En Davis Cup ouni Raketten… oder „e puer Gedanken zur Nations League“

Enn Mäerz huet d’UEFA bekannt ginn, ab 2018/2019 eng Nations League auszedroen. Am Virfeld vun dëser Ofstëmmung war wéineg iwwert dësen Tournoi a säi Modus ze liesen, mee dat huet sech direkt nodeems ëffentlech gouf dass dësst Turnéier an Zukunft soll gespillt ginn séier geännert.

Eng ganz grouss Majoritéit vun den nationale Fussballverbänn hu sech fir dësen Turnéier ausgeschwat, Kritik goufen et no der Ofstëmmung virun allem vu Säite vum Veräinsfussball, wou ënner anerem den Dortmunder Trainer Jürgen Klopp däitlech Wieder fonnt huet, an awer och vun de Supporter.

Am ZDF-Sportstudio vum 29.Mäerz huet de Wolfgang Niersbach vum DFB et sou duergestallt, wéi wann dëss Nations League virun allem eng Faveur fir déi kleng Verbänn an der UEFA, zu deenen natierlech och eis Lëtzebuerger FLF zielt, ass.

Wéi ech fir d’éischte Kéier eppes iwwert de Modus héieren hunn nodeem d’Nations League soll gespillt ginn huet et sech fir mech no enger Zort Davis Cup am Fussball unhéieren. Et schéngt esou ze sinn, dass a 4 verschiddene Ligen gespillt gëtt. An all Liga, wou jo dann pro Liga am Prinzip missten em déi 14 Ekippe spillen, ginn Dräier- respektiv Véirergruppen gemaach wou jiddereen géint jiddereen spillt. D’Gruppegewënner steigen op, di Gruppelëscht steigen of, an der 1.Liga gëtt et dono nach e Finalturnéier. Et sief awer nach präziséiert dass de Modus nach net definitiv feststeet an sech zum Deel nach kann änneren.

Den Turnéier u sech ass wahrscheinlech suguer eng flott Saach. Mätcher déi en Enjeu hunn sinn fir Zuschauer ëmmer méi interessant ewéi offiziell Testmätcher wou et „just“ em d’5-Jores-Wäertung geet an di wierklech attraktiv Testmätchgéigner hate mer an der Vergaangenheet meeschtens eng bis zwou Wochen virun de groussen Turnéier an déi Mätcher virun 800 Leit op der Areler Strooss wiert kee wierklech vermëssen…

Dass Op- an Ofstiegskampf dem Fussball e gewësse Reiz gëtt gesäit een zu Lëtzebuerg all Joer an de Barragemätcher, wou et duerchaus virkënnt dass iwwer 1500 Leit sech e Fussballsmätch tëscht dem Drëttleschten aus der Nationaldivisioun an dem Drëtten aus der Eirepromotioun ukucken. Och d’Barragemätcher an den ënneschten Divisiounen leien d’Zuschauerzuelen oft wäit iwwert dem Nationaldivisiounsduerchschnëtt.

Vill Leit hunn sech de Barragemätch tëscht Dikrech (Eirepromotioun) a Stengefort (1.Divisioun 2.Bezierk) am Mee 2012 ugekuckt.
Vill Leit hu sech de Barragemätch tëscht Dikrech (Eirepromotioun) a Stengefort (1.Divisioun 2.Bezierk) am Mee 2012 ugekuckt.

Et ass wuel och sportlech interessant, sech niewt der Qualifikatioun och nach ausserhalb dervun kënne mat Géigner op Aanhéicht ze moossen. Dëss Nations League weist wahrscheinlech suguer nach méi däitlech wéi d’Qualifikatiounen, wou de Lëtzebuerger Fussball dee Moment wierklech drun ass, wann een sech do muss géint Litauen oder d’Faröer duerchsetzen ewéi an der Qualifikatioun, wou et oft géint zwee bis dräi vu 5 Géigner enger Sensatioun gläich kéim, wann d’Rout Léiwen giffen gewannen.

Bis elo heescht et, an et gëtt ëmmer erem betount, a genau dat ass et wat mer Suergen mëcht, dass duerch dëss Nations League keng zousäzlech Belaaschtunge sollen op d’Spiller duerkommen, also eenzeg an alleng op offiziellen Testspilldeeg soll gespillt ginn. Wann ech elo einfach kucken wéivill offiziell Testmätcher d’Lëtzebuerger Nationalekipp di lescht Joren gespillt huet sinn dat der amfong net ganz vill: vun 2011 bis 2013 waren et der genau 12, also an der Moyenne 4 pro Joer.

D’Nations League soll laut däitschsprocheger UEFA-Websäit am September 2018 ugoen an d’Gruppephas, wou all Ekipp soll zweemol géint all Géigner spillen, bis Dezember 2018 ofgeschloss sinn. Dat wieren an enger Véirergrupp 6 Mätcher…

Wéi dat genau ouni „Méibelaaschtung“ soll opgoen ouni d’EM-Qualifikatioun ze beanträgtegen verstinn ech perséinlech net, och wann een d’Qualifikatioun vläicht réicht ugangs 2019 ugoen léisst an deem Fall… irgendwann mussen d’Nationaltrainer jo awer och d’Méiglechkeet hunn hir Ekipp eben am Kader vu Frëndschaftsmätcher ze testen… ob dat elo offiziell Spilldeeg vun der UEFA sinn oder net… A genau bei där „Méibelaaschtung“ läit a mengen Aan d’Kromm an der Heck!!!

Et ginn zwou Méiglechkeeten dee Problem ze léisen: et hëllt een dësst a Kaf, dass d’Spiller eben pro Joer nach eemol 3-5 Lännermätcher weider spillen. D’Leeschtungen, an domatt d’Attraktivitéit vum Fussball riskéieren erof ze goen, d’Veräinstraineren an d’Responsabel sinn not amused, d’Spiller gi schlëmmstefalls mat 27 Joer hire Récktrëtt aus der Nationalekipp bekannt wëll et hinnen einfach ze vill gëtt a se och emol e Summer wëllen grouss Vakanz hunn. Och e Streik vu Spillergewerkschaften wier denkbar… alles Szenarien, mat deene kenge gehollef wier.

Mee et gëtt eng aner Méiglechkeet, déi mier perséinlech guer net gefällt, emol de Fall gesat d’Nations League gëtt en Erfolleg, d’Quote si gutt an et mëcht kee Sënn d’Nations League no zwou Staffel… ähm Saisonen rem ofzesetzen.

Fir d’Spiller net zevill mat Lännermätcher ze belaaschten wier vläicht eng Optioun d’Unzuel u Qualifikatiounsmätcher ze reduzéieren… loosse mer éierlech sinn… och wann d’Nations League manner „Wäert“ ass wéi eng EM oder WM, bleiwt eng Nations League Halleffinall tëscht Däitschland an England méi attraktiv fir déi international Medien wéi Qualifikatiounsmätcher tëscht Däitschland a Lëtzebuerg oder England a Gibraltar.

Schlëmmstefalls kéint et drop erauslafen, dass d’Nations League als Zort Präqualifikatioun fir iwwerhaapt dierfen Quali ze spillen abuséiert gëtt. An deem Fall wieren di „kleng“ Verbänn, déi jo a priori sollten am meeschte vun dësem neien Turnéier profitéieren déi grouss Verléierer bei der Saach, wëll d’UEFA e Pretext hätt se aus der Qualifikatioun ze eliminéieren.

Méiglech wier zum Beispill dass nëmmen nach d’Veräiner aus den dräi éischte Ligen an der Nations Leaguedierften mat an d’Qualifikatioun. Aplaz a Sechsergruppen kéint d’Qualifikatioun dann a Véirergruppen gespillt ginn, aus 10 Qualifikatiounsmätcher giffen der just nach 6 iwwereg bleiwen an an der Nations League kéinten d’Konsumenten virun der Televisioun sech all Joer un de selwechte Lännermätcher tëscht de groussen 8 Fussballsnatiounen… an déi „kleng“ Nationalekippen, déi jo anscheinend sollten am meeschte vum Nations League profitéieren, géifen écartéiert ginn ähnlech wéi hir Veräiner bei der Champions League Reform Ugangs den 90er Joren… zu Gonschte vu Mätcher déi d’Keese besser fëllen…

Mätcher géint déi ganz grouss Veräiner aus Europa ginn et fir d'Lëtzebuerger Vertrieder an der Coupe d'Europe nom aktuelle Modus kaum nach... loosse mer hoffen dass et der Nationalekipp net ähnlech wiert ergoen. Hei eng Affiche vun 1969.
Mätcher géint déi ganz grouss Veräiner aus Europa ginn et fir d’Lëtzebuerger Vertrieder an der Coupe d’Europe nom aktuelle Modus kaum nach… loosse mer hoffen dass et der Nationalekipp net enges Dags ähnlech wiert ergoen.

Alles an allem léisst sech also vu menger Säit aus festhalen, dass d’Nations League sëcherlech eng interessant Idee ass, mee di national Verbänn sech musse mat Hänn a mat Féiss wieren, wann dësen a priori flotten Tournoi als Hürd mëssbraucht sollt ginn fir déi kleng Nationalekippen aus de Qualifikatiounen fernzehalen. Dësen Turnéier muss à tout prix eng Ergänzung an dierf ënner kengen Emstänn eng Alternativ zu de Qualifikatiounsmätcher ginn.

One thought on “En Davis Cup ouni Raketten… oder „e puer Gedanken zur Nations League“

  1. Paul Krier 6. April 2014 at 09:00

    Geht et hei em Sport oder em Fussballkonsum? Ech menge wann d’UEFA mat am Spill ass, ass déi Fro séier beäntwert. Ech si ganz kloer géint déi Nations League! Iwwerall get vu Fair Play geschwat, awer wann et em d’Geld geht, hunn déi grouss Hënn dat séier vergiess. Wéi gesot, d’UEFA ass wéi d’EU: déi kleng gi fréier oder spéider gefriess. Un eis, eis dergéint ze wieren, well ech fäerten d’FLF léisst sech erëm dat Blot vum Himmel verspriechen fir herno vun hanne gebiischt ze ginn.

    Antworten

Schreibe einen Kommentar zu Paul Krier Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.