Haut viru 5 Joër … mam M-Block op Rotterdam

Um 17.November 2007 stoung e Mätch zu Rotterdam fir d’Rout Léiwen un, bei deem ech giff léien wann ech giff behaapten et wier fir mech e Mätch wi all aneren och: säit der EM 1996, als fir meng Generatioun „säit ëmmer“ hunn ech grouss Sympathien fir d’Elftal. Deemols, op der Europameeschterschaft an England, hunn ech eigentlech fir d’éischte Kéier bewosst Fussball gekuckt, (a wëll ech an der grousser Vakanz ëmmer an Holland war war Oranje op deem Tournoi „meng“ Ekipp) an ech hu mech an Zwëschenzäit dacks gefrot ob ech dee selwëchte Lien zum Fussball hätt wann ech deemols di Mätcher vun der Europameeschterschaft 1996 net gesinn hätt…

Dorop konnt awer am November 2007 beim beschte Wëllen keng Rücksicht geholl ginn, en Auswäertsmätch vun de Léiwen stoung zu Rotterdam am Kuip un! Wi ëmmer goung d’Busrees um Park and Ride Houwald lass. Et muss duuschtregt Wieder gewiecht sinn op dësem Samsdeg, op alle Fall huet scho missen zu Capellen en éischte Ravitaillement gemaach ginn. De fréieren Nationalspiller Dan Huss huet eis puer Këschte Béier fir d’Rees versprach, di mer dun bei eisem zweeten Tëschestopp an der Géigend vun Antwerpen vu Kollegen vum him iwwerreecht kruten. D’Fahrt war also alles ausser langweileg, an am spéiden Nomëtteg si mer dun an der Hafestad ukomm.

An den Zentrum vun der Stad hu mer et aus zäitleche Grënn net méi gepackt, mee mir sinn awer nach zwou Stonnen duerch de Quartier ronderem de Stadion, wat net onbedéngt déi aller nobelst Géigend vu Rotterdam ass, getrëppelt, ier mer dun am Block G Plaz geholl hunn. Suwuel vu baussen wi och vu bannen huet de Feijenoord Stadion, wi „de Kuip“ offiziell heescht, mer ganz gutt gefall.

Fir Lëtzebuerg stoungen folgend Spiller an der éischter Elef: Joubert, Kintziger, Hoffmann, Wagner, Peters, Strasser, Bettmer, Payal, Kitenge a Mutsch, während fir Holland di Hären van der Sar, Melchiot, de Zeeuw, Mathijsen, Bouma, van Bronckhorst, Sneijder, van der Vaart, Seedorf, Koevermans a van Nistelrooy opgelaf sinn.

An der 1.Halschent war Oranje optësch kloer iwwerleen, si hate vill méi Ballbesëtz an hunn kaum eppes zougelooss. Allerdéngs ass et hinnen nëmme selten gelong sëch wierklech geféierlech Golchancen erauszespillen. Wann dat dann awer de Fall war, hat de Joubert, deen op dësem Samsdegowend en excellente Mätch gemaach huet, eng Entwert parat. Dun an der 43.Minutt ass leider, den objektiv betruecht awer iwwerfällegen 1-0 gefall. Eng Flank vum Wesley Sneijder vu lénks an du war de Koevermans en halwe Schrëtt méi séier wi säi Géigespiller…

Opfälleg, dass d’hollännesch Supporter trotz Féierung hier Ekipp an der Hallefzäitpaus ausgepaff hunn… d’Stëmmung vun de Lëtzebuerger ass awer trotz Réckstand och an der 2.Halschent gutt bliwwen. Beemol, an der 88. an an der 90.Minutt, hat Lëtzebuerg awer nach zwou sougenannt 100% Chancen… allerdéngs konnt weder den Fons Leweck nach den Sébastien Rémy, allebéid an Zwëschenzäit agewiesselt, de van der Sar bezwéngen.

Och wann de Mätch leschten Endes 1-0 ausgaang ass sinn di meescht hollännesch Spiller, grad wéi och d’Supporter zimmlech séier verschwonn, wuel e kloeren Indice dass ech net iwwerdréiwen wann ech d’Rout Léiwen als „moralësche Gewënner“ vun dësem Mätch bezeechnen. Nom Mätch war et trotz der gudder Leeschtung vun der lëtzebuerger Nationalekipp zimmlech roueg an eisem Bus, di meescht Leit sinn irgendwann ënnerwee ageschlof. Wi mer dono um Houwald sollte gewuer ginn, war an deem anere Bus op der Réckfahrt nach méi Stëmmung, wouriwwer déi di do wollte schlofen net sou glécklëch waren… géint halwer 4 moies ware mer op alle Fall rem zu Lëtzebuerg.

 

2 thoughts on “Haut viru 5 Joër … mam M-Block op Rotterdam

  1. luxpjamer 17. November 2012 at 15:44

    An deem anere Bus huet en de ganzen Zäiten jzst e Satz heieren : ” 8000 kilometer mam Bus an de Kazachstan!”

    Antworten
  2. Chrëschtel 12. Februar 2013 at 20:54

    An deem 8.000-Bus war ech och …

    Antworten

Schreibe einen Kommentar zu luxpjamer Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.