Néierlag am Testmatch

D’Lëtzebuerger Nationalequipe verléiert mat 1-0 géint de Katar. Am Testmatch virun de Qualifikatiounsmatcher an Irland a géint Portugal huet de Nationaltrainer besonnesch deene Spiller Spillzäit geschenkt déi an der lescht net vill gespillt hunn. 

D’Rout Léiwen hate 15 Minutte gebraucht fir an de Match ze kommen. Domm dat et eng Verletzung vum Mica Pinto, den 1-0 duerch de Muntari no enger Boulette vum Lars Gerson an eng Weltklass Parade vum Moris gebraucht huet. An de restlechen 30 Minutte waren d’Lëtzebuerger déi spillbestëmmend Equipe. De Ball ass ëmmer nees gutt gelaf a besonnesch geféierlech ass et gi wa Bohnert a Jans fräigespillt goufen an de Ball virun de Goal bruet hunn. Leider huet dann entweder Präsens oder dat néidegt Gléck gefeelt. Symptomatesch war de Lattekracher no Kappball vum Deville. Kuerz drop huet de Lars Gerson e geféierleche Fräistouss vum lénkse Strofraumeck erabruecht deen awer keen entscheedend oflenke konnt.  
Eng aner gutt Chance hatt de beschte Lëtzebuerger vum Owend. De Sébastien Thill mat engem Flatterball den de Keeper net ze packe krut a de Ball ofpralle gelooss huet. Den Edvin Muratovic konnt uschléissend d'”passe en retrait” vum Marvin Martins leider net verwäerten. 

Déi zweet Hallschent hunn d’Lëtzebuerger ganz staark ugefaangen an hunn d’Katari eng 20 Minutten an hirer eegener Hallschent gefange gehalen. De Ball war ganz a Besëtz vun de Lëtzebuerger mä wéi esou oft an de leschte Méint konnten dem Luc Holtz seng Männer kee Kredit dorausser schloen. Trotz der spillerescher Dominanz kruten ons Jongen et net fäerdeg d’Offensivakteuren esou a Seen ze setzen dat mir eng Grousschance erausgespillt hätten. Leider!

E klenge Grond ze féiere gouf et trotzdeem. Den Eldin Dzogovic konnt seng Première am Dress vun de roude Léiwe féieren. De Spiller vum FC Magdeburg huet de Kapitän Laurent Jans ersat. 

Lëtzebuerg hatt de Ball an d’Katari konnte bei 3 Aktioune brandgeféierlech zum Ofschloss kommen. Bei enger vun den Aktiounen hat de Pedro Miguel d’Latte vum Moris senger Këscht zum wackele bréngen. 
An der méi hektescher Schlussphas huet de Skenderovic mat giel-rout vum Terrain missen sou dat d’Lëtzebuerger déi lescht Minutten zu 10 versicht hunn op mannst e Goal ze schéissen. 

Fir de Nationaltrainer bléift bis e Samschden nach vill Aarbecht. Nieft der Harmlosegkeet am leschten Drëttel si vill ongewinnten Ofstëmmungsfeeler an der Defensiv opgefall. Den defensiv Block bei Ballverloscht huet vill ze laang gebraucht fir sech ze forméieren. Besonnesch déi lénks Ofwiersäit wou de Marvin Martins, dee relativ schnell am Match de verletzte Mica Pinto huet missen ersetzen, keng Repère fonnt huet. Ënnerstëtzt gouf hien an der Verdeedegung vill ze seele vum Florian Bohnert. Et gëllt déi Ofstëmmungsfeeler an der Ofwier ze behiewen a vir déi richteg Iddien ze fanne fir e positiivt Resultat vun der grénger Insel mat Heem ze bréngen.  

Raym

Gebuer 1982, ee Fussball als Häerz an 'Hir

Learn More →

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.