Um Wee !

Lëtzebuerg spillt 2-2 géint den RSC Charleroi. De Maxime Chanot huet an der leschter Minutt den 2-2 geschoss. Den anere Gol geet op de Kont vum Da Mota

E Virbereedungsmatch ass ëmmer ze relativiséieren. Déi gutt wéi déi manner gutt Saachen dierf en net iwwer- wéi ënnerbewerten mä et kann een awer e puer Conclusionen schléissen.

Ons Suergen:
– D’Ofstëmmung an der Ofwier.
Bei schnellem Ëmschalten vum Géigener huet ons Ofwier relativ schnell iwwerfuerdert gewierkt. Den Tom Schnell kann e Lidd dovunner sangen. D’Carolos sinn ëmmer dann nees geféierlëch ginn wann se gekontert hunn an d’Schnëttstell zwëschen Aussen- an Innenvertéideger gesicht hunn.

– De Rhytmusmangel:
bei verschieden Offensiv Aktiounen, huet am Spillopbau gehackt. Lafweër an Opbau hunn nach net 100% geklappt.
Spiller déi wéinëg gespillt hunn, aus enger Verletzung kommen oder am Veräin guer net zum Zoch komm sinn dierfen esou Matcher benotzen fir nees an d’Spuer ze fannen.

– Véier Ausfäll ! Nieft dem Massimo Martino feelen dem Nationaltrainer mam Turpel, Martins a Jaenisch dräi ganz wichtëg Spiller. Den Déifferdénger fällt wéinst Muskélfasserrëss aus a waert dem Holtz e puer Kapzerbrieche maachen.
D’Pluspunkten

– den Trio Philipps, Gerson, Holter fonktionnéiert. De Philipps als Staubsauger a Relanceur war an der éischter Halschent zimlëch efficace. Op mat riets, lénks oder mam Kapp d’Bäll si richtëg verdeelt ginn. Den Holter mausert sëch ëmmer méi zu engem Patron an ët fällt engem schwéier ze gleewen datt de Nationaltrainer op hien verzichte waert. Kompletéiert gëtt den Trio vun engem Gerson voll am Saft.

– Dem Stephano Bensi gesäit een zwar nach un datt hien wochelang vum Terrain fort war mä seng Prestatioun war méi wéi gelongen. Formidabel am 1-1. De Replacement waerend dem Match op déi lénks Aussebahn huet geklappt an de Folamen huet sengem Géigener bei verschidden Aktiounen e Knuet an d’Been gespillt. Mat e wéinëg méi Réussite wier him gëschter och deen een oder anere Gol gelongen.

– Dem Maxime Chanot séng Form ass beandrockend. Trotz e puer Ofstëmmungsschwieregkeeten, ass hien de Patron vun der Ofwier an der ganzer Ekipp. Mir kënne frou sinn esou e staarke Spiller ze hunn deen och nach bewissen huet datt hien och e Gol schéisse kann.

– Den F91 huet den Dan Da Mota waerend e puer Méint dégradéiert an hien huet gëschter bewissen datt den Holtz sëch awer op hien verloosse kann. Op an der Spëtz oder op der lénker Aussebunn den Da Mota wosst mat senger Schnëllegkeet an sengem agressive Spillstyle ze iwwerzeechen. Bei sengem 1-1 huet hien sëch duerch d’Ofwier getankt eh hien dem Golkeeper kéng Chance geloss huet.

4-4-2 oder esouguer 4-3-3 ?

Ugefangen hu mir an engem 4-4-2, mat engem flache Mëttelfeld deen am Laf vum Match oft zu engem 4-3-3 ginn ass. Den Holter deen um Pabéier am rietse Mëttelfeld gespillt huet ass meeschtens erageréckelt, an de Philipps huet sëch méi zréckfale gelooss an als “Staubsauger” gewierkt. Mat Bensi oder Da Mota op der anerer Säit huet een souwisou zwee Spiller déi hiert Spill méi offensiv interpretéieren daerfen an beim Ëmschalten zur Offensiv en drëtte Stiermer bilden.
Déi taktësch Variabilitéit am Spill vun onse Léiwen kéinnt munch Géigener iwwerraschen.

Méiglëch Opstellung géint Slowakei
Gol: Joubert
Ofwier: Jans-Schnell-Chanot-Mutsch
Mëttelfeld: Holter-Philipps-Gerson-Bensi
Stuerm: Da Mota-Joachim

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

2 thoughts on “Um Wee !

  1. Zahlen Jean 24. März 2015 at 16:07

    interessant Evaluatioun, ech gesinn d Equipe d selwecht, giff allerdengs de Moris an de Goal stellen well en as 2 Klasse besser wei de Joubert an huet och vill mei Praesenz, och wann en zu Malines nemme Reserve as.?aner Fro: Deville?

    Antworten
  2. Luxpjamer 24. März 2015 at 18:09

    N’Owend,

    De Maurice Deville war gëscht manner opfälleg. Watt awer net heescht datt hien e schlechte Match gemeet hätt. Hien hatt vun de Stiermer eben déi mannsten Offensivaktiounen an ass e méi “sobere” Spiller wéi Da Mota, Bensi oder Turpel oder Joachim déi béid gëschter net derbei waren. Et mierkt een him awer un datt hien momentan zu Kaiserslautern ze spillen kritt an aus vergangene Matcher wees een datt hien wéinëg Golchance brauch fir e Gol ze maachen.
    Watt awer sécher ass ass datt nach keen lanscht den Aurélien kënnt.
    Am Gol gesinn ech et anneschtes wéi dir. De Moris ass e ganz interessante Golkeeper mä hien ass awer nach nët besser wéi de Joubert. De Jonathan ass e Pol vun der Rouh an der Ekipp, duerch séng Austrahlung a seng Erfahrung berouegt hien ons Ofwier. Kloër huet hien Defiziter am Spill déi hien duerch séng Perséinlechkeet awer wett mécht. De Moris misst a séngem Veräin spillen fir d’Platz sträitëg maachen ze kennen. Him mierkt en de Mangel u Spillpraxis un. Zu Genk huet hien e puer fantastësch Aktiounen mä awer och e puer manner gudder déi d’Ekipp déstabiliséiert hunn. Och am leschte Präparatiounsmatch géint Bochum waren zwou Aktiounen déi kloër him zouzeschreiwe sinn, eng huet zu engem Géigegol gefouert déi anner zu engem Eelefmeter, deen en awer dunn gehallen huet.

    Antworten

Schreibe einen Kommentar zu Zahlen Jean Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.