Nationalstadion – Projet Uewerkuer

No RTL Informatiounen kennt Bewegung an den Dossier. Den DP Buergermeeschter vun Déifferdeng, Claude Meisch, huet dem Sportminister Romain Schneider seng Iddi vun der Erweiderung ( ëm déi 8000 Sëtzplazen) vun hirem Stadium op den Dësch geluet. Den Déifferdenger Stadion, den am August réischt seng Dieren opgemeet huet, huet momentan eng Kapazitéit vun 2000  Sëtzplazen. Fir d’Erweiderung missten zwou weider Tribünen opgeriicht ginn an et géif ëm déi 13 Mio kaschten. Bis elo sinn 16 Mio vun der PPP ( Public Private Partnership) investéiert ginn.  Et ass elo um Herr Schneider fir eng schnell Entscheedung ze treffe well d’Baufirma bis zum Enn vum Joer Bescheed wësse muss.

D’Responsable vun der Déifferdenger Demande hunn nieft dem Atout vun enger schneller Realisatioun och nach ervirgehuewen dat et méiglech ass vun der Zuch Connectioun ze profitéieren an datt et schonn eng sëllech Parkplaze Méiglechkeete ronderëm dem Stadion ginn.
Den Dossier ass bis elo dat konkretest wat, säit d’Gespräicher vun engem néie Stadion opkomm sinn, um Sportminister sengem Dësch loung. De Léiwenger Projet vum Flavio Becca schéint, nodeems de Stadion an d’Kommerzfläch Spillball vun der Politik gi sinn, net méi realiséierbar ze sinn. Dëse Projet läit jo am Moment bis 2015 op Äis. Eng Renovatioun vum aktuelle Stadion op der Areler Strooss ass awer nach ëmmer envisageable. De bloe Stater Buergermeeschter, Xavier Bettel, huet dem Staat jo ugebueden hinnen de Josy Barthel z iwwerginn. Domadder géif enger Erneierung vun dësem näischt am Wee stoen. Wann een sech d’Zoustänn an onsem momentanem Stadion awer ukuckt da wier et erstaunlech wann een do manner wéi 13 Mio erastieche misst. Vun internationale Standarden si mir weit ewëg. Et bréicht een nei iwwerdaacht Tribünen, nei Vestiairen, nei Catering Punkten, etc

Den Déifferdenger Stadion huet de Virdeel datt e schonn existéiert an een nëmme wéineg Fantasie brauch fir sech déi nei Tribüne fir ze stellen. Bei der Erneierung vum Josy brauch een der schonn e wéineg méi. Léiweng ass dogéint Science Fiction.

 

Wat en fäerte kann ass datt Accessibilitéit vum Uewerkuerer Terrain net déi optimaalst ass. D’N31 déi vu Bieles op Uewerkuer geet ass bestëmmt net bereet fir dausende vun Auto’en opzehuelen. Da misst ee schonn zimlech fréi doheem fort fuere fir dem potentielle Stau z’ entgoen. An an Zäite vun NIMBY-tum wonnert et datt sech nach keng Associatioun gegrënnt huet fir géint den drohende Verkéier ze protestéieren. Oder steet mol eng ganz Stad hannert engem Projet ?

 

Déi gutt 1700 Parkplaze ronderëm dem Stadion schéinen och zimlech geréng. D’Zuchstatioun ass natierlech eng gutt Iddi mä sinn d’Lëtzebuerger bereet hiren eegenen Auto doheem ze loossen an op den ëffentlechen Transport eriwwer ze klammen ? Wat een dobäi awer gutt hale muss ass datt et momentan och wéineg Parkplaze ronderëm dem Josy ginn. Och do mussen d’Léit op de Bus zeréckgräifen.

Dobäi kennt datt Déifferdeng um südlechem Wupp vun onsem Land läit. Och wann am Minette d’Fussballerhäerz zimlech fest schléit däerf een net vergiessen datt et och Fussballfrënn am Norde ginn. Fir déi wieren dëst 25 Minuten Auto méi.

Wann ee bedenkt datt d’FLF en néie Stadion als DÉI Iddi gesäit fir nei Zuschauer ze gewanne kennen déi uewegenannte Problemer als grouss Hindernisser erschéinnen.

Déi Haaptfro déi een sech awer stelle muss ass op een Nationale Stadion an d’ Stad gehéiert oder net. Fir vill Puristen ass d’ Äntwert eendeiteg. Et falen engem wéineg Länner a wou Nationalequipe hier Heemmatcher net op haaptstadtlëchem Buedem ausdroen. Et falen engem awer och wéineg Länner a wou d’ Weeër esou kuerz sinn an déi een néie Stadion esou batter néideg hunn.

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

7 thoughts on “Nationalstadion – Projet Uewerkuer

  1. Paul Krier 20. Oktober 2012 at 09:30

    Also als gepraffte Staater wier ech natirlech derfir, de Stadion an d’Stad ze kréien oder eben ze loossen, ergo Modernisatioun um Josy B. Haaptsächlech aus 3 Argumenter: ëffentlechen Transport, Pacha a Fouer 🙂 Mä wann d’Staater Politik an de Stad erëm éiweg brauchen, wier natirlech déi Déifferdenger schnell Reaktiounsfähegkeet ausschlaggebend. A wann am Minett, dann op Déifferdeng, well do méng Kollege wunnen, awer ënner der Konditioun, datt och duer e valabelen ëffentlechen Transport méiglech ass an datt Matcher net um 21h ugepaff ginn, een dann eréischt erem um 23h30 – 0h an der Stad ass a kee Linniebus méi heemkritt.

    Antworten
  2. luxpjamer 20. Oktober 2012 at 18:04

    Ëch fäerten ganz daat duerno jo zum Projet gesott gett awer reischt dir 2015, dann entdecken ze eng rar Pflanz um Site an alls get gespuart.

    Antworten
  3. Luiz 21. Oktober 2012 at 22:12

    Ech wier ganz kloer éischter derfir de Josy Barthel Stadion komplett ze renovéieren:

    1) Fir Mätcher am fréien Owend huet een oft Stauen wéinst dem Beruffsverkéier op den Autobunnen Richtung Süden, vill méi selten Richtung Stad.
    2) D’Stad lait méi zentral wi Uewerkuer; d’Stad ass fir jiddereen am Land mam Auto a maximal 60 Minutten ze ereechen, fir aus dem Norde vum Land op Uewerkuer brauch een sëcherlech méi Zäit.
    3) D’Stad ass einfach en Dréikräiz vum ëffentlechen Transport am Land an aus praktësch all Richtung besser ze erreechen wi Uewerkuer (quasi all Nët-Minetter missten fir op Uewerkuer an d’Stad fueren an do ëmklammen)
    4) A gewësser Weis ass et och eng Fro vun der Traditioun: säit ech Fussball kucke ginn, huet d’Nationalekipp ëmmer hir Heemmätcher op der Areler Strooss gespillt, wann d’Méiglechkeet besteet giff ech et gutt fannen wann dat (an engem renovéierte Stadion!) sou giff bleiwen. En plus gëtt jo eigentlech an bal all Land wat e “festen” Nationalstadion huet an der Haaptstad gespillt…

    Denken also dass, och wann de Süden de Veräinsfussball säit Joren dominéiert, den Nationalstadion besser an der Stad opgehuewen wier.

    Antworten
  4. luxpjamer 22. Oktober 2012 at 10:31

    Ëch perséinlëch hätt och leiwer wann een Nationalstadion seng Adress an der Haaptstad hätt. Scho nëmmen wéinst der Traditioun an dem Prestige. Lëtzebuerg as eben den “Zentrum” ( nët den geographeschen, natierlech ) vum Land an wéi den Luiz geschriwwen huet d’Dréikräiz vum ëffentlëchem Transport.
    “Uewerkuer” huet den Virdeel daat et zimlech konkret as. Waat Stauen Richtung Süden betrefft sinn ech net der selweschter Meenung wéi de Luiz. D’Mätcher ginn um 20 oder 21 Auer ugepaff dann as d Rush Hour scho lang eriwwer.
    Wann d’Mobilitéits Zentral et geregelt kritt fir en dezenten Programm opzestellen fir d’Léit op den ëffentlëchen Transport eriwwer ze kreien dann läien nët méi esou vill Argumenter géint Uewerkuer vir. D’Traditioun léisst sëch äenneren well wann de Stadion wierklëch an d’Déifferdénger Gemeng wiesselt dann fannen ons Enkelen et méi wéi normal dohinner ze goen fir d’Roud Leiwen z’ennerstetzen.

    Antworten
  5. Vicba 24. Oktober 2012 at 13:59

    Ech sin fir den Deifferdenger Stadion … endleg emol eppes waat Hand a Fouss huerd an och nach an engem finanziellem Machbarem. Klor kann ech nohvollzéihen daden Léit op eng gewëssen Traditioun hänke bleiwen ower dad weistt jo dann erem ganz klor zum konservativem Denken an den lëtzebuergegen Käp. Zum Thema Verbindungen kann ech klor soen dad den CFL an Gemeng Deifferdeng un enger Leisung do schaffen an och zum Deel fest an de Plannung as. An ob elo dei sougenannten Fans vun Elwen de Wee op Uerwerkuer oder an Staat maan denken ech nit dad dest och en Thema ass do mir dach all Wëssen daden Woch fir Woch Honnerten Fussballsbegeeschterter ed nit schéien laang Strecken ze maan fir irgendwou an Ausland e Mätch kucken ze fueren …. Nee nee …. dad Deifferdenger Konzept passt ewéi Fauscht op Aa…. 🙂

    Antworten
  6. luxpjamer 24. Oktober 2012 at 14:41

    Mat denger Argumentatioun läist de nët ganz falsch. Daat eenzeg waat een awer muss bedenken as daat déi meescht Léit déi sëch samsdes a Sondes op de Wee op München, Nanzëg, oder Milan maachen kee Bezuch zum Lëtzebuerger Fussball hun.
    Ët ginn zig Dausend Fussballverreckter an onserem Länd’chen déi awer kee Bezuch zur Nationalequip hun. Hier Grënn si bestemmt verschidden an ët däerf een ze och nët beurdéelen mee do as ee Punkt wou ons Federatioun een Hiewwel usetzen soll. Daat as och firwaat ët huel se! gett, mir geifen gaeren de Lëtzebuerger Fussball an besonneg d’Lëtzebuerger Nationalequip “schmackhaft” maachen.

    Antworten
  7. Vicba 25. Oktober 2012 at 11:19

    Ech denken den Lëtzebuergegen Fussball as um gudde Wee emeih Attraktiv ze gin … wann een jo um nationalem Plang dei stuark Prestatiounen vun eisen Vertrieder op Internationelem weisen as dest dach eng richteg gudd Reklamm. Klor daden mir nit mat eisen Noperen do mathaale kënnen ower verstopen brauchen mir eis dofir jo nit. Den Werdegang ass dach iwerall diern selweschten … wann Resultater stëmmen kommen och Léit … an do denken ech léit kromm an de Heck . Natiirleg misten ower och op Vereinsniveau an vun de FLF den sougenannten “Rahmenprogramm” emeih Kreativi gemach gin … do gin ed vill vill Meiglegkeeten an do sin ech iwerzeecht daden déi Saachen an engem Stadiom ewéi diern zu Déifferdeng (wann e gebaut ged ed och realiséierbar ass . D’Areler Stross ass einfach nit emeih Zeitgerecht an dest mat Sëcherhhet och noh de Renovatioun. Ed soll een déir neier Geschicht eng Chance gin an nit op “Aalem” weider bauen !!

    Antworten

Schreibe einen Kommentar zu Vicba Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.