Ween ass hei de Chef ? 

Mir waren nawell gutt an d’Qualifikatiounsronn vun der WM 2014 gestart andeems ons Léiwen de Portugisen e Been gestallt an een erkämpfte Punkt aus Nord Irland matbruecht hunn. Duerno krute mir an den zwee Mätscher géint Israel ons Grenze gewisen. An 180 Minutte krute mir 9 Geigegoaler geschoss. Wat engem dobäi opfale konnt ass datt a munch Situatiounen eng Persoun um Terrain gefehlt huet déi d’Equippe geféiert huet.

Nodeems de laangjärege Chef, de Jeff Strasser, seng Fussballscarrière huet missen ophalen hatt de René Peters déi Roll iwwerholl. Mat senger Erfahrung, Astellung a Spillintelligenz war hien den onbestriddene Kapitän an der Equipe. Dëst huet och zimlech laang a gutt fonctionnéiert bis eng laang Verletzungspaus hie verhënnert huet um Terrain ze stoen. Bei senger Ofwiesenhéet hu Spiller wéi Payal a Gerson gewisen datt si sportlech eng Nues Virsprong hunn an et ass spilleresch net opgefall datt de Peters net méi dobäi war. Wou hie bis fit war huet hien sech dunn missen hannen ustellen an nees op seng Chance waarden. Beim Heemmatch géint Israel huet hien esouguer missen op der Tribüne Platz huelen. U sech eng richteg Degradéieren. Véier Deeg a 6 Geigegoaler méi spéit war hien am hellege Land nees um Terrain a Kapitän. Eng Operstéiung war et awer net. Hien huet en zimlech solide Match gemeet mä et huet gewierkt wéi wann hie vill mat sech beschäftegt gewiescht war. Datt ass natierlech net ideal fir e Leader a seng Positioun huet sech domadder net bestäerkt. Den Zick-Zack-Kurs déi den Trainer mat him gefuer ass an d’Realitéit um Terrain schéinen hier Spueren hannerlooss ze hunn.

 

Ënnert deene Konditioune schéint et un der Zäit ze sinn datt een anere Spiller méi Responsabilitéit an en néie Kapitän d’Rudder iwwerhellt. Ween dat soll sinn léisst sech net einfach erausfanne well et dovunner offänkt ween wou spillt an ob en iwwerhaapt spillt.

An der Equipe ginn et verschidde Spiller déi natierlech Leader sinn. Zwee vun deene spillen op deenen zwee Extremitéite vum Terrain. De Joubert schwätz vill mat senge Leit an huet eben d’Spill vrun sech. Wat fir hie schwätzt ass seng Konstanz. Et ass wuel den eenzege Spiller bei dem een déi schlecht Leeschtungen op enger Hand ziele kann. Op der anerer Säit hätte mir onse Stiermer.

De Joachim ass Profi, genéisst och bei Willem II grousse Respekt a bei all Veräi wou hie gespillt huet huet hien duerch seng Astellung a säi Welle gepunkt. Dobäi kennt datt hien eng gewëssen Aura huet a duerch seng Goalgeféierlëchkeet huet hie bei senge Matspiller vill Credit. Hier Positioune schwätzen awer géint e Kapitänsamt. Béid sinn oft op sech eleng gestallt a mussen hier Konzentratioun op hier Aufgab riichten.

De Mario Mutsch, Profi bei St Gallen, brauch kéng Kapitänsbind fir als Chef opzetrieden. An der Vergaangenheet huet hien esouguer bewisen datt esou een Amt éischter nach méi Bass an Aggressivitéit bei him ausléist. Déi Iwwermotivatioun disqualifizéiert hien.

An der Ofwier ginn et mat Hoffmann, Blaise zwee Kandidaten. Leider ass kee vun deenen zwee gesat. Beim éischtgenannten hatt een och d’Gefill datt d’Leeschtungskéier ëmmer méi ofhellt an eng Platz op der Bänk ëmmer méi zu senger Stammplatz sollt ginn. De Spiller vu Virton hatt ugefange méi ze schwätze mä nodeems hien seng Stammplatz verluer hatt an sech op der Bänk zeréckfonnt huet gouf den Elan och gebrach.

 

Am Mëttelfeld hu mir da Gerson, Payal, Da Mota a Bettmer. De Gerson gehéiert nach zu der Kategorie ze vill mat sech selwer beschäftegtsech duerchsetze muss fir en wichtegt Element vun der Equipe ze ginn. Seng introvertéiert Aart a Weis schwätzt och dogéint. Nach ass hie kee Kandidat.

Den Da Mota ass een, am positive Sënn, Egoist. Net fir näischt huet hien a senger Carrière iwwer 100 Goaler fir d’Etzella an de F91 geschoss. Mat mat sengem Asaz senger Aggressivitéit a Schnellegkeet gëtt hien dem Spill Impulser déi oft dann op seng Matspiller iwwerginn. Hien ass wäertvoll awer kee klassesche Leader.

De Payal an de Bettmer kommen och net a Fro. Och wann de Ben een méi aggressive Spiller ass, gehéiert zu sengem Spill eng gewësse Kreativitéit, déi mam Gewiicht vun der extra Verantwortung, gebremst kéint ginn. De Bettmer soll och fräi opspillen. Seng beschte Mätscher mécht hie wann ouni Drock opleeft. Et wier schued wann den eenzege Regisseur an de Réihen vun onser Equipe säi brin de folie verléiere géif.

 

Bleift just nach ee Spiller deen sech,ënner gewësse Konditiounen, zum Chef vun der Equipe entwéckele kéint, den Tom Schnell. Et gi vill Stëmmen an der Press an an den Tribünen déi dofir plaidéieren de Kapitän vun der Fola an der Innenvertéidegung anzesetzen. Ob beim Racing oder bei der Fola hien huet och als jonke Spiller iwwerall Verantwortung iwwerholl. Och wann seng Liiblingsplaz vrun e puer Joer nach am defensive Mëttelfeld war, schéint hie predestinéiert fir an der Mëtt vun der Verdeedegung ze spillen. Hien huet Perséinlechkeet, ass robust, aggressiv an awer fair. Seng Relance, säi Kappball- a säi Stellungsspill sinn vu héijem Niveau. Dozou kennt datt hien sech anscheinend gäre Gedanken iwwert Taktik mécht an a senger Fräizäit oft spezialiséiert Bicher iwwert de Fussball liest. net ze vergiesen datt hien an de leschte Joren déi eenzeg Konstant an der Ofwier war. Wann hien net verletzt war huet en gespillt. do réit hien sech mat Spiller wéi Joubert, Payal, Mutsch, Bettmer a Joachim an. Spiller déi essentiell wichteg sinn. Hien kéint dofir eng ganz gutt Wiel sinn.

Wat awer ganz wichteg wier wier datt den Trainer sech op eng fest Véiererkett an der Ofwier festleet. Et ass bestëmmt net postif fir d’Entwécklung vun enger jonker Equipe wann andauernd d’Basis vun onsem Spill geännert gëtt.

Mir brauchen een onkontestéierte Chef wou d’ Equipe sech drop stäipe kann an dee wann et néideg ass d’Spiller mat der Hand hellt oder wann néideg erwescht.

 

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

2 thoughts on “Ween ass hei de Chef ? 

  1. Paul Krier 26. Oktober 2012 at 11:29

    Iwwer d’Taktik wëll ech elo hei net diskutéieren, déi hunn ech a méngem Artikel //www.huelse.lu/80/back-to-basics/ erläutert, mä richteg ass schon, datt d’Taktik an d’Opstellung net all gudder Dag soll geännert ginn.

    Zum Leader a Kapitän kann ech just soen: gutt analyséiert. Stiermer a Goalkeeper sinn an eisem Spill dacks ze wäit ewech, fir déi Roll sérieux auszeféieren. Egal ob elo an der Bannen- oder Bausseverdeedegung denken ech, datt déng Propose vum Tom Schnell schon eng ganz gutt ass. Fir mech kommen nieft him just nach de Ben Payal a Mario Mutsch als éiweg Kämpfer a Kilometerfriesser a Fro.

    Antworten
  2. luxpjamer 26. Oktober 2012 at 19:24

    De Mario wierkt ëmmer iwwermotivéiert als Kapitän an mengen bei sengen zwou roude Kaarten hat hien d’Kapitänsbind um Arm.
    Wéi uewen erklärt fannen ëch daat hien keen Amt brauch fir als Leader duerchzegoën. Esou as et menger Meenung no och beim Joubert an beim Joachim.
    De Payal wier u sëch meng zweet Wiel.

    Antworten

Schreibe einen Kommentar zu luxpjamer Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.