Meng éischte Kéier… un autunno lussemburghese

d’Redaktioun vun Huelse.lu notzt déi gezwonge Paus, déi d’ganz Welt duerch d’CoVid-19 Pandemie trëfft, fir eng kléng Serie ze starten. Bei “Meng éischte Kéier” erzielen iech ons Blogger wéie Match se vun de Roude Léiwen als éischt am Josy Barthel gesinn hunn. Mir wëllen domadder net nëmmen iech eppes an der fussballarmer Zäit bidde mä och dem Stade Josy Barthel eng kléng Éier erweisen.

Un’autunno lussemburghese

Fir mech war 1990 e Schlësseljoer a menger Bezéiung zum Fussball. Ech war deemools 8 Joer jonk, säit gewësser Zäit spillen ech bei der Stade Diddeleng a gi Sonndes mat der Famill d’éischt Ekipp an de Stade Aloyse Meyer an auswäerts kucken. Fussball fänkt un eng bedeitend Platz a mengem Liewen anzehuelen an entdecken de ganze Spaass deen déi schéinsten Niewesaach vun der Welt mat sech bréngt. D’Cola an d’Chipsen nom gespilltem oder beim Kucke vum Match hunn natierlech och hieren Effet.

Am Fréijoer 1990 ass mäin Interessi um Fussball nach méi grouss ginn, dat éischt grouss Turnéier wat ech wouerhuele stoung vrun der Dier. Am Schoulhaff an op der Spillplaz ginn d’Equippen no der Virléift vun der Zäit gemaach, et gëtt meeschtens Däitschland géint Argentinien gespillt, Matthäus vs. Maradona, déi zwee gréisste Stars bei de Kanner. Ech bieedele meng Famill un mir den offizielle WM Ball ze kafen, den Etrusco unico war dat Bescht wat een deemools engem Fussballsgéck a mengem Alter kafe konnt, sammelen natierlech de Panini Album a konnt et net erwaarden déi beschten Nationalequippen mat hire Starspiller um Turnéier z’entdecken.

Am Summer 1990 war et dunn esou wäit, “un’estate italiana” vu Bennato an Nannini an “Azzuro” vun den Toten Hosen leeft um Radio, ech kucken esouvill Matcher et geet, doheem an der Stuff, am belschen Internat oder an der Vakanz op der Dierbech (deemools huet een och Vakanz doheem gemaach). De Roger Milla danzt beim Cornerfändel, den onbekannte Salvatore “Toto” Schillaci schéisst Goaler en Masse, England verléiert an Eelefmeterschéissen, den Andy Brehme trëfft vum Punkt, de Franz Beckenbauer trëppelt aleng um Terrain zu Roum. Ech léieren dat eng Final net schéi muss si an Däitschland ass Weltmeeschter !

A genee dee Weltmeeschter ass am Oktober vum selwechtem Joer Gaascht zu Lëtzebuerg. Am Kader vun der EM-Qualifikatioun 1992 kënnt der Weltmeister an de Stade Josy Barthel fir géint déi kléng Lëtzebuerger ze spillen. D’ganzt Land freet sech op déi Partie, et ass déi éischte Kéier dat e frëschgebakene Weltmeeschter op Lëtzebuerg trefft.

Ech hatt deemools d’Chance dat mäin Veräin, d’Stade, e puer Spiller mat op dee Match huele konnt. Genee wéi meng Erënnerung un Italia’90 ass och meng visuell Erënnerung un de Match een eenzege Mosaik u kognitive Brochstécker. Wann ech iech erziele géif dat ech mech un iergendeen Spillzuch oder e Goal erënneren, da wier et gelunn. Wei trivial mäi Kapp fonktionnéiert mierkt een u folgend Erënnerungen:

Ech weess nach dat mir hannert engem Goal Plaz geholl hatten, dat mir doriwwer debattéiert hunn op et méiglech wier de Bodo Illgner mat engem vun onsen Äppel ze treffen ( oder war et eng aner Fruucht…), dat déi däitsch Supporter nom Match e Grill ëmgehäit hunn an dat meng Grousseltere ganz frou waren dat mir näischt zougestouss war an dat se op ons kléng Nationalekipp ganz houfreg waren. Ons Jongen hätte bal gläich géint de Weltmeeschter gespillt. Nëmmen 2-3 verluer, onméiglech an de Weltmeeschter an Nopper bis op d’Knache blamméiert.

Ech hunn 1990 och geléiert dat eng Néierlag eppes Schéines kann hunn.

Wourunner ech mech nach ganz gutt erënnere kann, sinn déi Gespréicher déi ech mat menge Matspiller hat déi léiwer zu Däitschland wéi zu de Roude Léiwe gehalen hunn. Ech weess nach wéi se sech gefreet hu wéi dem Berti Vogts seng 11 d’Goaler geschoss huet a wéi et mech geiergert huet dat se sech freeën. Ech ka mech awer och nach ganz gutt dodrunner erënnere wéi d’Stëmmung am Josy Barthel gekippt ass a wéi d’Hoffnung op e positivt Resultat op eemol an de Lëtzebuerger Réien opkomm ass. Obwuel mäi Gehir wéineg Biller vum Match gespäichert huet, schenkt et mir nach ëmmer déi Gefillsaachterbunn déi ech op deem Owend duerchgemaach hunn. Fussball war ob eng Kéier méi wéi nëmme Goaler, Spillzig, Tricker a Cola a Chips’en.

« Quel sogno che comincia da bambino
E che ti porta sempre più lontano
Non è una favola, e dagli spogliatoi
Escono i ragazzi e siamo noi
 »

Nom 31 Oktober 1990 huet sech an der Schoulpaus fir mech d’Fro net méi gestallt op ech am Team Maradona oder Matthäus wier, meng Helden waren Hellers, Langers a Birsens. Ech si jo e Roude Léiw.

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.