Mat de roude Léiwen am hellege Land

No zwee enorm interessanten Deeg mat engem Guide zu Jerusalem fuere mir (de Martin, ee Schwäizer Groundhopper vu Basel, den Daniel, ee Lëtzebuerger Judd, an ech) en Densdeg, de 16.Oktober, mam Taxi op Tel Aviv. Nom Anchecken an eisem Hotel man mir eis op de Wee an den David Intercontinental, wou eis rout Léiwen an d´Journalisten iwwernuechten.

De Jean Schiltz taucht relativ séier mat eise Billjee op. Mat him, dem Marc Diederich an e puer Journalisten ënnerhale mir eis flott a verbotzen herno och nach e puer Penne all´arrabiata an der Lobby.

Nom Iessen trëppelen de Martin an ech bis erof op Jaffa, wou mir och de Bloomfield Stadium gesinn, wou all Proficluben aus Tel Aviv hir Heemmatcher ausdroen. Mir denken driwwer no samschdes de Spëtzematch Hapoel Tel Aviv géint Maccabi Haifa kucken ze goen, ginn ower leider herno gewuer, datt dee Match op nächst Woch verluet gouf.

Géint véier Auer fuere mir mat de Journalisten an de Responsable vun der FLF op de Match zu Ramat Gan.
D´Israelien hunn eng flott Aart a Weis d´Equipë virzestellen. Ofwiesselnd gëtt den Numm vun engem Spiller genannt an ee klenge Bouf, deen dëse Spiller duerstelle soll, leeft op den Terrain an hellt déi betreffend Positioun an. Léiw!

Leider stinn eis Lëtzebuerger vill ze déif a leie séier mat 0-1 hannen. Dem Holtz seng Taktik ass alt erëm wéi schonns am Heemspill net opgaangen. Wéinstens verléiere mir des Kéier “nëmmen” 0-3 an net 0-6 oder 0-7! Um Enn hunn eis Jongen esouguer nach eng Rei Goalchancen, wat ower wuel dru leit, datt Israel eis elo e bëssi spille léisst, de Match ass jo souwisou entscheed. Een Éiregoal wier ower nawell nach dra gewiescht: ee Schoss vum Laterza gëtt vun engem Defenseur op der Linn gekläert.

Ëmmerhin hunn mir de Fändel mam roude Léiw och an Israel héichgehalen, als Merci kréie mir den Maillot vum Daniel da Mota! An eng Rei israelesch Fans kommen eis begeeschtert applaudéieren! 🙂

Eise Bus steet an engem ofgespaarte Secherheetsberaich vum Stadioun. Mee no engem kuerzen Telefonat kennt de Jean Schiltz eis zur Hëllef an iwwerriet déi israelesch Sécuritéit eis eranzeloossen. Mir fueren zeréck bei den Intercontinental, wou och nach zwee jiddesch Frënn vum Daniel optauchen, déi zu Tel Aviv studéieren. Bis no Mëtternuecht setze mir nach zesummen an der Hotellobby, drénken e puer Béier a braddelen zesummen. Virun allem de Laurent Schüssler vum Wort erzielt allerhand interessant an och deelweis lëschteg Anekdoten. Och de Pol Philipp kennt nach kuerz laanscht.

Den Dag duerno si mir esouwuel am Wort, wéi och am Tageblatt an am Essentiel. Den Aurélien Joachim an de Mario Mutsch gi guer net schlofen. Si fléien nach an der Nuet zesumme mam Lars Gerson op Amsterdam fir esou séier wéi méiglech erëm bei hire jeeweilege Veräiner ze sinn.

Och mir man eis iergendwann an eist Bett.  No dësem Spilldag bleiwe mir nach weider véier Deeg am hellege Land, bis mir sonndes, den 21.Oktober erëm heem fléien. De Martin op Basel, den Daniel an ech an eis schéin Heemecht, wou mir eng net weider wichteg Hochzäit verpasst hunn.

Méi  iwwert d´Rees an Israel gett et (an daitscher Sprooch) hei.

One thought on “Mat de roude Léiwen am hellege Land

  1. E Réckbléck op d’Joer 2012 24. Dezember 2012 at 18:37

    […] Sportlech goufen et zwee Réckschléi géint Israel am Oktober, eng 0-6 Défaite heiheem an en 3-0 epuer Deeg drop zu Ramat Gan. Sëcher ass Israel keng schlecht Ekipp an et ass keng Schan zweemol géint se ze verléieren, alles an allem war d’Aart a Weis awer enttäuschend. Fir di 3 Supporter, e.a. de CK vun eiser huelse.lu-Ekipp, di an Israel um Mätch derbäi waren war d… […]

    Antworten

Schreibe einen Kommentar zu E Réckbléck op d’Joer 2012 Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.