………
………………………SCHNELL…………..JANS…………CHANOT…………………..
…………………………………………….HOFFMANN……………………………………
………………………………GERSON……………………..PAYAL………………………
……..BASTOS…………………………………………………………………BENSI……..
………………………………..DEVILLE…………..JOACHIM……………………………

Mol kucken…

Share:

Ët geet nees las !

Allgemeng By 4. März 2014 Tags: , , No Comments

Dëse Mëttwoch fänkt déi néi Saison vun onser Nationalequip mam Frënndschaftsmatch géint Kap Verden un. Déi drëtt Konfrontatioun mat den Inselen ass den éischte Match am néien Futtballsjoer an zielt schonn zu den Virbereedungsmatcher fir ons EM-Quali. Zwee Mol hu mir bis elo géint de Cabo Verde gespillt, zwee Mol hu mir ons mat engem Gläichspill getrennt. ( 2002 : 0-0, 2008: 1-1).
D’Kap Verden hunn säit 2008 awer e sportléchen Sprong no vir gemeet. D’Blo Haien hunn 2013 et ferdeg bruet sech fir d’CAN ze qualifizéieren an sëch dann do bis an 1/4 Final gespillt. An der FIFA-Weltranglëscht ginn d’Männer vum Lucio Antunes op der 27ter Plaz gefuert. Also 93 Plazen virun onser Nationalequip.

Wéi de Luc Holtz schonn am Virfeld erklärt huet, wäert hien an dësem Match ënnert anerem eng néi taktësch Ausrichtung ausprobéieren. Déi rezent gutt Resultater hu wéi et schéinnt en néien Geescht matbruet. Zuschauer, Spiller an Trainer erwaarden gutt Resultater an en attraktivt Spill. Datt ons Léiwen dëst fäerdeg bréngen kennen hu se a Matcher wéi beim 3-2 heiheem géint d’Nordiren bewissen. Et wier net onméiglëch datt den Nationaltrainer e 4-4-2 oder esou guer en 4-3-3 ausprobéieren kéinnt.

1. ALVES DA MOTA Daniel, 11.09.1985, F91 Dudelange
2. BASTOS Yannick, 30.05.1993, Bolton Wanderers FC (GB)
3. CHANOT Maxime, 21.11.1989, K.V. Courtrai (B)
4. DEVILLE Maurice, 31.07.1992, 1. FC Saarbrücken (D)
5. GERSON Lars, 05.02.1990, IFK Norrköpping FK (SWE)
6. HOFFMANN Eric, 21.06.1984, Jeunesse Esch
7. JÄNISCH Mathias, 27.08.1990, FC Differdange 03
8. JANS Laurent, 05.08.1992, CS Fola Esch
9. JOACHIM Aurélien, 10.08.1986, RKC Waalwijk (NL)
10. JOUBERT Jonathan, 12.09.1979, F91 Dudelange
11. LATERZA Tom, 09.05.1992, CS Fola Esch
12. LUISI Antonio, 07.10.1994, FC Differdange 03
13. MARTINO Massimo, 18.09.1990, F91 Dudelange
14. MAY Andy, 02.09.1989, FC Differdange 03
15. MORIS Anthony, 29.04.1990, FC St Trond (B)
16. PAYAL Ben, 08.09.1988, CS Fola Esch
17. SCHNELL Tom, 08.10.1985, CS Fola Esch
18. TURPEL David, 19.10.1992, FC Etzella Ettelbruck

Net derbei sinn déi zwee verletzten Profis Mutsch an Philipps.

De Match gett um 19h30 am Stade Josy Barthel ugepaff. Den M-Block gett um 17h Rendez-Vous am Pacha

Share: