Knuppefreed !

Deeglaang hunn d’ Virbereedunge fir dat grousst Fest gedauert. D’ Frënn an d’ Famill sinn agelueden, d’Kanner freeën sech scho fir méi laang opbleiwen ze kennen an d’Elteren hunn sech ëm den Akaf an dem Zoubereede vum Réveillonsiesse gekëmmert. Am volle Caddie vum Supermarché mat der Wüstepflanz, hu sech nieft diversen Delikatessen an alkoholeschem Gedrénks natierlech och e puer Rakéite gesellt. D’Gäscht sinn ukomm d’Rutsche kann ufänken. No e puer Stonne mat guddem Iessen an nach besserem Schampes, kacht d’Stëmmung iwwer. De Papp a de Monni spieren sech wéi wann si nees 17 Joer hätten, sangen al Gassenhauer, erzielen al Geschichte wou d’Damen d’Aan verdréine vu dat si déi Heldentaten schonn zum gefillten dausendste Mol héieren.Duerno probéiert d’Partygesellschaft sech um Gagnam Style déi d’ Kanner opgeluecht hunn an sech natierlech kromm laache wéi hier erwuesse Familljememberen sech de Batti stellen.

Nach zéng Minutten an dat neit Joer fänkt un. De Papp rifft säin eelste Bouf an zesumme mam Monni ginn si no bausse fir den Héichpunkt vum Owend virzebereeden, Feierwierk. Ganz houfreg weist de Papp säin Akaf , vum klengste Knuppert bis hin zur riese Rackeit ass alles do. D’ Knuppefreed ass virprogramméiert.

Grad am Moment wou d’Männer mat der pyrotechnëscher Virbereedung fäerdeg sinn kommen déi aner eraus a fänken hunn vun zéng erofzezielen. Bei Null ukomm läit sech jiddereen an de Ärem, an déi éischt Rakéite fléie mat engem Zische fort an explodéieren iwwert hire Käpp an dausend Stecker an zu fuerwege Stären ewech. No e puer Minutte gesellen sech och d’Nopperen, mat Riff vu Gléckwënsch, op d’Strooss.

An dem Ament wou e vun den Noperen, arméiert mat enger Coupe a mam Telefon um Ouer, zur Dier erauskënnt flitt e vun de Sprengkierper laanscht säi riets Been an explodéiert op senger Façade. Deen Noper dat sinn ech a mäin zweete Gedanken, no der Festellung dat mäi Been nach drunn wier, war : “Dat ass mir an engem Stadion nach ni geschitt !” Kréie meng Noperen elo eng Policepatrulle laanscht gescheckt an hier Coordonnéeën opgeholl fir duerno an e Gewaltarchiv klasséiert ze ginn ? Si meng Noperen vläit kriminell ?Natierlech geschitt näischt vun allem, Verbriecher sinn si och net an un onsem gudde Verhältnis huet de “Friendly Fire” näischt geännert.

 

Während der gudder hallwer Stonn wou ech dem Spektakel iwwert mengem Duerf nogekuckt hunn, si meng Gedanke ronderëm d’ Thema Pyrotechnik am Stadion gaangen. Ech hu Schwieregkeete gehat fir ze verstoe firwat d’ Pyrotechnik vun der Gesellschaft acceptéiert, jo esouguer celebréiert, gëtt wann et ëm den Iwwergang an en neit Joer geet mä esoubal et an de Kontext vum Fussball gesat gëtt dann ass et verpönnt.

Wéi d’Zäiten sech awer änneren. Huet ee vru Joer nach vu Süd-amerikanescher Atmosphäre geschwäermt wann am Stadion Bengalo gezünt gi sinn, héiert een de Fernsehspriercher haut mat Begrëffer wéi Chaoten, Idioten oder Randaléier ronderëm geheien. Wéi ass et dozou komm dat et op eng Kéier Zeechen vun Gewaltbereetssamkeet oder Aggressivitéit soll sinn an net Ausdrock vun Emotiounen an eng Manéier fir Stëmmung am Stadion ze maachen ?

Meng Erklärung läit doranner : de Fussball ass zum Event an domadder zur Geldmaschine ginn. De Stadionbesuch am Profifussball bidd dem Zuschauer neierdéngs e traurege Spektakel. Cheerleader, koreanesch Technomusek aus de Boxen, professionell Unheizer op den Tribünen, Sponsoren déi op Banden, Bildschiermer a mat Spiller vrum Match an an der Paus fir hier Produkter werben. Stehplaze ginn zu Sëtzplazen, Sëtzplaze ginn zu Logen. Ticketspräisser ginn an d’Lucht a fir vill Fussballfrënn ass et geschwënn onméiglech seng Lieblingsequipe ënnerstëtzen ze goen. Fussball soll hipp sinn an zum kafen ureegen. Fussball soll Fernsehfrëndlëch sinn fir dat d’Zuschauer vrum Bildschierm net ze vill vun de Reklammen ofgelenkt ginn. Fir dat de Fussball liichtverdaulech eriwwer kennt muss alles choreographéiert sinn an et däerf näischt dem Zoufall iwwerlooss ginn.

Wat kann da méi stéiere wéi e Groupe vu Leit déi wéi well sprangen, sangen a Fackelen zünden déi mat hirem Damp munchmol de Match verzögeren an de Fernsehrmänner hieren Job erschwéieren ?

D’Bild vum Foussballsupporter gëtt an de Medie verzerrt an hie gëtt als gewaltbereeten, pyromanëschen, besoffenen, drogéierte Rowdy duergestallt. De Fussballsfan gëtt kriminaliséiert. Politiker, Veräins- an Verbandsoffizieller hunn domadder e Mëttel fir sech profiléieren ze kennen. Veräiner déi Dauerkarten zeréckzéien well sech de Besetzer net setze wollt, Veräinsoffizieller déi sech vum Kaméidi vum Gesang gestéiert fillen, d’Fuederen vun Nacktscanner, Sécherheetseuro’en, a vill aner Fuerderungen wou de gesonde Mënscheverstand ausbleiwe sinn d’Resultater vun Stigmatiséieren vum Fussballfan. A Plaz den Dialog mat de Supportergroupen an domadder gemeinsam no Léisungen ze sichen gëtt einfach repressiv gehandelt. D’Pyrotechnik ass u sëch nëmmen ee Mettel zum Zweck.

 

Well dobäi wier et mol net esou schwéier Léisungen fir d’Benotzen vu Pyrotechnëschem Material ze fannen. D’ Initiative der aktiven österreichischen Fußballfans – Pyrotechnik ist kein Verbrechen huet mat hirem Engagement bewisen datt sech dat stereotypescht Bild vum dommen, aggressive Supporter net bestätege léist. Sie hunn, andeems se déi traditionell Rivalitéiten op d’ Säit geluet hunn, de Wee vum Dialog mat Verbänn a Behörde gesicht an op Kommunikatioun gesat. Hei en Auszuch vun hirer Compagne:

Pyrotechnik – als Ausdruck von Emotionen – darf im Sport nicht verboten oder gemaßregelt und schon gar nicht unter Strafe gestellt werden.

Die angedachten Ausnahmeregelungen sind für uns keine Option, da sie nur als reine Alibiaktion des Gesetzgebers verstanden werden können. Wir lehnen diese strikt ab, da dadurch jede Emotionalität, Spontanität und Eigenverantwortung verloren gehen würde. Wir sprechen uns jedoch klar dafür aus:

  • keine Böller oder Kracher zu verwenden
  • durch verantwortungsvollen Umgang mit Pyrotechnik keine Spielunterbrechungen zu provozieren bzw. keine Gefahr für andere Stadionbesucher, Ordner oder Ballkinder darzustellen
  • durch Bereitstellen von mit Wasser bzw. Sand gefüllten Behältnissen ein sicheres Abbrennen innerhalb der Fansektoren zu gewährleisten und dadurch auch für eine geregelte Entsorgung der abgebrannten heißen Gegenstände zu sorgen
  • keine Fackeln oder sonstige pyrotechnische Gegenstände auf Laufbahn oder Spielfeld zu werfen.

Wir fordern alle Verantwortlichen dazu auf, einen kontrollierten und verantwortungsbewussten Gebrauch von Pyrotechnik zuzulassen und in einem der Gegebenheiten entsprechenden, für alle Beteiligten annehmbaren und angemessen Rahmen zu erlauben

Et wier also mat ganz einfache Regelen a Moossname méiglech béid Säiten zefridden ze stellen.

 

Déi ganz Polemik gëtt méi am Ausland thematiséiert a gefouert. Mä och zu Lëtzebuerg mierkt een datt déi paranoid Haltung vu Behörden a Verbänn op onse Fussball offierwt. Wann FLF Offizieller sech scho fir d’Installatioun vun Iwwerwaachungskameraen an de Stadien ausschwätzen nodeems et e puer Incidenter gi sinn da mierkt een datt d’Well och onst Ländche getraff huet. Och bei de leschte Lännermätscher hunn vill Supporter gemierkt datt d’ Sécherheetsfirma am Barthel de Supporter méi Saachen ewechgeholl hunn wei sos. Et ass awer nach Zäit den Trend hei ze stoppen. Mat vill Courage kinnte mir, Supporter a Verband, hei am Land Zoustänn erschaffen der déi professionell Ligen ons beneide géifen. Op sech awer e klenge Verband wei d’FLF traut aner Weeër ze goe wei déi grouss ass eng ganz aner Fro. Ween traut sech schonn der UEFA an der FIFA ze weisen datt et och anescht geet. An op zu Lëtzebuerg déi richteg Mentalitéit an Nofro herrscht ass nawell schwéier virstellbar.

Ech erënnere mech gären un eng zimlech prägend Situatioun. Beim Spill F91 Diddeleng géint Fola Esch vru kuerzer Zäit hu véier Jonker vun der Doyenne e Bengalo gezünt. Sie stoungen alleng uewen op de Gradin, 20 Meter keen aneren ze gesinn. Op e bemole rifft eng Persoun déi net weit vu mir ewech sungs : “Kuckt äerch dat un ! Firwat mécht d’Police näischt ?” . D’Polizisten haten sech dat Ganzt vu wäitem ugekuckt a wei se gesinn hunn dat de Jong d’Fackel nom Ausbrennen op en eidelen Deel vun de Gradin geluecht huet, hunn se dat a mengen Aen eenzeg Richteges gemeet, se hunn se a Rou gelooss.

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.