Mam Duerchbroch zu Stammspiller an hire respektive Veräiner hunn ons dräi Profien, Gerson, Mutsch a Joachim natierlech och eng gewësse Popularitéit erreecht. Wéieen Spiller méi Trikot’en verkaf huet a ween déi Meescht Likes op Facebook krut kennt dir hei liesen.
Huel Se! erklärt iech wéi dir un d’Trikot’en kommt a weivill dir spueren musst:
Mario Mutsch : den FC ST GALLEN huet en online shop. Präis mat Porto a Verpackung : 140 Franke wat ëmgerechent 114,85 Euro mécht.
Lars Gerson : Och den IFK NÖRRKOPING huet en online Shop. Leider liwweren se nëmmen a Schweden. Vu dat momentan d’Saison eriwwer ass si just nach déi al Modeller disponibel an dat a Kannergréissten. Präis ouni Flocage a Schweden geliwwert an als Kannergreisst ëm déi 700 Krounen, wat ongeféier 82 Euro ausmaachen. Falls mir en anere Wee fannen gi mir iech natierlech Bescheed.
Aurélien Joachim : Op der Willem II-Säit gëtt en, wann een op den Online Shop dréckt, op e groussen holläneschen Internet Fussball Shop weidergeleet. Do kann een sech eng Réi Supporter Artikel kafen awer keen Trikot. Dir musst der Marketingchefin, Paulien Heerius, eng Mail ( paulien.heerius@willem-ii.nl ) mat der gewënschter Gréisst, Modell, Unzuel, Flocage a är Donnée schécken. Präis vum Trikot 49,95 Euro , de personaliséierte Flocage kascht der 15 an d’ Verschécke kascht och ëm déi 15. Also en Total vun ongeféier 80 Euro.
Oder dir kaft ierch d’Trikot’en bei engem Besuch op engem vun ieren Fussballsmatscher.
//www.boutique-fcmetz.com/maillot-grenat-2012
Hei kritt dir den aktuellen Trikot vum FC Metz. De Chris Phillips ass nach net gelescht.
Fir de Maurice Deville :
Neunkircher Straße 52-54
66583 Spiesen-Elversberg
Tel.: 06821/742759
Fax.: 06821/742757
Mail: fanshop@sv07elversberg.de
Op een do Trikot’en kritt kann ech net mat Sécherheet soen