Eng Auswäertsrees biergt ëmmer fir flott Geschichten. Meeschtens handelen se vun flotte oder bizarre Begéignungen, witzëge Sprëch an langbärtegen running gags, alkoholgetränkten Anekdoten an am lëtzebuerger Fall kennt och mol e sportléchen Highlight dozou. Den Auswaertsmatch zu Genk hatt, trotz der Néierlag géint den nët-méi-esou geheimen-WM-Favorit Belsch, vun allem ze bidden.
D’Lëtzebuerger Supporter hatten fir den Match am Limburg verschidden Transport- an Iwwernuechtungsméiglëchkeeten zur Auswahl. Déi meescht si wuel mam Bus op Genk gefuer an Owes ass et nees zréck an d’Heemecht gangen. Mir, datt sinn de Laurent, de Metty, de Misch, den Dominique an ech, de Raym, hunn ons fir eng Autosrees plus eng Iwwernuechtung an engem Hotel entscheed.
D’Fahrt vu Lëtzebuerg aus op Genk dauert normalerweis zwou Stonnen mä wa fënnef Männer zesummen op e Fussballsmatch reesen muss en nach e bessen Zäit dozou rechnen. Datt Béier dréift ass kee Mythos, ons sëlleg Pipispausen ( 4-5 Stéck) an der leschter Halschent vum Wee sinn de Beweis dofir. De Recht vum Wee ass schnell erklärt, nieft dem Erzielen vun alen Heldentaten, fréieren Auswaertsanekdoten ( “1€ de Béier zu Coimbra” “wees de nach wou’s de zu Rotterdam däin Hennëschten gewissen hues ?” ) an Witzer, déi et net derwäert sinn als Witz ze bezeechnen an déi an engem aner Kontext ons an engem falsche Liicht duerstellen géifen, hatte mir dës Kéier och e richtëgen Noutfall. De Laurent huet aus der Nues geblutt. Fachmännësch gouf dëssen Noutfall gemeeschtert.
No dräi an hallef Stonnen si mir dann zu Genk ukomm. Onst Hotel loung zoufällescher Weis nieft deem vun der Nationalequip an der Press a praktëscher Weis och nieft dem Zentrum mat enger Akaafsstroos an den Terrassen. No engem schnellen Check-In am Hotel Ecu hu mir ons dunn a Richtung Zentrum gemeet.
Ënnerwee hu mir dunn de Ben getraff deen ons mat belschen Supporter op enger Terrasse fotograféiert huet.
Am Zentrum war net vill lass et waren bal kéng belsch Fussballfan ze gesinn. Nieft e puer Genker déi hier Akäf gemeet hunn waren och e puer Männer a Fraën déi gratis T-Shirten verdeelt hunn. Mir hunn ons natierléch e geholl an esou bal den éischten e vun den T-Shirten unhatt war d’Freed grouss. Et war eng Werbeaktioun vum lokalen Sex-Shop dee Reklamm fir en Vibrator fir 1€ gemeet huet mam Schrëftzuch “Regel Nummer 1 : Emmer bereet fir ze jéitzen”.
Vu datt den T-Shirt nemmen am S ze kreien war hunn ëch mäin enger eelerer Dame geschénkt. D’Freed vun der Madame war riesegrouss. Hiere Mann huet mol gutt gelaach.
Nodeems mir op der éischter Terrasse Bekanntschaft mat enger fëmmender Serveuse, der Toiletten, dem lokalen Béier an der Erkenntnis datt et och an der Belsch Jägermeister gett si mir weider gezunn an sinn prompt engem Grupp Lëtzebuerger iwwert de Wee gerannt. Zesummen hu mir ons entscheed sech op enger anerer Terrasse nach e kléngt Gedrénks ze genähmechen.
Um Wee op déi Toilette sinn de Laurent an ëch ons virkomm wéi bei der Twillight Zone, de Wee dohinner war identësch wéi am Pacha an der Stadt. Total strange… Dat Trappenhaus war quasi identësch geschnidden. Wou mir de Wee rop nees fonnt hunn si mir lanscht Kichen komm an wollten ons eng Fritt klauen goën. D’Kächin war “not amused” an awer frënndléch. Iergendwéi hu mir nemmen eppes vun Hygiene verstaan.
Bref, ouni Fritt giess ze hunn hu mir ons dunn op de Wee an de Stadion gemeet.
Wéi mir dohinner géiwe kommen hatte mir nach net entscheed. Soll et den Taxi, den ëffentléchen Transport oder per pedes sinn. Déi aner Lëtzebuerger waren mam Auto do an hunn ons ofgerodden zu Fouss ze goën. Zéng Kilometer wieren nawell ze vill gewierscht…Dëst hätte mir bal méi spéit gemierkt.
Dem Metty an dem Misch koum dunn d’Iddi zréck bei d’Hotel ze goën an déi lëtzebuerger Busser vun der Press oder Federatioun ze froen ob se ons 5 mathuelen kéinnten. D’Sportpress wor esou fäin an vu dass se esou fäin waren hu mir den Trajet domadder verdéngt d’Galerie ze ënnerhalen. Ons domm Sprëch sinn nawell gutt ukomm.
Déi 20 minutësch Rees war zimlëch kuerzwéilëg a prompt si mir bei der Crystal Arena ukomm.
Um Busparking stoungen dunn bëlsch Supporter mat deenen mir gedealt (“Nous on gagne aujourd’hui et vous vous remportez la Coupe du Monde”), a gelaacht hunn an op esou muncher Foto’en gelandt sinn. Stëmmung zwëschen Belschen- a Lëtzebuerger Supporter war richtëg flott.
Eh mir dunn an de Stadion erangangen sinn, hu mir ons e puer frittéiert Leckeréien genehmëgt a sinn Zéihen vun enger Katastroph ginn. D’Belsch ass jo bekannterweis e Béierland, dausende vu Sorten ginn bei onsem Nopper gebraut a verkaf, ech kennen kee Belsch deen net eng kléng Reserve doheem huet an d’Béierbudden vrum Stadion waren…eidel. Et ass gewosst datt Fritten salzëg sinn an datt Salz duschterëg mecht an mir hunn ons dunn missen eng Wäifläsch kafen. Déi 15€ waren awer gutt investéiert Geld well de Pättchen huet ons nawell geschmacht. En huet ons ënner anerem dozou inspiréiert d’Kätche Lidd ze sangen.
Am Stadion hu mir dunn lauter bekannte Gesitter erëmgesinn, den Oli mat séngen M-Block Jongen, ons “Studenten” ( déi scho lang kéng Studenten méi sinn) an nach sëlleg aner Supporter vun de Roude Léiwen. Eng extra Mentioun verdéngt de Charel, deen den Dag sëlwer réischt aus Brasilien ëremmkomm ass an sech net ze schued war direkt wéider op Genk ze fueren. Chapeau !
Och de Lou, deen mat ons zesummen am Hotel gebucht huet, hu mir do getraff. De Lou, Student zu Groningen, war no sengen Cours’en mam Auto an d’Belsch gefuer komm.
D’Lëtzebuerger Fanszene ass richtëg iwwersichtléch mä erfreelecherweis waren och e puer néi Gesichter ze gesinn. Et ass ze hoffen datt déi Jongen a Meedecher och bei de näechste Mätcher derbei sinn.
D’Stëmmung am Block war zimlëch gutt, anschéinend hätt en ons och am Fernseh e puer Mol gutt héieren. Zu 100 géint 20000 ass net einfach. D’Belsch hunn fir eng Ambiance bonne enfant optéiert a wollten sëch vun hieren Diables Rouges ënnerhalen loosen.
De Match huet relativ schlecht ugefangen an no dräi Minuten huet den Fellaini, no engem lëtzebuerger Ballverloscht, den Lukaku geschéckt dem de Moris kéng Chance geloos huet. Ons Jongen hatten beim stark opspillendem Géigener e puer Schwieregkeeten mä hunn trotzdem probéiert Matzespillen. Dem Holtz séng Spillphilosophie ass bekannt an och bei gudde Géigner probéiert hien Fussball spillen ze loosen. Ronn 15 Minuten nom 1-0 koum dunn dem Joachim säi Moment. No engem Ofschlag vum Moris hëllt de Lëtzebuerger Topstiermer de Ball mam Réck zum Goal un, setzt sëch géint de Vermaelen duerch an kritt sech gedréit an zitt volley vu Ronn 20 Meter of. De Ball land onhaltbar am Goal a Lëtzebuerg zitt gläich. 1-1 !
Dräi Minuten méi spéit hätt den Joachim endgültëg zum Held avancéieren kennen. Hien bréngt et fäerdeg dem Kompany ( excusez du peu! ) de Ball bei der Strofraumgrenz ofzehuelen, him Ball um Fouss ze entwutschen mä verléiert leider säin Duell géint de Goalkeeper. Bei engem 2-1 fir d’Léiwen wier de Match vläit an eng aner Richtung gangen mä elo war d’Bunn fräi vir de Lukaku-Express, deen nach zwee wéider Goaler geschoss huet. Nieft him hu sech nach de Chadli an den De Bruyne an d’Scorerlëscht ageschriwwen.
De Fazit vum Match ass datt mir géint eng vun de beschten Equipen vun der Welt verluer hunn an datt ouni ons ze verstoppen. D’Belsch waren frou e Géigener gehatt ze hunn den sech net hannen dra gestallt huet an de Wilmots hatt fir dem “Auré” säi Goal nëmmen Luew iwwreg.
Nom Match ass vrum Match, ween huet den Sproch nach net héieren ? An onsem Fall huet sëch d’Fro gestallt wéi mir lo zréck an den Zentrum kommen.
Mä ganz laang hu mir net iwwerluechtba sinn einfach mol zu Fouss wéidergezunn.
E puer honnert Meter vum Stadion stoung e léift Meedchen an huet Panini-Albumer verdeelt. Dat armt ass einfach net nokomm mat der vill Arbescht. Ganz gentlemanlike wéi mir ebe sinn, hu mir d’Ärm eropgekrëmpelt an hunn him während enger gudden 10 Minutte gehollef. Pasanten an Auto’en sinn ugehaale ginn an d’Alben sinn un de Mann (an d’Fra bruecht ginn)
No dëser gudder Doot hu mir ons nees wéiderbewegt an esou lues ass ons agefall dat de Wee zréck an den Zentrum nawell zimlech laang ass. Mir hunn ons ëppes missen afalle loossen.
Eng gefillten Eiwegkeet méi spéit hu mir e Café erbléckst. Da war nawell zimlech lackeleg och wann de Ben ons am Zentrum erwaard huet. D’Iddi en Taxi ze bestellen ass ëmmer méi konkret ginn mä als gudde Lëtzebuerger deen sech respektéiert wollte mir awer lo net einfach den Telefon benotzen ouni ëppes ze bestellen.
De Café war mat belsche Fans gefëllt déi sech nom Match nach op e gemittleche Patt getraff hunn. Mir goufen relativ schnell agelueden ons nieft enger belscher Famill Platz ze huelen an e puer Pätt goufen dunn zesummegeholl an uschléissend hu mir e g Gruppefoto mat onse Frënn vum Owend gemeet.
Wéi mir dëst alles gemeet hunn wollte mir dunn en Taxi bestellen. De Wiert, e Kurd, huet ons du proposéiert ons ze féieren. Vu datt mir awer net all an en Auto gepasst hunn huet en säi Pap aus dem Bett geschellt dee prompt averstaan war ons matzehuelen. Eng 10 Minutte méi spéit stoungen déinzwee aal Mercedes’en och prêt an mir hunn ons an zwou Gruppe gedeelt. De Laurent an ech si mam Papp gefuer. Déi anner dräi mam Wiert.
Onsen Auto ass dunn e besse méi spéit beim Hotel agetraff well onse Fuerer sech vun Hotel geirrt huet. Vläit waren awer och ons Kurde Witzer (” Vous avez sûrement une grosse mitraillette dans votre coffre!”) déi hien köstlëch ameséiert hunn dru Schold. Bezuelen wollt hien sech par tout net loossen an huet ons nach e flotten Owend zu Genk gewënscht
Vrun der Hotelsdier ukomm hu mir dunn dem Ben ugeruff, deen ons de Wee zu enger flotter Terrasse erklärt huet.
Kuerz nodeem mir do ugetraff sinn huet sech beim Laurent, Misch a mir den Honger bemierkbar gemeet a mir hunn décidéiert schnell e Kebap se sichen (“I will find you and I will eat you”). E Passant huet ons de Wee erklärt a mir hunn ons op dee gemeet. Ënnerwee si mir laanscht e Café komm deen ons ugeschwat huet. “An déi Spelunk musse mir herno!” sott de Laurent. Kebap fonnt, Kebap (“mat extra vill noservéierter Zôss”) giess, Spelunk eran.
Nee, mir waren net entäuscht, et huet sech richteg gutt dobannen ugefillt. Nodeems mir eng Partie Kicker gespillt hunn, huet de Wiert gefrott op mir hien op der Boxmachinn challengen wëllen. Hien war 1,6 m an hatt Ärm wéi Fixspéin. Natierlech ! Hien wollt ons eng Tournée Tequilla ginn wann e vun ons méi Punkten wéi hien kréien giff.
De Misch huet ugefangen, ass ugelaf huet ausgeholl a geschloën… an de Boxsack gestréift. D’Machinn ass dunn no kuerzem Abléck aus Matleed eropgang. Et war eng Furie, mir luchen vu Laachen um Buedem. De Laurent an ech hunn dunn en nom annerem geschloën amir waren mat onsem mëttelmässegen Score zefridden.
De Wiert, dee klengen Zwerg, war dunn un der Réih. Mat iergendwelcher komescher Technik huet hien de Sack getraff an en Highscore gemeet. Natierlech…
Mir hunn dunn eng Ronn Tequilla ausginn, de Wiert huet ons der zwou geschénkt a mir sinn zréck bei déi aner op d’ Terrasse gaangen.
Do hu mir mam Jan Vertonghen a Logan Bailly zwee belsch Superstars getraff a mat hinnen Foto’e gemeet. Legendär wéi mir dem Bailly de Fotoapparat an d’Handy’en an d’Hänn gedréckt hunn fir dat hien ons mam Vertonghen photographéiere soll (“Tu fais les photos car lui il est plus célèbre”). Zwee wonnerbar fäi Spiller !
Onsen Challenge an der Spelunk huet ons Kollegen intrigéiert a mir hunn ons all zesummen op de Wee dohinner gemeet. Den Zwerg hannert der Théik war natierlech ganz frou ons nees ze gesinn an huet eng Tournée Tequilla ginn. Iergendwéi war hien kee besonneg gudde Geschäftsmann an huet deen Owend net vill Sue gewonnen.
D’Clientèle war op e Mol och e besse méi “komësch” ginn. Ënnert annerem si mir dem Richard begéinnt. De Richard ass flamänner a bekennden Nationalist. Esou vill dat hien déi ganzen Zäiten séng germanoaffin Säit mat ons gedeelt an mat ons op däitsch geschwat huet. Säin Däitsch war awer net grad “das Gelbe vom Ei” an hien huet ons déi ganzen Zäiten wollten erzielen dat en an Däitschland “Brotzeit”rifft wann en zesummen drenkt. Iergendwéi huet hien net verstaan dat mir dem Goethe séng Sprooch besser beherrschen wéi hien. Trotzdem “Brotzeit” ass bei ons hänke bliwwen.
An do war nach de Russ, deen ganz houfreg erzielt huet dat hien e vun deenen war deen e puer Wochen virdrunner den M-Block gestiermt hunn.
Esou lues a lues huet d’Middegkeet ons kritt a mir hunn entscheed zréck an d’Hotel ze goen. D’Nuecht war ganz séier eriwwer a mir hunn ons no e puer Stonne Schloff nees zréck an d’Länd’che gemeet, mat middem Kierper mä engem Sack voll Ërënnerungen a Geschichten déi mir ëmmer nees auspacken.
Iergendwéi méngt een no all Auswäertsrees dass déi lëscht déi bescht war, meeschtens ass et awer déi näechst.