Schonn den Dag vun der Auslousung vun eiser Qualifikatiounsgrupp fir d’WM 2014 war fir mech, wéi fir vill aner Supporter vun der Nationalekipp och, kloer dass den Auswäertsmätch zu Belfast ee vun den Highlights vun dëser Campagne wier – an ech behaapten mol, dass kee vun de Lëtzebuerger di an Nordirland derbäi waren enttäuscht zréck komm ass.

Bei enger Busrees hätte mer vill Zäit op Fähren verbruecht, soudass jiddereen sech selwer em säin Trajet op Belfast gekëmmert huet. Zesumme mat 2 Kollegen hunn ech dervun profitéiert, mer ennerwee nach Dublin ukucken ze goen, soudass mer vun Hahn mat der Ryanair an d’Haaptstad vun der Republik Irland geflu sinn, wou mer 2 Deeg verbruecht hunn ier et du weider op Belfast gaangen ass.

Dënschdes Moies um halwer 10 goung et fir eis 3 also op der Connolly Station zu Dublin lass. Op der Gare hu mer eis Ticketen kaaft, a via Drogheda, Dundalk, Newry a Portadown huet den Zuch eis op d’Belfast Central Station bruecht. E Controlleur am Zuch war groussen Nordirlandfan. Hien huet eis suguer nach Café’en recommandéiert wou mer zu Belfast kinnten higoen – an engem vun deenen, am Lavery’s (dozou spéider méi) sollte mer hien dun och am Nomëtteg eremgesinn. Grad wéi di meescht aner nordirësch Supporter huet hien op eng kloer Victoire vun der Green-White-Army géint Lëtzebuerg getippt.

Vun der Central Station aus goung et mat engem aneren Zuch weider op d’Great Victoria Street. Vun do aus waren et mol keng 5 Minutte méi zu Fouss bei eisen Hotel. An der Bar hu mer op di Lëtzebuerger, di scho den Dag virdrun ugereest sinn, gewaart. Si waren schon en Tour mam Sightseeingbus maachen a si kuerz no eis am Hotel agetraff. Zesumme mat puer Retardatairen, di di éischt Sightseeingtour leider verschlof hunn, hu mier dun am fréien Nomëtteg och sou eng Sightseeingtour duerch Belfast gemaach:

Départ war virun Europa Hotel, vun deem behaapt gëtt et wier „the most bombed hotel in the world“. Laanscht den Albert Memorial Clock Tower an d’City Hall si mer an de sougenannten Titanic-Quarter gefuer, also an den Hafeberäich wou d’White Star Line fréier hier Schëffer, e.a. eben och d’Titanic, gebaut huet. Haut ass hei de gréissten Titanic-Musée vun der Welt. Opfälleg waren an dësem Quartier och di zwee grouss giel Kranen, di sougenannt „Giants“, vun de Belfaster Leit och „Samson a Goliath“ genannt. Laanscht de Stadion vum Glentoran FC an den George Best Flughafen goung et weider bei d’nordirëscht Regierungsgebei, de Stormont Castle.

Hei huet de méi politëschen an impressionnansten Deel vun deser Tour ugefaang: et goung weider an de Westen vu Belfast, wou Unionisten a Republikaner streng vuneneen getrennt a verschiddene Quartieren liewen, déi duerch eng Mauer getrennt sinn. Dagsiwwer ass et méiglech, duerch eenzel Duerchgäng an deen anere Beräich ze kommen, nuets ginn d’Gitteren awer zougemaach fir all Eskalatioun vu Gewalt, vun där een iwwert d’Summerméint leider rem heinsdo héieren huet, ze verhënneren. Opfälleg war virun allem, wéivill Union Jacks virun den Heiser op där enger Säit vun der sougenannter Friddensmauer houngen. Op der anerer Säit vun der Mauer si mer laanscht en Haus gefuer, wou op der Fassad e Schëld wier, dobannen wier 1891 de Belfast Celtic Football Club gegrënnt ginn, e Veräin deen am Joer 1948 vum Spillbetrieb ausgeschloss gouf, nodeems d’Gewalt bei engem Mätch tëscht Linfield a Celtic eskaléiert ass. Dono goung et d’Shankill Road erof, laanscht d’Queens University, zréck bei den Europa Hotel. Alles an allem trëppelen ech zwar normalerweis léiwer zu Fouss duerch eng Stad wéi dass ech mam Bus fueren, mee dëss Tour duerch Belfast hunn ech enorm enorm intressant fonnt.

Dono si mer an de Lavery’s gaang, wou di aner Lëtzebuerger Supporter sech och schon afonnt haten. Hei waren zu dësem Zäitpunkt vläicht 30-40 Lëtzebuerger an iwwer 100 nordirësch Supporter. D’Stëmmung war ganz gutt, wëll ech awer och nom Mätch nach eemol an deem Lavery’s war wäert ech mech schwéier hidden irgendwellech Superlativen ze benotzen fir d’Ambiance am Nomëtteg ze beschreiwen. Zesumme mat nordirësche Supporter, vun deenen eenzelner och schon 2000 beim Testmätch zu Lëtzebuerg derbäi waren, si mer weidergaang an den Elm’s, en anere Café puer honnert Meter weider gezunn. Och hei hu mer weider zesumme mat de Fans vun der Green-White-Army gefeiert, de Café huet sëch lues a lues ëmmer méi gefëllt, an et war wierklech opfälleg wéi frëndlech d’Nordiren mat eis waren.

Zu Fouss goung et weider bei de Stadion, wou mer eng gutt hallew Stonn virum Mätch ukomm sinn. De Stadion, de Windsor Park war eigentlech ganz typesch britësch: eng kleng Haapttribün, eng grouss Tribune de Face, hannert deem enge Gol nach eng grouss Tribün fir d’Heemfans a just na puer Sëtzreihen hannert dem anere Gol. Mir hunn eis op d’Haapttribün gestallt. Leider hunn puer Stolenpottoën d’Vue e wéineg ageschränkt, mee soit.

Den Trainer Holtz huet di selwëcht 11 wi géint Portugal oplafe gelooss. Vun Ufank hunn huet ee gemierkt dass d’Nordiren kierperlech iwwerleen waren, technësch awer beschtefalls gläichwäerteg. An der 12.Minutt goungen di Gréng dun a Féierung: puer kuerz Passen an de Shiels huet dem Joubert keng Chance gelooss. Iergerlëch, dass de Gol ausgerechent an där Phas gefall ass, wou de Lëtzebuerger Tom Schnell dobaussen behandelt ginn ass. Nordirland huet virun der Paus nach zwee weider Goler geschoss, di goufen awer allebéid wéinst Abseits oferkannt. An der 2.Halschent huet Nordirland nogelooss. Di Rout Léiwen hunn dat gemierkt an sëch zréck an de Mätch gekämpft. Zwou ganz grouss Chancen haten d’Heemekipp dann awer nach: e véierte Gol, rem wéinst Abseits annulléiert, an en Schoss op de Potto 5 Minutte viru Schluss. Beemol, an der 87.Minutt, taucht den Dan da Mota am Strofraum vun den Nordiren op, säi Schoss gesäit ugangs och nach relativ harmlos aus, gëtt awer irgendwéi mat enger Feescht oder ähnlechem ofgefälscht, a senkt sech an de Gol! 1-1! Op där enger Säit enorm glécklech, wëll mer eben réicht an der 87.Minutt di éischt nennenswäert Golchance haten, op där aner Säit verdéngt, wëll eis Ekipp de Mätch zu kengem Zäitpunkt opginn huet.

Zwou Saachen wëll ech awer nach zu den nordirësche Supporter soen: d’Stëmmung am Stadion war an där Phas vum Mätch am beschten, wi hier Ekipp am schlechsten gespillt huet, wat an der Mëtt vun der 2.Halschent de Fall war. Si hunn d’Ekipp dun ënnerstëtzt wi d’Ekipp et am meeschten néideg hat – och wann et, aus eiser Siicht glécklecherweis – an dësem Fall näischt bruecht huet. Zweetens waren bal 12000 Leit am Windsor Park, deen zwar offiziell méi Kapazitéit huet awer op dësem Owend zimmlech voll ausgesinn huet, an dat bei engem Mätch, wou d’Nummer 129 géint d’Nummer 106 aus der Weltranglëscht gespillt huet. All Respekt Nordirland!

Nom Mätch ware mer ugangs zu iwwer 40 Lëtzebuerger zesummen ënnerwee, mee irgendwéi ass eise Grupp do méi a méi auserneegebrach, soudass mer beemol nëmmen nach zu knapp 10 Leit waren. Mir hunn eis derfir entscheed, nach eemol zréck an de Lavery’s ze goen, wat sëch als ganz gutt Decisioun erwisen huet. D’Ambiance di elo nom Mätch war, trotz engem fir Nordirland enttäuschenden 1-1 géint Lëtzebuerg, ass schwéier a Wieder ze faassen – et war einfach nëmme legendär! Wuel kaum een deen hei matgefeiert huet wiert deen Owend soubal vergiessen. Ausnahmen hunn e Filmrëss 😉

Schued dass de Café scho kuerz virun 2 Auer zougemaach huet. Zu dëser Auerzäit bleiwt engem a Groussbritannien leider net méi vill anescht iwwereg wi an den Hotel zréckzegoen, wou mer awer, no laangem hin an hier, awer nach e leschte Patt an der Bar kruten, wou dun dësen Owend ausklénge gelooss ginn ass.

Deen Dag drop goung et dun zréck op Dublin a vun do aus rem via Hahn heem. D’Rees op Belfast war op alle Fall ganz flott, wat net just op d’Resultat, mee och op d’Gaaschtfrëndschaft vun den nordirësche Supporter zréckzeféieren ass. Hinnen vun dëser Plaz aus e grousse Merci an ech hoffen, dass si sech d’nächst Joer op der Schueberfouer grad sou gutt amuséieren wi mir am Lavery’s!

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Share: