Luiz: „CK, nodeems de all Qualifikatiounsmätcher gesinn hues ass et der, mat Ennerstëtzung vun der FLF, och méiglech gewiecht en Ticket fir d’Finall vun der Weltmeeschterschaft 2014 zu Rio de Janeiro ze kréien. Elo bass de säit e puer Deeg vu Rio erem.
Du bass donneschdes virun der Finall zu Rio ukomm. Zu deem Zäitpunkt war den aus brasilianescher Siicht penibelen 1-7 géint Däitschland nach zimmlech frësch. Wéi war däin éischten Androck zu Rio? Huet dëse Mätch d’Fussballsbegeeschterung, respektiv d’WM-Begeeschtung a Brasilien gedréckt?“
CK: „Wou ech ukomm sin, houngen nach op munchen Platzen (an Restauranten, iwwer Stroossen an un Fensteren vun Wunnengen) brasilianesch Fändelen . Kann mer ower durchaus virstellen, datt et virun der Halwerfinall wuel nach vill méi waren. Vill Leit hun wuel aus Enttäuschung hiren Fändel erem ofgehangen (ass elo just eng Vermutung.) Et huet een zwar och um Fanfest an iwwerhapt emmer erem an der Stad Selecao-Trikots gesin, mee ech giew schons soen, datt déi richteg Euphorie bei den Brasilianer komplett „ermuerd“ gouw vun den Daitschen 😉
Samsdes firun dem Match em Platz drei waren zwar erem vill brasilianesch Fans op den Been, mee d‘Stemmung virum Match war verglaichbar zu daer virun engem (onwichtegen) Frendschaftsspill. An dunn hunn ech deen Match zu Ipanema virun engem Fernseh an engem Kiosk op der Plagenpromenad gekuckt an ech muss soen, emmer wann erem Leit laanscht komm sin an gesin hun datt Holland schons erem 0-2 fir war, hun se nemmen traureg de Kapp geresselt. Kann mir virstellen datt des WM fir si nach schlemmer war wéi den Maracanazo 1950.
Et war virum Turnéier gewosst, datt Brasilien elo net déi Iwwermannschaft huet, mee durch den Heemvirdeel hun si trotzdem erem zu den Topfavoriten gezielt, mee se hun leider aus Sicht vun hiren Landsleit „versoot“. An gewesser Weis din se mer leed, well deen Drock op hinnen war net méi normal a mengen Aen, mee quasi onmenschlech. Bei aller Léiwt fir déi südamerikanesch Fankultur, ech mengen munches geet do dach ze wait. Den Barbosa gouw nach 50 Joer no der Nidderlach géint Uruguay gedisst an ech faerten och den heitegen Spiller waert déi Nidderlach nach laang nogedroen gin an daat fannen ech perséinlech onfair. Et ass ower just, pardon, een Spill, och wann daat elo fir vill Fans eng blasphemesch Ausso vun mir waert sin 😀
Wat Begeeschterung ugeet, muss een ower soen datt ech virun der Finall emmer erem guttgelaunten Argentinier gesin hun, daerer enorm vill zu Rio waren an och zu tausenden nach Tickets gesiicht hun.“
Luiz: „Komme mer op d’Finall ze schwätzen. D’Halleffinallen si jo net esou gelaf wéis Du dir dat gewënscht hues. Fir ween hues de bei dëser Finall gehal?“
CK: „Amfong war ech neutral. Muss ower soen, datt Daitschland et op den ganzen Tournoi gekuckt, et wuel méi verdéngt hat, well si méi kloer hir Siger errongen hun wéi Argentinien (méi Goaler a keen Ellefmeterschéissen) an och den staerkeren Kollektiv wuel haten, zudem de beschten Goalkeeper vum Tournoi an een vun den onberechenbarsten Spiller iwwerhapt, den Thomas Müller. Finall selwer war relativ ausgeglach, mee Daitschland huet an der Verlängerung méi Loft nach gehat an dunn och den entscheedenden Goal gemaach.
Natirlech haett ech léiwer Holland an der Finall gesin, muss ower soen datt ech dann d’Finall och méi nervös gekuckt haett. Esou hun ech einfach Stemmung am Maracana genoss an et war ganz cool. “
Luiz: „Wat waren, elo einfach vun den Impressiounen am Stadion a ronderem, déi bedeitstent Ennerscheeder bei dëser WM Finall par rapport zu engem Bundesligamätch zum Beispill?“
CK: „Eng WM ass méi international natirlech als éischt emol. Et sin Leit aus allen Natiounen do, ech hun bspw. aner Letzebuerger nach getraff, zudem Schwaizer, Mexikaner, Amerikaner an Kolumbianer gesin, fir nemmen e puer ze nennen. Am Stadioun ass eng gewessen „folkloristesch“ Atmosphäre. An der Bundesliga gesait een och net esouvill geschminkten Leit. Et gouw eng Rei Polizeisperren um Wee schons bei den Stadioun wou Tickets kontrolléiert gouwen. Et gouw och guer keng Hassgesäng géint den Géigner. Et gouw amfong nemmen déi eegen Equip ennerstetzt an gesong. Woubai d’Argentinier natirlech d’Brasilianer gezeckt hun mat hirer Versioun vun „Bad Moon Rising“: „Brasil, decime qué se siente“. ;-) “
Luiz: „No der Finall hues de der nach eppes méi wéi eng Woch Zäit geholl der Rio de Janeiro unzekucken. Wat waren do fir dech d’Highlights?“
CK: “Definitiv bei d’Christusstatue eropzefueren. Een super Monument an uewen hues de eng onverglaichbar Vue iwwer Rio an op d’Mier eraus. D’Vue vum Zuckerhut erof war manner spektakulär, ower och ganz schéin. De Botaneschen Gart huet mer nawell gutt gefall, och den Historeschen Musée (wou mir ganz am Ufank vun der Rees waren, wou et nach gereent huet, éi mer dunn ab der Finall sonndes nemmen nach Sonnenschain haaten). Ass emmer erem spannend d’Geschicht vun engem Land gewuer ze gin.
An ganz houfreg dropper sin ech och, datt mir allen 4 grouss Verainer vun Rio besicht hun: bei Flamengo waren mir um Trainingsgelänn (wou Oranje wuel während der WM zu Gascht war), bei Botafogo hun mir eng Tour durch den Trophäenraum gemaach an mir duerften e.a. den Sall fir Pressekonferenzen kucken goen an munch Ariitungen fir den Amateur- a Breedensport, bei Fluminense waren mir am aalen Stadioun zu Laranjeiras (wou grad een Spill vun den zweeten Equipen wuel stattfonnt huet) an mir hun een brasilianeschen Ligamatch vun Vasco da Gama (1-1 géint America Natal) am Sao Januario gesin, een herrlechen Ground am portugieseschen Kolonialstil, matten an engem Stadtvéirel integréiert, wat mech irgendwéi un den Grünwalder Stadioun zu München-Giesing erennert huet. Vasco ass den eenzegen Arbechterklub zu Rio (déi aner drai gouwen vun Leit aus der Uewerschicht gegrennt) an den eenzegen Klub mat engem verainseegenen Stadioun. Botafogo spillt normalerweis am Engenhao (Olympiastadioun), deen der Stad Rio gehéiert, an Flamengo an Fluminense am Maracana, deen deem Bundesstaat Rio gehéiert.“
[…] das gesamte Turnier betrachtet sind die Deutschen- wie ich auch hier bereits gesagt habe- wohl absolut verdient Weltmeister geworden. Sie hatten das wohl stärkste […]