Et geet virun

Wei haut am Quotidien ze liesen ass geet d’ Gemeng Déifferdeng hire Projet iwwert den Ausbau vun hirem Stade Communal zum Stade National nächst Woch op Monnerech bei d’FLF présentéieren. D’ Equipe vum Herr Meisch probéiert domadder de Verwaltungsrot vun der Lëtzebuerger Footballfederatioun op hier Säit ze gewannen. De Sportminister Romain Schneider huet erklärt datt de Conseil d’Administration an d’ Entscheedung iwwert de Stadion agebonne gëtt. Dat sinn gutt Noriichten am Virfeld vrum UEFA congrès vu datt de Platini FLF jo scho gewarnt hatt datt d’ Infrastrukture bis 2014 “en norme” misse sinn.

Dobäi ass ze liesen datt et e groupe de travail gëtt de bis Enn 2012 oder Ufank 2013 iwwert d’ Zukunft vum Josy Barthel tranchéiere wärt.

Et bleift eng interessant Geschicht wou sécher nach déi eng oder aner Situatiounsännerung optriede wärt. Egal wei d’Entscheedung zum Schluss ausfale wärt et schéint jo datt mir duerno ee Stadion wäerten hunn deen den heitege Standarden entsprécht.

 

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

6 thoughts on “Et geet virun

  1. Paul Krier 7. November 2012 at 16:27

    En Arbechtsgrupp? Sinn dann och zukünfteg Notzer / Client’en vun deem Stadion dodranner, ergo, Zuschauer a Fans? Well et wier jo awer zimlech fahrlässeg, déi net ze froen mengen ech.

    Antworten
  2. luxpjamer 7. November 2012 at 16:43

    “C’est aussi parce qu’il fait partie du groupe de travail visant à étudier l’avenir du stade Josy-Barthel et de son éventuele réfection que le président de la FLF a cette agréable sensation. Parce qu’il sait aussi que ce groupe devrait accoucher d’un projet concret à la «toute fin 2012 voire première semaine de l’année 2013».” Aus dem Quotidien.
    Ech gleewe kaum datt do “représentant” vun der Zuschauerzunft dobäi sinn. Oder bass du gefrott ginn ? 😉

    Antworten
  3. Olli 8. November 2012 at 14:31

    Geint eng Spora zu Uewerkuer!!!

    Antworten
  4. Paul Krier 9. November 2012 at 13:19

    @Raym: nee, sinn ech net, mä ech weess, datt bei Neibauten an Däitschland z.B. och Fanvertrieder, -beoptrager oder -projekter matt un den Dësch komm sinn.

    Mä a sech wollt ech domatt just ervir sträichen, datt hinnen d’Fans jo weider offensichtlech egal sinn.

    Antworten
  5. luxpjamer 9. November 2012 at 14:38

    Dat hatt ech scho verstaan. An deelen deng Meenung. Et wier natierlëch flott wann och d’Supporter an esou Entscheedungen mat agenonnen geife ginn.
    Mä wou géif een déi da siche goën ? Gett et eng Vereenegung vu lëtzebuerger Supporter ?

    Antworten
  6. Olli 12. November 2012 at 01:22

    Op ech dofiir gefroot geuf? Niet

    Antworten

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.