Sinani Doublé !

Gerson Rodrigues freet sech mam Danel Sinani

D‘Lëtzebuerger Nationalequipe gewënnt duerch e Doublé vum Danel Sinani mat 2-0 géint Zypern a bléift domadder am Rennen fir d‘Éischt Platz vu senger Nations League Grupp.

Dobäi hunn d’Roude Léiwen nëmmen 45, ganz gutt, Minutte gebraucht fir de finale Score z‘ereechen. An der éischter Halschent ware nämlech dem Luc Holtz seng Männer Här a Meeschter iwwert de Ball an hu sech déi beschte Goalchance erausgespillt. D‘Zyprioten koume zu puer Hallefchancen mä déi dominant Roud Léiwen hunn duerch zwee Goaler vum Danel Sinani Effiziens bewissen. Wann en der Equipe ëppes an dëser Saison virgehéie konnt dann hier Chanceverwertung, dëst war um Samsden awer net de Fall. Kuerz virun der Paus hatt et nach ee Mol gerabbelt wei de Sinani de Ball vun der Strofraumgrenz erageschoss hatt mä leider hu Carlson a Rodrigues, an Abseitspositioun, dem Keeper d‘Vue gesperrt.

An der zweeter Halschent konnten dunn d‘Gäscht zu besser Goalchancen kommen well ons Roud Léiwen, gestärkt duerch déi 2-0 Féierung, e puer Gäng zeréckgeschallt hunn. D‘Zyprioten konnten de geféierlechen Uschlossgoal, trotz ganz gudden Chancen, net maachen an esou konnten déi dräi Punkten um Lëtzebuerger Konto bleiwwen.
Den Dënschden am Topspill geint den Tabelleleader Montenegro däerfen ons Léiwen awer keng esou Noléissegkeeten zouloossen wa se op d’Tabellespëtz wëllen.

Bäschte Spiller an de Lëtzebuerger Réihen waren nieft dem Doublé-Scorer Sinani den Selimovic (dee leider verlëzungsbedénkt an der zweeter Halschent ersusgeholl huet misse ginn), säin Innenvertéidegerpartner de Lars Gerson an den Dirk Carlson.
Erauszehiewen ass och d‘Leeschtung vum Mica Pinto. De quirlegen an aggressiven gebiertegen Dikkrecher huet geint Zypern reischt säin zweeten Lännermatch gespillt mä säin Zesummespill mam Dirk Carlson op der lénkser Säit wierkt wei wa se schonn éiweg bestoë géif.

Gutt Besserung Dave

Während dem Match hunn d‘Supporter vum M-Block an de Compadres Tridefa mat verschiedenen Aktiounen dem Dave Turpel eng gutt Besserung gewënscht. Sief et mat Banner, Wiesselgesang oder d‘Ustëmmen vun Dave Turpel-Lidder, während den 90‘ war de sympathësche Stiermer, dee leider läscht Woch en Autosaccident hatt, een Thema.

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.